Mudam Kulturell Ambitioune finanziell ofsécheren

D'Nouvelle hat fir Opreegung gesuergt: De Mudam krut e Comité de Gestion, deen niewent dem Verwaltungsrot d'Finanze vum Konschtmusée um Kierchbierg soll am A behalen. De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt hat dat ausdrécklech gefuerdert. Weist de Staat mam béise Fanger op eent vu senge Kanner?

Kerstin Thalau / ys

Philippe-Dupont.jpg
Philippe Dupont (© Mike Zenari)

​"De Verwaltungsrot huet elo just engem Comité en Deel vun der Aarbecht delegéiert, net seng Pouvoiren alleguerten," verséchert de Philippe Dupont. Hien ass President vum neie Comité de Gestion a Vize-President vum Mudam-Verwaltungsrot. De Jurist ass Grënnungspartner vun der Etude Arendt & Medernach.

De Comité géif sech méi intensiv ëm déi administrativ a finanziell Gestioun vum Mudam bekëmmeren. Ëm dee kulturellen Deel géif sech och an Zukunft de Conseil d'administration bekëmmeren. De Comité kéint eng Rei Decisioune selwer huelen, anerer kéint e virbereeden. Wichteg Entscheedunge wéi Budgeten oder Bilane géife weider vum Verwaltungsrot approuvéiert ginn.

Lien zwëschent Kultur a Finanzen

Engem Konschtmusée seng Essenz ass déi kulturell Missioun. Op déi soll de Verwaltungsrot sech deemno méi staark kënne konzentréieren. Tëscht deenen zwou Instanzen, also quasi als Gremie-Mediateur, jongléiert de Philippe Dupont mat den Dossieren.

"Wann ee kulturell Ambitiounen huet, muss ee kucken ob ee se finanziell kann droen. Dat Bindeglied probéieren ech ze maachen."

Well am Comité de Gestion vill Vertrieder aus dem Privatsecteur sëtzen, ware Reprochen haart ginn, datt do en Interessekonflikt tëscht Staat a Privatsecteur kéinten entstoen. Fir de Philippe Dupont kann a wëll haut kee sech esou Klengkricher méi leeschten. Et géif ëm den Austausch vun Erfahrungen goen. Leit, déi gewinnt sinn, Entreprisen ze geréieren, kéinten hir Experienzen u Kulturleit viru ginn a vice versa.

Passioun fir d'Konscht

De Jurist selwer gëtt als eng vu senge Motivatiounen de Bléck hannert d’Kulissen un. Déi ganz Aarbecht hannendru wär interessant. "Ech hoffen duerch dat wat ech a mengem Beruff geléiert hunn, dem Musée kënnen eng Rei Saache mat ze bréngen, wou si d'Erfahrung net sou hunn." Niewent dem juristeschen Aspekt kéint hien och bei der Gestioun Erfahrunge weiderginn.

De Philippe Dupont bezeechent seng a senge Mataarbechter hier Relatioun zur Konscht als passionnell. Arendt & Medernach organiséiert och selwer Konschtausstellungen. Bei all Expo gi Wierker kaaft, déi an de Bureauen accrochéiert ginn.

Mudam "um richtege Wee"

De Verwaltungsrot ass elo e puer Méint domat beschäftegt ze verstoen, wou de Musée haut steet a wéi eng Pläng fir d’Zukunft kënne gemaach ginn. De Philippe Dupont wënscht sech an deem Zesummenhang eng nach méi intensiv Zesummenaarbecht mat der Groussregioun. Wann een esou eng grandios Expo op d’Been géif stelle wéi "Eppur si muove", da soll am beschten d’ganz Welt se gesinn, sou de Jusrist.

De Philippe Dupont hält näischt dovun, datt an der Vergaangenheet Zweiwel um Mudam opkomm sinn a verdeedegt den zäitgenëssesche Konschttempel och ouni juristeschen Optrag. "De Mudam huet enorm vill gemaach," sou de President vum Comité. Et wär dee Musée, dee bei wäitem am meeschte Leit géif unzéien. Déi lescht Ausstellunge wären an der internationaler Press kommentéiert ginn a géife weisen, datt de Mudam um richtege Wee ass.


Arendt & art: http://www.arendt.com/arendt-art/pages/default.aspx​​
Neie conseil vum ​Mudam: http://www.mudam.lu/fr/news/news-details/news/nouveau-conseil-dadministration/

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Table Ronde Robert Krieps
Kulturpolitik

Déi sougenannten "assises de la culture" sollen op ee Kulturentwécklungsplang eraus lafen. Wéinstens steet dat esou am Koaltiounsprogramm vun der Regierung. Mee wéi soll dee Kader ausgesinn?

craig.jpg
Craig Hanna am MNHA

Enn 2015 huet de Musée National d'Histoire et d'Art du Luxembourg mat "Arrangement of Dancers" e wichtegt, monumentaalt Wierk vum H. Craig Hanna a seng Kollektioun opgeholl. Lo gëtt eng Monographie vun him gewisen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen