Lidderowend Dein ist mein Herz, du Gans!

Borisowitsch a Jhang nennt sech den Duo Denis Ivanov a Jean Bermes. Et ass elo fir déi sechste Kéier, datt de russesche Pianist an de Lëtzebuerger Sänger déi klassesch Musek op hir eege Manéier interpretéieren. Dës Kéier sti klassesch Libeslidder um Programm am Kasemattentheater. "Dein ist mein Herz, du Gans" ass ënner der Regie vun der Ela Baumann entstanen.

Valerija Berdi / tt

274322764_1367076543764928_8286906547151369991_n.jpg
Foto: Kopla Bunz asbl

"Ja vas ljubil" - ech hat iech gär, ass e russescht Lidd an Deel vum Repertoire vum Duo Borisowitsch a Jhang. Wann dës Romanz awer enger Gäns gëllt, enger Gäns, déi an engem Rollstull sëtzt, well se bei engem gemeinsame Bad mam Jhang e klengen Accident hat, op der Bün schnaddert, mol beleidegt am Rollstull hien a hier rennt, mol ganz verléift mam Jhang am Duett séngt, da weess een, datt hei klassesch Musek op total absurden Humor trëfft.

Kee klassesche Lidderowend

Et ass elo déi sechste Kéier, datt den Duo Denis Ivanov um Piano an de Jean Bermes, Gesang mat hirem musikalesche Kënnen a kromme Witz de Publikum begeeschteren. Eng Inzenéierung ronderëm d'Léift fir dës Gäns, déi de Kënschtler Menny Olinger konzipéiert a realiséiert huet.

Wéi eng Witzer ronderëm eng Gäns gemaach ginn, muss hei net erläutert ginn. Datt déi Witzer och net immens héich fléien, ass zimmlech kloer, mee am Zesummespill mat russeschen, däitschen a franséische Lidder aus der Romantik, der Musek vun Tschaikovsky, Rachmaninov, Liszt a Strauss, dem Bermes senger impressionanter Bassbariton-Stëmm an dem perfekte Pianospill vum Denis Ivanov läit de Publikum flaach vu Laachen.

Déi zwee Kënschtler hunn eng beandrockend Bünepresenz an et geléngt hinnen all dëse Lidder iwwer d'Léift eng nei Bedeitung ze ginn. De Kitsch an den Drama ginn entschäerft andeems domat gespillt gëtt -op emol reent et virtuell Rousen oder dramatesch Film-Zeene ginn ageblennt. Der Schéinheet vun der Musek gëtt awer näischt ewech geholl.

Et kann ee wierklech net vun engem klassesche Lidderowend schwätzen, wann de Jean Bermes just nach am Slip an engem Schiertech der Pandemie eng nei Bedeitung gëtt, wann tëschent an zu all Stéck eng Geschicht erzielt a gespillt gëtt.

Op alle Fall ass dës Produktioun vun der Kopla Bunz asbl eng Geleeënheet en entspaanten, witzegen an awer usprochsvollen Owend ze genéissen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

The Blind Narcissist
Kreatioun vum Saeed Hani

A senger Kreatioun "The Blind Narcissist" beschäftegt sech de Choreograph an Dänzer Saeed Hani mat der Selbstverléiftheet an eiser Gesellschaft a wéi eng Konsequenzen domat verbonne sinn.

Kufa
Corona-Mesuren

Bal zwee Joer waren d'Kulturhaiser entweder ganz zou oder hu just mat Restriktioune Public dierfen empfänken. D'Corona-Mesurë si lo gréisstendeels wechgefall - ee Stuerm op d'Kulturhaiser ass et awer net ginn.

D'Brigitte Uhrhausen spillt d'Medea an der Adaptatioun vum Rafael David Kohn
Theaterkritik

Dem Euripides seng Tragedie "Medea" erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi hir Kanner ëmbréngt. Den Theaterklassiker ass vum Regisseur Rafael David Kohn nei an Zeen gesat ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen