Podcast Déi wonnerbar VaLibrairie

De "Bluttsëffer" an den "Ouereschlëffer" , déi zweedeeleg Familljesaga (Imprimerie Centrale) vum Jemp Schuster an e Gespréich mam Auteur ass wuel den Haaptplat vun der éischter Editioun vun dëser Literatursendung.

VaLibrairie
Hannergrond: Bigstock / Bajar

Dem Yorick Schmit seng Erzielung "Weeër a Spueren" (KremArt) gëtt och op de Proufstee geluecht a mir kucken, wat et soss nach vun neie Bicher um Lëtzebuerger Maart gëtt. International an national Nouvelle ronderëm d'Buch interesséieren ass och a mir stellen och beandrockend Literatur aus der Vergaangenheet vir.

D'Valerija Berdi huet haut d'Ekipp aus der Kulturredaktioun an de Studio invitéiert fir d'Welt vum Buch ze diskutéieren an ze kommentéieren.

An der Mediathéik:

VaLibrairie / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Yorick Schmit - Weeër a Spueren Buchkritik
Yorick Schmit - Weeër a Spueren

"Weeër a Spueren" heescht déi nei Publikatioun vum Yorick Schmit, déi elo an der Serie Timba bei Editions KremArt erauskomm ass. Et ass e Gang duerch de Familljebësch an Erënnerungen, déi mat dësem Stéck Natur verbonne sinn.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen