CinEast 2016 Den Ulrich Matthes iwwer "Exiled"

Am Kader vum CinEast Festival 2016 gouf dem lettesche Realisateur Davis Simanis säi Psycho-Drama "Exiled" gewisen. An der Haaptroll, den däitschen Acteur Ulrich Matthes, deen en däitschen Dokter an enger lettescher Klinik am Éischte Weltkrich spillt. Et ass e Film, dee mat vill Humanismus an Empathie eng aner Säit vum Krich weist. Den Ulrich Matthes hat sech fir de radio 100,7 Zäit geholl fir iwwert de Film ze schwätzen.

Jean Claude Majerus / cwi

Ulrich Matthes
Den Ulrich Matthes am 100,7-Interview

Den Ulrich Matthes spillt am lettesche Regisseur Davis Simanis sengem Film "Exiled" en däitsche Chirurg, dee während dem Éischte Weltkrich e Sanatorium a Lettland iwwerhëlt. Déi Däitsch waren deemols zimlech staark an de baltesche Länner vertrueden, deels gouf do esou guer däitsch geschwat.

Et ass e Sanatorium fir Krichblesséierter, fir deen den däitschen Dokter am Film d'Responsabilitéit soll iwwerhuelen. D'Patiente si Mënschen, déi kierperlech a psychesch extrem traumatiséiert sinn. Onverhofft gëtt och e Jong ageliwwert, deem seng Mamm am Krich vun Zaldote vergewaltegt an ëmbruecht gouf. De Dokter bekëmmert sech ëm deen traumatiséierte Bouf, a probéiert hien nees un d'Schwätzen ze kréien. Hie versicht, am Chaos vum Krich fir de Jong e Mikrokosmos vu Mënschlechkeet op ze bauen.

De Film a seng Thematik hätten e grousse Bezuch zur Aktualitéit, virun allem am Bezuch op déi aktuell weltpolitesch Situatioun, esou, den Urlich Matthes. An do kéint een net nëmmen u Syrien an all déi aner Flüchtlingen a ganz Europa denken - op der ganzer Welt wieren hautdesdaags Millioune vu Mënschen op der Flucht.

Eng nei Erfahrung fir den Ulrich Matthes

"Exiled" wier e Film, deen dem Ulrich Matthes a senger scho laanger Karriär nei Weeër gewisen huet, erzielt den Acteur. Éischtens hätt et hien tentéiert a Lettland, mat engem lettesche Regisseur a mat enger lettescher Equipe ze schaffen. "Wéini kënnt ee schonn emol als "Autonormalverbraucher" zwee Méint a Lettland fir op der rauer Ostséi-Küst, oder zu Riga zu dréinen." Dernieft wier "Exiled" och e rouegen, intimen an introvertéierte Film.

Mee och um Niveau vun der Sprooch wier dëse Film eng Erausfuerderung fir den däitschen Acteur gewiescht. Hie schwätzt am Film däitsch an awer och lettesch. Den Ulrich Matthes huet de letteschen Text fir de Film misse léieren an huet seng lettesch Textpassagen ëmmer erëm geüübt. De Regisseur Davis Simanis hätt dem Ulrich Matthes no gewollt, datt de Schauspiller och als Däitschen e perfekte letteschen Toun op den Ecran géif bréngen. Säin Éiergäiz wier op alle Fall stimuléiert ginn, seet den däitschen Acteur, "well ech nawell en Talent hunn fir auslänneschen Dialekter no ze maachen, huet et mir awer och Spaass gemaach."

Den éischte Weltkrich dierf net vergiess ginn

Et war fir den däitschen Acteur wichteg, datt an "Exiled" den Éischte Weltkrich thematiséiert gëtt. Dee wier nämlech a Lettland am Gaange vergiess ze gesinn. An eise Géigenden wier dat awer anescht, virun allem duerch Proximitéit zu Verdun. A genee doriwwer huet de Ulrich Matthes sech viru kuerzem nach mam däitsche Cineast Volker Schlöndorff ënnerhalen.

De Schlöndorff hat fir d'Festivitéite vun 100 Joer Schluecht vu Verdun a Präsenz vun der Kanzlerin Angela Merkel an dem franséische President François Hollande e Projet mat 4000 Jugendlechen zu Verdun inszénéiert. Den Ulrich Matthes erzielt, de Schlöndorff hätt gewollt, datt keng Politiker géifr schwätzen, mee d'Bundeskanzleramt an den Élysée hätten awer net matgespillt. Fir den Ulrich Matthes ass Verdun e fuerchtbare Sujet, wann ee bedenkt wéi si deemools méintelaang d'Front ëm e puer honnert Meter verréckelt hätten. De Ulrich Matthes huet dofir just dës Wierder: "Der Wahnsinn, der absolute Wahnsinn!"


Den däitschen Acteur Ulrich Matthes war am Kader vum CinEast Festival zu Lëtzebuerg fir de Psycho-Drama "Exiled" vum lettesche Realisateur Davis Simanis ze presentéieren.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Andrzej Wajda
CinEast 2016

De CinEast-Festival dediéiert dem polneschen Cineast Andrzej Wajda eng Retrospektiv. Si war fir säi Gebeurtsdag geduecht. Elo ass si awer posthum, de Cineast ass während dem Festival verstuerwen.

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen