Konscht Delphine Munro nei Presidentin vum Casino

De Verwaltungsrot vum Casino – Forum d’art Contemporain - gouf erneiert a vergréissert. D’Delphine Munro vun der Europäescher Investitiounsbank gëtt nei Presidentin. Den Verwaltungsrot gouf vun fënnef op siwe Memberen erweidert.

Pierre Reyland

Exklusiv Casino-2016.jpg
Foto: benjamin loyauté studio / photo by Dylan Perrenoud

D'Delphine Munro ass Konschthistorikerin a geréiert der Europäescher Investitiounsbank hir Kollektioun vun zäitgenëssescher Konscht. Si iwwerhëlt d'Presidence vum Verwaltungsrot vum Paul Reiles.

De Conseil d’Administratioun vum Casino gouf vu fënnef op siwe Membere vergréissert. Wéi den Direkter vum Casino, Kevin Muhlen, eis sot, hätt een och wëlle Leit mat eranhuelen, déi net aus engem Ministère kommen. Nieft der Delphine Munro, vun der EBI, gouf dofir och d’Begga Sigurdardottir vun der Consulting Firma PwC mat an de Conseil geholl. Si wier passionéiert vu Konscht, seet de Kevin Muhlen. D’Begga Sigurdardottir hat och schonn d'Konschtgalerie Bergman Berglind zu Hollerech opgemaach.

Vun de fënnef Vertrieder aus de verschiddene Ministèrë sinn der just zwee aus dem ale Verwaltungsrot, déi bleiwen: D’Claudine Hemmer aus dem Kulturministère an de Jean-Marie Haensel aus dem Finanzministère.

Nei dobäi kommen aus dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère de Jean Leyder, Direkter vun de Bâtiments Publics, d’Anne Greiveldinger aus dem Staatsministère an d’Gosia Nowara, Conservatrice vum Nationalmusée.

Kevin Muhlen, artisteschen Direkter

Méi zum Thema

patti 1.jpg
Kultur

De Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean huet seng Dieren op dësem Samschdeg grouss opgemaach. Offiziell Rieden, mee och e kuerzen Optrëtt vun der amerikanescher Folk-Legend Patti Smith.

Casino-4.JPG
Géigewaartskonscht

No 11 Wochen huet de Casino Lëtzebuerg seng Dieren nees opgemaach. Gläichzäiteg gouf den 20. Gebuertsdag gefeiert. De radio 100,7 war live dobäi. Hei ass d'Emissioun nach eng Kéier integral.

20150613-nancy-braun-88-1024x683.jpg
Casino Lëtzebuerg

D'Nancy Braun iwwerhëlt den 1. Januar 2016 déi administrativ Direktioun vum Jo Kox. De Kevin Muhlen gëtt Generaldirekter

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen