Gedenken Déi éischt Synagog zu Lëtzebuerg

Leschte Sonndeg gouf an der Stater rue de la Congrégatioun eng Plack ageweit, fir un déi éischt Synagog zu Lëtzebuerg ze erënneren. D'Gebai, dat 1821 kaaft ginn an 1823 als Synagog ageweit gi war, ass awer am 20. Joerhonnert ofgerappt ginn.

Frédéric Braun / tt

François Moyse
De François Moyse ass President vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah.

Wann an der Stad vun der aler Synagog riets geet, dann dierften deenen allermeeschte Biller vun der Synagog an der Ënneschtgaass an de Kapp kommen, déi bekanntlech 1942 op Uerder vun der Nazi-Besatzung ofgerappt gouf. Dës war awer net déi éischte Synagog - déi éischt Plaz war genau nieft dem haitege Sëtz vum Premierminister. An enger Annexe vum Hôtel de Bourgogne huet déi jiddesch Communautéit 1823 déi éischte Lëtzebuerger Synagog ageweit.

Rechter duerch d'franséisch Revolutioun

Firwat eigentlech esou spéit? De François Moyse, President vun der Fondation Luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah an donieft vun der Association Européenne pour la préservation et la promotion du patrimoine et de la culture juive, der AEPJ erkläert:

"Et ass eréischt duerch d'Franséisch Revolutioun datt am Fong d'Judden déi selwecht Rechter krute wéi déi aner Bierger, esou datt awer eng 20 Joer gedauert huet bis, lues a lues, géint 1810, eng Rei vu Judden sech etabléiert hunn a wou da, lues a lues, de Besoin ginn ass fir dann eng richteg Synagog ze hu fir d'Gottesdéngschter."

D'Gebai dat 1821 kaaft gi war, war allerdéngs méi al. Den Ursprong vun de Gebaier vun deenen hei riets geet ass bis an d'15. Joerhonnert eran dokumentéiert. Den Hôtel de Bourgogne selwer, obwuel iwwer d'Joerhonnerten ëmmer nees ëmgebaut, zielt zu den eelsten Haiser aus der Stad Lëtzebuerg. D'Bestëmmung vun dësem Gebai, dat der kathoulescher Kierch gehéiert huet, war also laang Zäit eng aner. De François Moyse:

"Dat huet engem Uerde vu Schwëstere gehéiert. Dat war e Gebai dat verkaaft ginn ass als Bien national, no der Revolutioun an dunn huet d'jiddesch Communautéit dat Gebai konnte kafen a bannen transforméiere fir dorausser eng Synagog ze maachen. Interessant ass, datt mer iwwerhaapt keng Foto hu vu baussen, fir kënnen ze illustréieren datt do e Gebai stoung, wat eng Synagog war."

Eng Synagog an der Ënneschtgaass vun 1895 un

1895 dann huet d'jiddesch Communautéit d'Gebai nees verkaf an ass an déi nei Synagog an der Ënneschtgaass geplënnert. Dat alt Gebai ass warscheinlech an de 70er Joren, wéi de Lëtzebuerger Staat den Ensembel vu Gebaier op dëser Plaz opkaaft huet, ofgerappt ginn.

Guer keng Trace huet dëst Gebai dann awer net hannerlooss:

"De Guido Oppenheim, de Lëtzebuerger Moler huet d'Synagog vu banne gemoolt. Deen Tableau gëtt et nach wéinst Reproduktiounen, esou datt mir déi mir op der Plack effektiv konnten déi Reproduktioun dropsetzen, esou datt ee gesäit wéi dat bannendran ausgesinn huet."

Dës Molerei vum Lëtzebuerger Moler Guido Oppenheim, deen 1942 am Alter vu 70 Joer am KZ Theresienstadt ëmbruecht ginn ass, weist en heemleche Raum, an dee Luucht duerch dräi zum Deel mat rout-blo-gréng a gielem Glas Fënstere mat Béi erafält an deen duerch e Lapislazuli-bloe Stärenhimmel um Plaffong ofgeronnt gëtt.

D'A fält op e griichescht Portal an der Mëtt vum Raum, dem Thoraschräin, deen op enger Insel am Sall ugeluecht ass a nieft deem eng Menorah an e Liespult stinn. Et gesäit een eng Bänk vun ënnen am Sall, wou traditionell d'Männer Plaz huelen an en Deel vum Balcon, wou tëscht Stéiluuchten d'Frae Plaz geholl hunn.

Mat der Plack gouf och een Itinéraire du Patrimoine juif ageweit, déi een per App kann zu Fouss an der Uewerstad entdecken.

An der Mediathéik:

Kultur / / Frédéric Braun
Lauschteren

Méi zum Thema

François Moyse
Consistoire israélite ënnerschreift Accord mam Staat

Wéi solle Judden, déi hei am Land gelieft hunn fir dee materielle Schued entschiedegt ginn, deen hinnen am Kader vum Holocaust entstanen ass? Déi Fro ass elo mat der Ënnerschrëft vun engem Accord gekläert ginn.

En Zuch Richtung Auschwitz
Zäithistoriker

Virun 79 Joer, de 7. November 1940, verléisst en Expulsiouns-Transport mat 300 Judde Lëtzebuerg a Richtung Lissabon. De Georges Buchle kuckt op d'Virgeschicht vun dëser Ausweisung.

Vincent Artuso
Jüddesch Spoliatiounen

D'Fro no de Spoliatioune vum jüddesche Besëtz gouf joerzéngtelaang ënner den Teppech gekiert. Den Dossier vum Léon W. illustréiert déi Tatsaach am beschten. En hëlleft och erauszefannen, wéi déif d'Collaboratioun am Kontext vun de Spoliatioune war.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen