Luxfilmfest De fatale Moment kann net méi réckgängeg gemaach ginn

Wéi dat klengt Maria op eemol am Park verschwënnt, léist dat eng Well aus, déi dramatesch Konsequenze fir d'Famill, a besonnesch fir de Papp huet ... De rumänesche Realisateur Constantin Popescu etabléiert sech mat sengem Film "Pororoca" als ee weidere Vertrieder vun der realistescher Nouvelle vague a sengem Land. De Film leeft an der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest 2018.

Michel Delage

Filmkritik pororoca2.jpg
Bogdan Dumitrache, Stefan Raus a Iulia Lumânare (Foto: Scharf Films / Irrévérence Films)

De Familljepapp Tudor hëlt seng zwee kleng Kanner, ee Meedchen an ee Jong, mat an de Park fir ze spillen. Op eemol verschwënnt dat klengt Maria. D'Liewe vun der Famill, besonnesch dat vum Tudor, gëtt doduerch komplett op d'Kopp gehäit.

A sengem Drama "Pororoca" konzentréiert sech de rumänesche Realisateur Constantin Popescu op de Personnage vum Papp (gespillt vum Bogdan Dumitrache). Gezeechent ginn déi verschidden Etappe vun deem senger emotionaler Entwécklung nom Schicksalsschlag: vun der aktiver Sich no sengem Kand iwwert d'Hëlleflosegkeet bis hin zu Verzweiwlung an Apathie.

Physesch Verwandlung vum Papp

Den Tudor isoléiert sech ëmmer méi vu sengem Ëmfeld, senger Fra, sengem klenge Jong. D'Kamera fänkt hien aus der Distanz an, zum Beispill wann hie Plakater mat der Foto vu sengem vermësste Meedchen oppeche geet. A sengem wäissen T-Shirt a senger Jeansbox wierkt den hëlleflose Papp plakeg, ausgeliwwert. Am Laf vum Film mécht de Personnage eng physesch Verwandlung mat: seng Kleedung gëtt ëmmer méi schappeg, et ass ee physesche Verfall, deen e moraleschen erëmspigelt.

Wéi de Papp mengt ee Verdächtegen entdeckt ze hunn, deen eppes mam Verschwanne vu sengem Meedche kéint ze dinn hunn, steigert hie sech an eng Obsessioun eran. D'Kameraaarbecht ännert sech komplett: net méi op Distanz, mä ganz no um Haaptpersonnage drun, während alles ronderëm verschwëmmt. Dem Tudor seng Ae stiechen ëmmer méi eraus, hien ass wéi en Déier, dat just nach no sengem Instinkt handelt. Fir rational Argumentatioune wéi déi vun der Police ass hien zou.

Bogdan Dumitrache (Foto: Scharf Films / Irrévérence Films)

Schlësselzeen am Park

"Pororoca" ass ee relativ laange Film (152 Minutten), mä genee strukturéiert, mat wéinegen Héichpunkten, déi awer zum richtege Moment nees fir Spannung suergen. D'Schlësselzeen läit schonn am éischten Deel vum Film, wéi dat klengt Maria am Park verschwënnt. De Papp sëtzt op der Bänk an telefonéiert. Et ass ee laange Plan séquence, dat heescht eng onënnerbrachen Opnam, an där de Spectateur an engem Stéck vum Duerchernee ronderëm hien (Kanner, déi spillen, Leit, déi spadséieren oder sech streiden) ofgelenkt gëtt - grad wéi de Papp. D'Kamera bleift laang roueg, ier se op eemol hektesch dem Tudor norennt, wéi deen opgereegt no sengem Meedche sicht.

An de Wochen an Deeg duerno kënnt de Papp ëmmer nees an de Park, fir do no Indicen ze sichen. Ëmmer erëm gëtt eng Astellung widderholl, déi schonn am Ufank vun der Schlësselzeen ze gesi war. Et ass wéi wann de Papp géif probéieren d'Kontroll iwwert d'Situatioun zeréckzekréien, nodréiglech deen ee Moment festhalen, zum Beispill mam Fotoapparat um Handy. Mä dee Moment ass verfloss, dat fataalt Evenement kann net méi réckgängeg gemaacht ginn. D'Evenementer huelen hiren dramatesche Laf, wéi de Pororoca aus dem Filmtitel, also déi Amazonaswell, déi zweemol d'Joer de Floss eropzitt an alles op hirem Wee zerstéiert ...

De Constantin Popescu etabléiert sech mat "Pororoca" als ee weidere Vertrieder vun der neier rumänescher Well vu Realisateuren (Cristian Mungiu, Cristi Puiu, Radu Muntean), déi op Realismus setze fir grondsätzlech mënschlech Themen ze behandelen. "Pororoca" ass sécherlech ee vun deene beschte Filmer an der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Yannis Drakopoulos
Luxfilmfest

Ass Matleed eng Krankheet vun der Gesellschaft? Déi Fro stellt de griichesche Film "Pity". E liwwert awer keng Äntwert. De Yannis Drakopoulos schwätzt iwwert seng Roll an d'Griichesch "weird wave".

Holiday Filmkritik
Luxfilmfest

Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Govinda Van Maele
Luxfilmfest

"Gutland" ass um Govinda Van Maele senger Kandheetsfaszinatioun inspiréiert, deem säin Dram et war, Bauer ze ginn. Am 100,7-Interview schwätzt de Realisateur iwwert d'Bauereliewen, d'Fräiheet an d'Sexualitéit.

GUTLAND 08 (c) DR.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Gutland" vum Lëtzebuerger Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen.

luxfilmfest ouverture Riicht Eraus
Luxembourg City Film Festival

Viru kuerzem hu Memberen de Comité artistique vum Luxembourg City Film Festival verlooss. Am Hannergrond wier ëmmer d'Fro, ob méi Filmer vu Lëtzebuerg solle selektionéiert ginn, seet den Nico Simon.

Foxtrot (c) DR 01.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

D'Trauer vun den Elteren, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israeleschen Drama "Foxtrott" behandelt een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen