Literatur Déi schéi Säit vun Haiti

De Louis-Philippe Dalembert wëll e positiivt Bild vun Haiti a senge Leit zeechnen. Et misst een ophalen Haiti just mat negativen Attributer ze verbannen, seet den Auteur. An "Avant que les ombres s'effacent" thematiséiert hien d'Roll vun der haitianescher Regierung am Zweete Weltkrich.

Valerija Berdi / fk

Louis-Philippe Dalembert.JPG
Louis-Philippe Dalembert

De Louis-Philippe Dalembert gëtt 1962 zu Port-au-Price gebuer a wiisst a grousser Aarmut op. Säi Papp stierft kuerz no senger Gebuert. Seng Mamm, eng Léierin, muss baussent der Haaptstad schaffen. Den Dalembert lieft mat sengen Tattaen, Cousinen, der Schwëster an der Groussmamm zesummen.

No sengem Studium schafft hie fir d'éischt nach als Journalist op Haiti, ie hien op der Sorbonne an de vergläichende Literaturwëssenschaften een Doktorat mécht. Hei befaasst hie sech mam aussergewéinleche Schrëftsteller Alejo Carpentier.

Haiti am Zweete Weltkrich

Dëst Joer ass den haitianesche Schrëftsteller mam 'Prix du Livre France Bleu - Page des libraires' an dem néngte 'Prix Orange du livre' ausgezeechent ginn. Säi Wierk "Avant que les ombres s'effacent" erzielt e bedeitenden Deel vun der haitianescher Geschicht. Eng Zäit, déi de meeschten Europäer komplett onbekannt dierft sinn.

"1938 huet Haiti proposéiert fir 50.000 Judden opzehuelen. D'Amerikaner hu sech géint dës Propos gewiert, well se gefaart hunn, datt ënner de Flüchtlinge Spioune vum Geheimdéngscht vun der däitscher Arméi wieren. 1939 huet Haiti e Gesetzprojet ugeholl, deen d'Citoyennetéit fir all d'Judden offréiert huet."

Haiti hätt 1941 dem Hitler-Däitschland, grad wéi Japan an Italien de Krich erkläert, esou de Louis Philippe Dalembert. D'Land hätt säin Deel zu der Weltgeschicht bäigedroen. "Ech wollt dorop zréckkommen, fir op dat negatiivt Bild vun Haiti an de westleche Medien z'äntweren."

Déi aner Säite vun Haiti

Hie seet, hie kéint iwwer kee Roman schwätzen, och net iwwert een, deen inhaltlech näischt mat Haiti ze dinn huet, ouni datt een him Klischee-Froen iwwer d'Aarmut an d'Äerdbiewe géif stellen. Leit, déi sech net géife méi intensiv mat dësem Inselstaat beschäftegen, hätte just dat negatiivt Bild am Kapp. Dofir wier et him och wichteg gewiescht, déi aner Säite vun Haiti a sengem neie Roman ze weisen. Haiti wier zum Beispill dat Land, wat déi gréisste Revolutioun géint d'Sklaverei vum 19. Joerhonnert realiséiert hätt.

Extrait "Voyage"

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Christoph Hein
Literatur

De Christoph Hein schreift géint d'Vergiessen. A senge Romaner beschäftegt hie sech mat der DDR a mat totalitäre Systemer. Déi aktuell Situatioun an der Welt an an Europa wier "beonrouegend", mengt den Auteur.

Marcus Malte.JPG
Literatur

Mat senge "romans noirs" huet sech de Marcus Malte, alias Marc Matiniani, scho laang en Numm gemaach. Säi lescht Wierk "Le Garçon" erzielt eng ganz aner Geschicht. Interview mat engem douce Rebell.

Valerija Berdi
Literatur

Saint-Malo an der Bretagne ass den Zentrum fir engagéiert Literatur a Filmer – all Päischtweekend zënter 27 Joer. D’Valerija Berdi war um leschte “Festival étonnants voyageurs” a liwwert seng Andréck.

koltz.JPG
Literatur

Déi Lëtzebuerger Dichterin gouf zu Saint-Malo mam bedeitendste franséische Präis fir Poesie ausgezeechent. Belount gëtt d'Anise Koltz fir hiert Liewenswierk, dorënner "Somnambule du jour".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen