Literatur De Rassewahn am Nationalsozialismus

D'Vergaangenheet léisst den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm net lass. A sengem neie Roman "Ikarien" reest hien an d'Zäit nom Zweeten Weltkrich a schéckt en amerikaneschen Zaldot op d'Sich no den Ursaachen an der grausamer Realisatioun vun der Iddi vun der "Rassenhygiene". Nieft der Geschicht vum Nationalsozialismus ass och de Bléck vun engem Amerikaner op d'Nokrichsdäitschland d'Thema vun dësem Roman.

Valerija Berdi / jcm

Uwe Timm
Den däitschen Auteur Uwe Timm

Den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm gehéiert zu de bedeitendsten Auteuren am däitschsproochege Raum. Seng biographesch, autobiographesch a semi-dokumentaresch Romaner sinn net nëmme vun enger aussergewéinlecher Ästhetik. D'Wierker vum gebiertege Hamburger si virun allem analytesch Chronike vun Däitschland während dem leschte Joerhonnert. Vum Kannerroman "Rennschwein Rudi Rüssel " bis zur "Entdeckung der Currywurst", deen an däitsche Lycéeën um Programm steet, huet hien iwwer 20 Bicher publizéiert. Seng Palette geet vu Kanner- a Jugendliteratur iwwer Lyrik bis bei Erzielungen a Romaner.

Den Uwe Timm zielt zu de bedeitendste Vertrieder vun der 68er Generatioun. Déi Zäit beschäftegt hien a ville vu senge Wierker, awer och de Wee bis dohinner. Beispiller sinn d'Frëndschaft mam Benno Ohnesorg an d'Geschicht vun der däitscher Pilotin Marga von Etzdorf. Oder d'Beliichte vun de Motiver vu sengem Brudder, fir als Mannerjärege fräiwëlleg an d'SS ze goen an do als Zaldot leien ze bleiwen.

Eng Fro ouni Äntwert

Säin neie Roman mam Titel "Ikarien" ass eng weider grouss Fro, op déi et bal onméiglech ass eng glafwierdeg an akzeptabel Äntwert ze fannen. Wéi a wisou waren eenzel Leit zu de schlëmmste Verbriechen un der Mënschheet fäeg? Dës Fro verschafft den Uwe Timm duerch eng weider historesch Figur. Säi Sujet ass den däitschen Dokter Alfred Ploetz, de Matbegrënner vun der Eugenik a Vertrieder vun der Rassenhygiene.

Den Uwe Timm sicht no de Wuerzelen, dem Wee zu der Iwwerzeegung zu den "Herrenmenschen" ze gehéieren. An dann doduerch d'Recht ze hu jiddereen ëmzebréngen, deen de vermeintleche Kritäre vun der germanescher Rass net entsprécht.

Dem Uwe Timm säi Protagonist am Roman "Ikarien" ass den amerikaneschen Zaldot Michael Hansen, dee sech op d'Spuere vum Alfred Ploetz mécht an duerch en Zäitzeie vill Informatioune kritt.

Vom Stadtkommandanten hatte Hansen den Auftrag bekommen, jemanden zu finden, der kein Nazi war, wenn es denn so einen gab. Es gab sie, die Nicht-Nazis, nicht viele, aber doch einige (....) Hansen wurde ein Mann genannt, ein ehemaliger Gewerkschaftler. Hansen hätte ihn sich von der Militärpolizei bringen lassen können, aber da er hörte, der Mann sei 1933 von der SA abgeholt worden und dann für zwei Jahre ins Gefängnis gekommen, entschied er sich, um den Mann nicht zu erschrecken, aber auch aus Neugier, wie so jemand wohnte, hinzufahren.

De Kommunist Cabet an den Nazi Ploetz

Dëse Gewerkschaftler ass en 81-järege Mann, deen d'Internéierung zu Dachau iwwerlieft huet a laang virdrun net just e Frënn, mee och e politeschen Alliéierte vum Alfred Ploetz war. Eben an der Zäit wou den Dokter nach vun enger sozialistescher Gesellschaft gedreemt huet an un d'Iddie vum franséische Kommunist Etienne Cabet gegleeft huet. Et ass och dem Cabet säin utopescht Wierk "Voyage en Icarie" vun 1842, dat dësem, typesch fir den Uwe Timm, grëndlech recherchéierte Roman "Ikarien" de Numm ginn huet.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Dogan Akhanli
Dogan Akhanli

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger ass entsat iwwer déi rezent Festnam vum Doğan Akhanli. Den däitsche Schrëftsteller mat tierkeschen Originne war fir kuerz Zäit a Spuenien festgeholl ginn.

barnes valerija.JPG Tipp
Buchtipp fir de Summer

De russesche Komponist Dmitri Schostakowitsch an d'Willkür vun der Muecht. Dem englesche Schrëftsteller Julian Barnes ass mat sengem Roman "Der Lärm der Zeit" ee Meeschterwierk gelongen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen