CinEast 2016 De Jugendfilm, Mellow Mud

Fir säi Filmdebut "Mellow Mud" krut de Realisateur Renars Vimba op der Berlinale dëst Joer de kristallene Bier fir de beschte Jugendfilm. Déi geheimnisvoll lettesch Bëscher, Kuliss fir eng hällewull fantastesch Geschichten, sinn deen ideale Raum fir fantastesch ofzeschalten. Fir de gestresste Stater eventuell oder de CinEast-Spectateur, deen am léifsten direkt an déi herrlech Opnamen erasprange géif.

Kerstin Thalau / jcm / cwi

Mellow Mud
Mellow Mud. Foto: Pluto Film

An de geheimnisvolle lettesche Bëscher léisst sech gutt ofschalten. Mee net fir d’Haaptprotagonistin Raja. Fir déi 17 Järeg ass de Bësch hir alldeeglech pampeg Pampa, de "Mellow mud". De mëlle Bulli, deen si mëll mécht, well si do einfach net erauskënnt. Hir Mamm ass op der Sich no engem bessere Liewen op London gaangen. Si mellt sech zanter hier net méi. A vum Papp, den net méi ze liewe schéngt, hunn d’Raja an hiren 12 Joer jonke Brudder Robis deem seng kränklech Mamm geierft - eng Bom also, déi weder e Virbild nach eng Hëllef ass.

Mee op eemol passéieren e puer Saache mateneen. D’Groussmamm stierft an d’Raja wiisst iwwert sech eraus. Fir d’Geschwëster kënnt e Weesenheem nämlech net a Fro.

Den Doud bidd d'Liewen

D'Raja decidéiert, datt si de Kierper am Bësch begrieft, a vun do un e virbildlecht Liewe féiert. Si wëll selwer den Haushalt schmäissen a sämtlech Hausaufgabe maachen. Si decidéiert, fir de Bréifdréier - dee regelméisseg der aler Dame hir Rent boer laanschtbréngt - genuch Drénkgeld prett ze halen, fir d’Pensioun ouni all ze komplizéiert Noutligen iwwerreecht ze kréien.

Mee d’Raja ass sech bewosst, datt d’Feele vun der Groussmamm fréier oder spéider opfale wäert. Also mellt déi mëttelméisseg Schülerin, an hirem Lycée eng zimlech Eenzelgängerin, sech fir en Engleschconcours, bei deem als éischte Präis eng Rees op London erausspréngt. Duerch d’Ënnerstëtzung vum jonken Engleschproff schneit d’Raja um Enn tatsächlech als Bescht of. An déi Zwee kommen en plus zesummen. Doropshin huet de klenge Brudder Robis, dee gefillsméisseg souwisou schonn d’ënnescht d’iewescht ass, keng Loscht méi, mat ze spillen.

E Film ouni Längten

De lettesche Realisateur Renars Vimba wollt no de Filmstudien zu Riga an e puer Kuerzfilmer, endlech an engem Long-métrage vun de komplizéierte Liewensëmstänn vu Mënschen, déi an engem Land bliwwe sinn, dat der vill verlooss hunn, erzielen. An dat wollt hien onbedéngt, d’Geschicht ass nämlech tëscht 2011 an 2015 wéi e Bam a sengem Kapp gewuess. A Lettland ass et nämlech och net evident, fir fir esou e Projet d’Finanzen zesummen ze kréien. Haut fënnt hien, datt déi 5 Joer wichteg waren, well en esou beim Tournage a Montage keng Sekonn verluer hätt.

De Plang war méi ewéi prett. Effektiv sinn am Film iwwerhaapt keng Längten, obschonns et der Raja esou virkënnt, wéi wann si net vum Fleck kënnt. Mee d’Spectateure ginn dacks an Zeene getaucht, an deene, wéi beim Renars Vimba selwer, d’Decisioune scho getraff sinn. A si just nach vun den net zéckenden Naturmënschen ausgeféiert musse ginn.

D’Dialoger hätt de Finn Kaurismäki och net méi minimalistesch hikritt. An d’Raja? Fir hir "Coming-of-age"-Roll haten sech eng 1500 Jugendlecher interesséiert. Schlussendlech huet d’Performance- a Konschtstudentin Elina Vaska d’Renne gemaach - eng 22 Joer jonk Versioun vun der Cate-Blanchet-Elf am “Lord of the rings”.

"Mellow Mud" vs. "Cement Garden"

Kanner dinn hire leschten direkten Erzéiungsberechtegte verschwannen, fir net an e Kannerheem ze kommen. Am Andrew-Birkin-Film "The Cement garden" hunn Charlotte Gainsbourg an dräi Filmgeschwëster d’Mamm an Zement begruewen. De Papp war un enger Häerzattack gestuerwen, wéi hien de Gaart hannert sengem Fäerdeghaus zementéiere wollt. Och dëse Film war op der Berlinale ausgezeechent ginn, an zwar 1993. Ass dem Renars Vimba säi Film eng, total kuckeswäert zäitgenëssesch, lettesch Äntwert op eng englesch Novell?


Den 21. Oktober gëtt am Kader vum CinEast och en Audience Award verginn. Fir "Mellow Mud" kënnt dir mat ofstëmmen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen