DE GUDDEN TOUN Der Dout!

Den Doud ka vill Gesiichter hunn. Fir déi eng kann et eng Erléisung sinn, fir déi aner e reegelrechten Albdram. An dëser Mee-Editioun vun De Gudden Toun hunn d'Invitéë sech op d'Theema Dout agelooss, an hire ganz perséinlechen Andréck fräie Laf gelooss. Ob mir als Nolauschterer dobäi awer méi iwwer "Der Dout", dësen dach éischter onheemleche Patréiner gewuer ginn, ass nach eng aner Fro.

Claude Faber / cbi

De Gudden Toun-Mee: Der Dout

Dës Kéier mat dobäi, der Rei no, wéi se optrieden: Fabienne Elaine Hollwege, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Gast Groeber, Jeff Schinker a Claire Thill. Konzept a Regie: Claude Faber.

Den Doud huet vill Gesiichter.

Heiansdo wäert hie sech heemlech an d'Täsch laachen, wann den Doud gesäit, wéi mir Mënschen iwwer hien (no)denken, an, jee no Bezéiung mat him, entweder haart laachen oder ganz melancholesch an eis era sacken.

Dertëschent ginn et awer bestëmmt nach eng jett aner Manéieren, fir sech mam Doud auseneen ze setzen. D'Invitéë vun der Mee-Editioun vun De Gudden Toun hëllefen op d'Spréng. Si versichen et op d'mannst.

Fabienne Elaine Hollwege

D'Fabienne huet sech carrement an d'Haut vum Doud era versat, a presentéiert deem seng Säit vun der Medaile.

"Und dann diese wundervollen Iddeen der Menschen, ihre Immunssysteme successive zu schwächen. Der Homo Spiens des Westens, verfettet, überernährt, bequem, faul, Diabetes, andere Krankheiten, die sich breit machen, keine frische Luft, keine körperliche Betätigung, Medikamente mit unzähligen Nebenwirkungen... Aaaah, dat ass esou e liicht Spill fir mech!"

Lauschteren

Ian De Toffoli

De Ian huet sech Gedanke gemaach, wéi et wuel op sengem eegene Begriefnes wäert sinn. Hien hofft op alle Fall, datt net getrauert, ma gefeiert gëtt.

"Fir mech wäerten et keng Klacke ginn, mee Musek a Lidder. Ech wëll, datt d'Caféen deen Dag an déi Nuecht riicht duerch op sinn. Ech wëll, datt a groussen Äisfässer d'Béierbéchsen an d'Schampesfläsche kal leien. Ech wëll, datt et iwwerall Stroossebude ginn mat Häppecher fir z'iessen... Sou wéi ech dat gär hat, mäi Liewe laang!"

Lauschteren

Raoul Biltgen

De Raoul ass schonn dout a freet sech a sengem Lidd, ob et iwwerhaapt nach e Wäert huet, nees lieweg ze ginn.

"Ich bin tot, mausetot, ich faule vor mich hin.

Ich bin tot, mausetot, ja das bin ich, der hier so stinkt.

Ich bin tot, mausetot, und seitdem ich nicht mehr bin,

Bin ich tot, mausetot, das Leben macht wieder Sinn!"

Lauschteren

Gast Groeber

De Gast, wien hätt dat geduecht, huet sech als dem Dout säi Reesender virgestallt a sech gewonnert, wéi staark dach Lëtzebuerg sech op den Doud schonn agelooss huet.

"An déi Dout-Bréck wollt ech och gesinn. Ech hat mech scho gefrot, firwat déi sou géif heeschen? Dach sécher net, well se fréier vun esou ville Suicidaire benotzt gouf? Wéi ech dunn awer och nach ënner der Bréck dee Weenche gesinn hunn hänken, mat deem grousse Slogan "Let's make it happen", war ech schockéiert."

Lauschteren

Jeff Schinker

De Jeff mécht sech Gedanken doriwwer, wéi eis de Coronavirus an déi domat verbonnen Angscht, zu all Moment stierwen ze kënnen, dach dozou bruecht huet, anescht iwwer den Dout nozedenken.

"Den Doud, deen zu Lëtzebuerg ëmmer nees ënner den Teppech gekiert gouf, ass zanter engem décke Joer wéi aus der Vergiessenheet opgedaucht. No der genereller Amnesie, déi engem erlaabt huet vermësst Familljenugehéireger an den Altersheemer vermuuschten ze loossen, huet seng eng Well vu solipsistescher Hypochondrie iwwert eis Land breet gemaach."

Lauschteren

Claire Thill

D'Claire plot sech schonn eng gewëssen Zäit laang mat ganz makaberen Albdreem, an deene hat ëmmer nees stierft. Seng aacht Top-Zeenarien gëtt et hei zum Beschten.

"Zeenario 8: Deen hunn ech schonn e puer Mol gedreemt. Ech leien am Spidol un enger Beotmungsmaschinn. Déi soll demnächst ausgeschalt ginn. Fir déi Optioun géif ech mir natierlech wënschen, dass ech esou mat Morphium zougedröönt wier, dass ech einfach nëmmen do leien an dreemen."

Lauschteren

An der Mediathéik:

De Gudden Toun / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

DE-GUDDEN-TOUN
De Gudden Toun

Op Vältesdag, sou gelungen dat och ass, mécht sech dann eng reng Männer-Ekipp De Gudden Toun streideg. Theema ass: "Me, Myself and I! Wat dir nach ëmmer iwwer Männer wësse wollt."

De Gudden Toun.jpg
Satire

An enger klenger Ronn vun ausgewielte Gäscht, a bannent enger Stonn, gräift De Gudden Toun méi oder manner aktuell Theemen op a pléckt se aus ganz verschiddene Perspektiven auserneen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen