B-Radio Décke Gas um gäile Goudron

Näischt ass dem Lëtzebuerger esou helleg wéi säin Auto. Hei héiert Dir alles - oder bal - wat een iwwer d'Welt vun de véier Rieder muss wëssen. Also: De Gurt ugemaach a lass geet et!

Michel Delage

B-Radio Décke Gas

Beim Theema "Auto" ka jidderee matschwätzen, mat gudden a schlechten Erënnerungen. Auto-Anekdote gëtt et wéi Sand um Mier. Bei dësem Episod vum B-Radio - deem leschte vun der Saison - loosse mer einfach emol de Moto ulafen, an da rullt et scho vum selwen!

Un dëser illustrer Experteronn bedeelegt waren dës Kéier: Michel Delage, Kerstin Thalau, Philippe Hansen a Pierre Reyland.

Inspiratiounsquelle fir dës Emissioun:

An der Mediathéik:

B-Radio / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Bradio Industrie.png
B-Radio

Zoumuddung fir d'Ëmwelt? Verschampeléierung vun der Landschaft? A wouhier ... D'Industriezone si Pärele vun eisem nationale Patrimoine! A mir vum B-Radio hunn hiert Potenzial erkannt!

Äppel-Komplott.png
B-RADIO

D'Realitéit hannert der Realitéit hannert der Realitéit... Léif Frënn vun de Verschwörungen, Dir braucht net weider ze sichen: wat si eis ëmmer wollte verstoppen, dat hu mir elo alles erausfonnt!

Näischt maachen.jpg
B-Radio

Manner schaffen a méi Fräizäit hunn ... Eng Utopie? Eng realistesch a wënschenswäert Perspektiv? Jiddefalls ass et eng Iwwerleeung wäert - d'Ekipp vum B-Radio huet also op d'Brems gedréckt!

Sabotage
B-RADIO

Zocker an de Motor schëdden, d'Toilette verstoppen, laang Reuniounen ofhalen ... Krichstaktik, Instrument vum Widderstand - mat Sabotage, souguer um klengsten Niveau, kann een dem Feind esou richteg schueden!

B-Radio
B-Radio

Virun 250 Joer - oder dorëmmer - ass hien op d'Welt komm, de Ludwig Van Beethoven. Gestuerwen ass hien ... ni richteg. En Hommage vum B-Radio un dee "verréckte Genie".

Derive
B-RADIO

Flanéieren ass méi wéi einfach nëmme spadséieren. An derivéieren, dat ass schonn eng poetesch Aventure, ee politesch-philosophesche Projet! D'Equipe vum B-Radio huet sech ofdrifte gelooss.

Dandy
B-Radio

Elegant, distant, anti-konformistesch ... Den Dandy huet sech duerch säin Ausgesi vun der Mass ofgehuewen. Virun allem war den Dandyismus eng Liewensphilosophie. Wat ass aus där kultur-historescher Figur ginn?

B-Radio-3 Prince Junior
B-Radio

Thai-Boxen, deen häertste Kampfsport op der Welt? Net wann een d'Fraen an d'Männer freet, déi hir Passioun hei am Land ausliewen. Mondschutz un - a lass!

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen