arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Komponist vum Happy Sound

James Last

|
reading time

1 min

De Komponist vum Happy Sound

Den Hans Last, oder besser James Last, ass de Kreateur vum sougenannten "Happy Sound", engem Museksstil, mat deem hien a säin Orchester joerzéngtelaang d'Mënsche vu quasi alle Generatioune begeeschtert huet.

reading time

1 min

Hie war um Sommet vu sengem gréisste Succès mat sengem "Happy Sound" bis zu 30 Prozent vum Ëmsaz vun der däitscher Plackefirma Polydor responsabel. De Bassist, Pianist, Bandleader, Komponist, Arrangeur a Produzent James Last ass den 9. Juni 2015 a Florida am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

De 17. Abrëll 2019 hätt hien 90 Joer kritt an hie wier sécher nach ëmmer mat sengem Orchester ënnerwee. Mat der Musek opzehale war fir hien, bis zu sengem Doud, ni eng Optioun.