Invitéen am Moies-Magazin De Paul Di Felice an d'Krystyna Dul ginn op Arles

Tëscht Juli a September ass déi 50. Editioun vun den "Rencontres internationales de la photographie d'Arles". Lëtzebuerg ass fir déi drëtte Kéier mat dobäi.

Kerstin Thalau / cbi

De Paul Di Felice an d'Krystyna Dul
De Paul Di Felice an d'Krystyna Dul

Vertruede gëtt de Grand-Duché duerch déi plastesch Kënschtlerin Claudia Passeri an d'Fotografin Krystyna Dul. Vu datt d'Krystyna an hire Curateur, de Konschthistoriker a Fotospezialist Paul Di Felice, fir de Montage vum Projet "Resonance" dës Woch op Arles jauwen, huet d'Kerstin Thalau se nach séier virum Depart an de Studio invitéiert.

Méi zum Thema

D'Lët'z-Arles-Ausstellungscommissaire Paul Di Felice a Michèle Walerich.jpg
Fotografie

Hanner de Rencontres de la Photographie d'Arles verstoppe sech eng Hellewull Demarchen, Organisatioun a Kommunikatioun. D'Ausstellungskommissäre Michèle Walerich a Paul Di Felice iwwer hir Aufgaben.

Pasha Rafiy, Laurianne Bixhain
Fotografie

Um internationale Fotografie-Festival Rencontres d'Arles presentéiert Lët'z Arles dëse Summer eng duebel Ausstellung vum Pasha Rafiy ("Bad News") a vun der Laurianne Bixhain ("On the Other End").

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen