Fotoprojet Den Armand Quetsch dréint dystopesch Kreeser

Viru knapps zéng Joer hat den Armand Quetsch mat enger éischter grousser Foto-Ausstellung am CNA vu sech schwätze gedoen. "Nickla" war en Hommage u säin 89 Joer ale belsche Groussmonni, deem seng Geschicht hie mat Fotoe vum Interieur vum Haus dokumentéiert huet. Elo ass den Armand Quetsch mat enger neier spannender Expo am Centre national de l'audiovisuel: "Dystopian circles" beschreift seng Odyssee duerch e gerëselt Europa.

Kerstin Thalau / nw

foto a quetsch.JPG
Den Armand Quetsch a senger Ausstellung

Et gi Sujeten, déi si sou grouss, datt een net laanscht se kënnt an datt si een net méi lassloossen. Dem Armand Quetsch ass et esou gaangen. Finanz- a Migratiounskris waren den Ausléiser, fir datt hie sech mat der Kamera op de Wee gemaach huet. Geplangt war eng Rees vu Bréissel, dem politeschen Epizenter vun Europa, bis op Lampedusa. Déi italienesch Insel ass Synonym fir Flüchtlingsproblematik ginn.

Portraite ginn engem Migrant net gerecht

Mä ënnerwee huet dem Fotograf säi Bléck sech am europäesche Paysage verfaangen. Him sinn d'Tensiounen an de Malaise vu senger Zäit bewosst ginn. "Déi Fro vun der Identitéit vun de Refugiéeën oder vu Migranten ass fir mech eng wichteg Fro ginn, wéi ech an Italien ënnerwee war. Well ech net mat Portraite vu Migrante schaffen." Hie wéilt d'Mënschen net op hire Statut als Migrant reduzéieren, seet den Armand Quetsch. Am Generelle géife Portraite just eng Surface duerstellen, an net de Mënsch.

Sech selwer e Bild vun der Realitéit maachen

Aus engem Deplacement vu Bréissel op Lampedusa ass eng Zickzack-Odyssee entstanen. Den Armand Quetsch huet "Dystopian circles" gedréint an tëscht 2004 an 2016 "Fragments...all Along" gesammelt. Sou fragmentéiert ass och den Titel vun der Expo am CNA. Tëscht 2004 an 2016 wier de Fotograf regelméisseg bis zu sechs Woche laang, gréisstendeels eleng, gereest. Déi Solitude géif een och a senge Biller erëmfannen a spieren.

Hien hätt éischter eng perséinlech Konfrontatioun mat verschiddene Plaze gesicht, sou den Armand Quetsch. "D'Wourecht ass sou ee strapazéiert Wuert. Mä d'Realitéit ass grad sou strapazéiert. An déi ze gesinn, sech selwer e Bild maachen, dat ass scho ganz wichteg."

D'Equipe vum CNA impressionnéiert

Dowéinst huet de Fotograf decidéiert, mat allerlee Wourechten a Realitéiten ze spillen. Hien huet Biller agefaangen, déi aner Message vermëttelen, wéi d'Mënschefrëndlechkeet vun der EU. Geschichtlech Monumenter, déi net méi neutral wierken: An enger Stad an Ungarn, wou eng Moschee als Kierch ëmgewandelt gouf, an en Hallefmound vun engem Kräiz duerchstach gouf, gesäit hien eng Symbolik mat latenter Gewalt.

D'CNA-Equipe war vun der Aarbecht vum Fotograf sou impressionnéiert, datt si dem Armand Quetsch direkt hir zwee Ausstellungssäll zur Verfügung gestallt huet. An hie krut d'Méiglechkeet, Fotopublikatiounen, déi hien impressionnéiert hunn, mat senger eegener "Dystopian"-Editioun, ze presentéieren.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Habana Vieja
Fotografie

...mat Fotoen aus de leschten 20 Joer. De Fotojournalist Yvon Lambert war op Kuba fir zäitlos Biller mat Heem ze bréngen. Seng Approche: D'Leit kenne léieren a weisen, ëm wat et hinne geet.

Isle Landers - Darrin Zammit Lupi
Fotografie

Fir de maltesesche Fotograf Darrin Zammit Lupi si Flüchtlinge keng Zifferen, keng diffus Mass, oder Statistiken. Mee zanter knapps zéng Joer si si den Haaptsujet vu senger Fotografie.

Radu Ciorniciuc - Away from Home
Fotografie

Op a Slowenien, Polen, Rumänien, oder ronderëm Tschernobyl: d'"Away From Home"-Fotografe versichen op Mënschen opmierksam ze maachen, déi un de Bord vun der Gesellschaft gerutscht sinn.

The Inner Circle vum Robert Wagner
Fotografie

Fir hire 5. Gebuertsdag huet de Cercle Cité eng Fotosausstellung zesummegestallt. Den Optrag u fënnef Kënschtler: Eng Fotoserie iwwer d'Themen "cercle" an "cité". Wéi hu si de Projet ëmgesat?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen