Zäitgenëssesch Konscht D'Zukunft vun der Skulptur fänkt haut un

Monumental, statesch, lues: Wiem dës Adjektiver am Zesummenhang mat Skulpturen afalen, war nach keng Ausstellung vum Tony Cragg kucken. Dat kann - a sollt - een elo am Mudam nohuelen, wou Wierker vum gebiertege Liverpooler ausgestallt ginn.

Kerstin Thalau / po

Tony Cragg a Skulptur
(Foto: © Christian Aschman / Mudam Luxembourg)

"D'Science gëtt eis e Bild vun der Realitéit, mee si bedeit guer näischt ouni d'Konscht!", sou dem Sculpteur Tony Cragg seng Iwwerzeegung. Mir missten nees vill méi Vertrauen an eis perséinlech Emotiounen hunn a manner op komplizéiert wëssenschaftlech Analyse bauen.

Emotiounen amplaz Wëssenschaft

De Fils vun engem Elektroingenieur ass als Kand vill geplënnert. Hie war op siwe verschiddene Schoulen, an huet Zougank a virun allem Kontinuitéit an der Mathematik a Physik fonnt, manner a Sprooch oder Geschicht. No der Première huet hien eng Offer fir eng Ausbildung an engem Fuerschungslabo ugeholl.

Wëssenschaft, d'Technik an d'Rationalitéit stoungen an de 60er fir d'Zukunft. Dat war uganks spannend an interessant fir de jonke Cragg. Mee hien huet séier realiséiert, datt doraus en Dogma gemaach gouf. Also huet hie sech fir déi Branche decidéiert, déi komplett sënnlos, ekonomesch ouni Zil ënnerwee war, an déi sech op d'Emotiounen, also dat fundamentaalt vum Mënsch konzentréiert: D'Konscht.

Den Tony Cragg beschreift seng Ufankszäiten als relativ paradisesch. An de 70er wiere si all Idealiste gewiescht an hätte sech awer all verwierkleche kënnen, vläicht well si net esou zu enger Hickecht gewiescht wieren.

Eng politesch Konscht

Trotzdem huet hien d'Gefill, datt d'Zukunft vun der Skulptur haut grad eréischt ugefaangen huet. Ebe well hir Positioun eng radikal politesch ass. D'Konscht erlaabt, e Material a seng Méiglechkeeten, seng Natur besser kennen ze léieren, an net just dat unzehuelen, wat d'Industrie, respektiv d'Politik, eis proposéiert a verkeeft.

"D'Material u sech läit einfach um Buedem. Et muss een et als éischt Mol ophiewen. Et muss een d'Material sichen. Dat héiert sech no Onrou un - a jo sou sinn ech. An et iwwerrascht mech, datt net jiddereen esou ass. Wann ech eng Decisioun muss huelen, da changéiere meng Meenungen a mengem Kapp. Hin an hier, hin an hier ... stänneg op der Sich no engem Wee. An d'Konscht ass ee bestëmmte Wee."

D'Banneliewe vum Material, seng Dynamik vu bannen no bausse kéieren, enger Surface, enger Statik net trauen: Deem huet sech den Tony Cragg verschriwwen. Op aus Holz, Bronze, Fiberglas sculptéiert, oder aus fonnten Objeten zesummegesat - wann een dem Sculpteur seng monumental, zäitlos Aarbechte kuckt, kann engem bal dronke ginn. Et spiert een Energie, d'Kraaft vun Intuitiounen.

Sech iwwert dem Schaffe permanent a Fro stellen, nei Decisiounen treffen, gezwonge sinn, d'Astellung zu engem Wierk an engem Stéck ze changéieren: Dat alles gehéiert zum Tony Cragg sengem kënschtleresche Virwëtz. Hie gesäit sech als eng Aart Alpinist. Hie geet optimal preparéiert u seng Aarbecht erun, mee wann hie bis am Gaangen ass, weess hien net, wat hannert der nächster Kéier läit oder geschitt.

(Foto: © Scheerp)

Vill ënnerwee, zu Wuppertal kreativ

Den Tony Cragg war Invité op alle grousse Konschtausstellungen. Bis 2013 war hien de Recteur vun der renomméierter Konschtakademie vun Düsseldorf. Hien ass op Konschthéichschoulen zu London an zu Berlin aktiv.

Säin Atelier a säi Wunnsëtz huet de britesche Sculpteur awer zanter iwwer 30 Joer zu Wuppertal. Hei huet de Cragg och 2006 de 15 Hektar grousse wëlle Park ronderëm d'Villa Waldfrieden, en architektonescht Glanzwierk, iwwerholl. Hei huet hien der Skulptur an hire wichtege Vertrieder eng Plattform ginn.

Alles muss eraus: Den Tony Cragg ass frou, wa Konscht, also och seng eegen, esouvill et geet no bausse gedroe gëtt, also wéi elo grad am Mudam gewise gëtt. Mee hie selwer bleift am léifsten diskret am Hannergrond, ënnert senger Surface souzesoen? "Dat wat ech maache geschitt am Atelier. Do sinn ech am léifsten, wann ech éierlech sinn", seet de Sculpteur dozou.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank-Thorsten Moll
Zäitgenëssesch Konscht

Den Ikob, de Musée fir zäitgenëssesch Konscht huet en neien Direkter. De Frank-Thorsten Moll iwwert d'Roll vun der zäitgenëssescher Konscht an enger Gesellschaft déi vu Ressentimenter gepräägt ass.

Muliplica Talk
Digital Konscht

Maschinnen iwwerhuelen ëmmer méi eng wichteg Roll an eisem Liewen. Ass dat ee Grond fir beonrouegt ze sinn? Mat dëser Fro gouf sech beim Festival fir digital Konscht "Multiplica" beschäftegt.

Isle Landers - Darrin Zammit Lupi
Fotografie

Fir de maltesesche Fotograf Darrin Zammit Lupi si Flüchtlinge keng Zifferen, keng diffus Mass, oder Statistiken. Mee zanter knapps zéng Joer si si den Haaptsujet vu senger Fotografie.

Kent Iwemyr, It’s a long time since we picked some flowers , 2014
Molerei

"It’s not that damned easy!" heescht eng Ausstellung vum schwedesche Moler Kent Iwemyr. Seng figurativ Tableaue stellen op den éischte Bléck Mënschen an alldeegleche Situatiounen duer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen