CinEast 2016 Death in Sarajevo: Den Ënnergang vun Europa

Den Danis Tanoviḉ krut 2001 en Oscar fir säi Film "No Man’s Land". Den aktuelle Film "Death in Sarajevo" gouf dëst Joer op der Berlinale mam Jurypräis priméiert. Dëse Film, deen de CinEast Festival lancéiert, spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Erzherzog Franz Ferdinand. Et ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa.

Jamie Reinert / jcm

Death in Sarajevo
Death in Sarajevo. Foto: Cineuropa

Den Hotel Europa zu Sarajevo: En dichtegen EU-Emissaire ass op Visite fir eng Ried ze halen. Ee serbeschen Nationalist mam Numm Gavrilo Princip deelt an engem Televisiounsinterview um Daach vum Gebai seng Onzefriddenheet iwwer Bosnien mat. D’Mataarbechter vum Hotel sinn zanter zwee Méint net bezuelt ginn a bereede sech op ee Streik fir. All dës Elementer mussen den Hotelmanager Omer a seng Adjointe Lamija iergendwéi an d'Rei bréngen.

De Marc Scheffen, dee fir d’Programmatioun an der Cinémathéik zoustänneg ass, schwätzt beim Danis Tanoviḉ sengem Wierk vun engem komplexe Film. E wier awer interessant, well e mat sozialen Komponente spille géif - wéi zum Beispill mat deene veschidde Schichte vun der Gesellschaft.

E Liewen tëscht zwou Welten

Esou gëtt am Film déi steril Façade vum Hotel mat den däischteren an dompegen ënneschte Stäck kontrastéiert. Den Hotel Manager zirkuléiert tëscht deenen zwou Welten: Där, vun den ënnerdréckten Aarbechter. An där, vun de privilegéierte Gäscht an den deiere Suiten. Den Omer lieft an der Vergaangenheet. Hie widderhëlt de Gäscht. datt den Hotel scho vill bekannt Visiteuren empfaangen huet, ënnert anerem de Bill Clinton, Richard Gere a U2. Seng verstëbste Manéier fir den Hotel ze geréieren, huet zu massive Scholde gefouert. Den Hotel Europa ass um Punkt ënnerzegoen.

Déi verschidden Zeenen op den ënnerschiddleche Stäck gi fléissend duerch eng agil Kameraféierung matenee verbonnen. Am Groussen a Ganzen ass "Death in Sarajevo" een impressionnante Film mat engem kritesche Bléck op d’Vergaangenheet vu Bosnien an op d'Zukunft vun Europa.

E Bléck op zentral- an osteuropäesch Filmer

De CinEast gëtt dem Publikum eng cinematographesch Siicht op d’Welt, aus dem Bléckwénkel vun zentral- an osteuropäesche Länner. Filmer also, déi een hei zu Lëtzebuerg net a grousse Quantitéiten ze gesi kritt. De Nick Rollinger vun Equinox Productions fënnt et spannend, d'Filmer an dësem Deel vun Europa ze gesinn. Filmer, déi vill Wäermt an Humanismus géife weisen.


D'Cinémathéik ass ee vun den Haaptpartner vum CinEast-Festival. De Bosneschen Drama "Death in Sarajevo" huet de CinEast-Festival lancéiert an de Film ass de 15. Oktober um 18 Auer nach emol an der Cinémathéik ze gesinn. De Festival CinEast dauert nach bis den 23. Oktober

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

La fille inconnue
Groussen Ecran

An de Gebridder Dardenne hirem Film refuséiert eng jonk Doktesch enger Fra no Feierowend d'Consultatioun. Den Dag drop ass d'Fra dout. D'Doktesch mécht sech Virwërf a geet op Sich no der Wourecht.

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen