Literaturpräis De Man Booker Prize erkläert

​Ronn 58.000 Euro kritt de Paul Beatty, de Gewënner vum Man Booker Prize 2016 – a säi Buch "The Sellout" kritt masseg Reklamm. Mee wéi ass de Fonctionnement vun esou engem Literaturpräis? Iwwer de renomméierte Man Booker Prize huet d'Nathalie Bender op der Frankfurter Buchmesse e Gespréich tëschent dem Direkter vun der Foire, dem Jürgen Boos an der Gaby Wood vum Man Booker Prize gelauschtert.

Nathalie Bender / cwi

Jürgen Boos a Gaby Wood
Jürgen Boos a Gaby Wood

De Man Booker Prize gëtt et zënter 1969. Et ass ee vun den héchst dotéierte Literaturpräisser am engleschsproochege Raum. Zënter dem leschte Joer ass d'Literaturkritikerin Gaby Wood Directrice vun der Man Booker Foundation. Wéi ass de Fonctionnement vun esou engem Präis a wien entscheet iwwer de Gewënner? Doriwwer huet si mam Jürgen Boos, dem Direkter vun der Frankfurter Buchmesse diskutéiert.

D'Gaby Wood huet als Directrice littéraire wuel Afloss, awer net all Muecht iwwer de Man Booker Prize. Iwwer hir stéingen d'Trustees, hir Cheffen, huet d'Literaturkritikerin preziséiert. Dat kéinte Politiker, Schrëftsteller oder zum Beispill Journaliste sinn. Dernieft gëtt et den Advisory Committee, deen d'Gaby Wood presidéiert.

De Jury

Der Gaby Wood hir Roll ass déi, fir de Jury vum Man Booker Prize zesummenzesetzen, deen all Joer erneiert gëtt. Fréier wieren d'Memberen esou gewielt ginn, datt si gutt fir d'Publicty wieren. Haut wier dat anescht, betount d'Gaby Wood. Dacks hätten d'Leit scho vergiess wien am Jury gesiess hätt, wann de Laureat bis bekannt gemaach gi wier. "Mee wie si als Lieser sinn ass wichteg fir d'Selection vun de potentielle Gewënnerbicher."

An den Ufanksjoren waren d'Jurye vum Man Booker Prize vu Leit aus dem literareschen an akademeschem Liewe besat: Der Gaby Wood hire Virgänger Ion Trewin huet awer schonn eng Preferenz fir e Jury mat Memberen aus ënnerschiddleche gesellschaftleche Beräicher gewisen. Hien huet zum Beispill Politiker oder Acteure mat an de Jury geholl. Och d'Gaby Wood fënnt, datt een am Jury sollt Mënsche mat ganz ënnerschiddlechen Hannergrënn hunn.

Paul Beatty, Laureat vum Man Booker Prize 2016. Foto: Janie Airey / Man Booker Prize

Allerdéngs géif et lues a lues schwéier ginn, fir Jurymemberen ze fannen – eleng wéinst der Zuel u Bicher, déi si misste liesen, bedauert d'Literaturkritikerin. 2016 wieren 155 Romaner agereecht ginn an déi goufen all vun der Jury ënnert d'Lupp geholl. "Dat ass ee Buch den Dag an där Zäit déi virgesinn ass. Vill Auteure wëlle guer nët esou vill Bicher liesen."

Groussen Impakt

Fir d'Laureate vum Man Booker Prize huet dëse Präis eng grouss Bedeitung, betount d'Gaby Wood. Den Impakt wier schonn dann enorm, wann e Buch et op d'Shortlist vum Präis gepackt hätt. De Man Booker Prize hätt een internationalen Effet an d'Relatiounen, déi doduerch entstéingen, géifen dem Auteur méi bréngen, wéi de Präis fir een éischt priméiert Buch.

Der Directrice vum Man Booker Prize ass awer net nëmmen dëse Präis vu Bedeitung. SI ass der Meenung, datt et net genuch Literaturpräisser kéint ginn. Si géife Suen ënnert d'Auteure bréngen, an déi kéinten esou besser schaffen.


Ëm Literaturpräisser geet et och am nächste LiteraturLabo de 7. Dezember um 19:00 an der Kapell vun der Abtei Neimënster. Bei der Diskussioun kënnt Dir live derbäi sinn: Reservéiert Är Plazen op events@100komma7.lu

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Bodo Kirchhoff
Frankfurter Buchmesse 2016

De Bodo Kirchhoff ass de Gewënner vum däitsche Buchpräis 2016 op der Frankfurter Buchmesse. Hie krut dës Auszeechnung fir seng Novelle "Widerfahrnis". Ee Gespréich mam däitschen Auteur.

Holland a Flanderen @ Frankfurter Buchmesse
Frankfurter Buchmesse 2016

Flanderen an Holland deele sech d'Mier, en Horizont, eng Sprooch a villes méi. Mam Motto "Dies ist was wir teilen" si si Éiregaascht op der Frankfurter Buchmesse. Wat hu si literaresch ze bidden?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen