CinEast 2016 Dat trauregt Liewe vun enger Mäerderin

Den zwee Realisateuren Tomas Weinreb a Petr Kazda hire Film "I, Olga Hepnarová" ass um internationale Filmfestival zu Vilnius als beschte Film ausgezeechent ginn. E war op der Berlinale grad wéi op den internationale Filmfestivalen zu Sofia an zu Hong Kong nominéiert. Dëse Film beschreift dat trauregt Liewe vun enger jonker Fra, déi mat 22 Joer an e Camion klëmmt fir an eng Mënschemass eranzefueren.

Valerija Berdi / jcm

I, Olga Hepnarová
"I, Olga Hepnarová" Foto: Cineuropa

Wéi gëtt een zu enger Massemäerderin? An dat ganz bewosst a geplangt, mat knapp 22 Joer? Den Tomas Weinreb an de Petr Kazda hunn an hirem schwaarz-wäisse Long métrage d’Liewe vun der Olga Hepnarová verfilmt. Dës jonk Fra huet 1973 zu Prag aacht Mënschen ëmbruecht. Si ass mat engem Camion an e Grupp vu Leit gefuer, déi op en Tram gewaart hunn. Si ass zum Doud veruerteelt ginn a war och déi lescht Fra, déi 1975 an der deemoleger Tschechoslowakei higeriicht gouf.

Déi zwee Regisseure weisen d'Olga, wéi si an enger Famill opwiisst, an där Léift, Laachen a Gemittlechkeet friem sinn. D'Zeene vu gemeinsame Mëttegiesse mat der Schwëster, der Mamm an de Grousseltere maachen net grad Appetit. Et ass eng onangenehm Atmosphär, bei där ee souguer als Spectateur am léifste géif ënnert den Dësch verschwannen. Kee léift Wuert, keng Häerzlechkeet, just e Grousspapp, deem säi Behuelen ee Moment de Verdacht op e pädophilt Behuelen opkomme léisst. An eng Mamm, déi hirer Duechter ausser Rezepter fir divers Medikamenter näischt ze bidden huet.

Suicideversuch mat 13 Joer

D’Olga probéiert sech mat 13 Joer d’Liewen ze huelen a kënnt duerno an eng psychiatresch Klinik. Als éischt gëtt si do vun anere Meedercher brutal zesummegeschloen. D'Olga behaapt, si wier 13 Joer laang an enger Famill agespaart gewiescht, an där si si geschloen a gefoltert gi wier. "Eng Spillsaach vun den Erwuessen, en Affer vun de Kanner" , esou beschreift sech d’Olga Hepnarova. Weder d’Schoul nach d’Léier si Plazen, op deenen d’Olga eens gëtt.

Nom Openthalt an der Psychiatrie geet si eleng wunnen, an en Haischen, ouni Waasser an Elektresch, dat si hir Hütt nennt. Si kritt en Job, bei deem si Camion fiert an déi eenzeg Freed, déi si huet, ass mam Auto ënnerwee ze sinn. Si ass op der Sich no Léift, fänkt och eng Bezéiung mat enger Fra un, déi d’Olga awer fale léisst. Méi wéi Affären huet si och mat kenger anerer Fra.

D’Olga probéiert dofir e klassescht Liewen ze féieren. Si léisst sech mat engem Mann, dem Miroslav an. Hien ass däitlech méi al, plangt eng gemeinsam Zukunft. Mee hie probéiert, d’Olga finanziell auszenotzen.

E Film dee Froe stellt.

Déi polnesch Schauspillerin Michalina Olszanska verkierpert ganz iwwerzeegend déi verlueren a blesséiert Fra, déi ganz verängschtegt am léifsten a sech selwer géif erakrauchen. Fir dann awer hirem Géintiwwer Blécker voller Veruechtung an Haass duerch de Rideau vu hirer Chienne an der Wollek aus Zigarettendamp entgéint ze bréngen. Dat betount burschikost Optriede wierkt onbehollef a spigelt den emotionalen Zoustand ganz kloer erëm.

„Ech sinn eng Eenzelgängerin. En zerstéierte Mënsch. Ee vun de Mënschen zerstéierte Mënsch. Ech hunn d’Wiel mech ëmzebréngen oder anerer ëmzebréngen. Ech wielen d’Revanche un all deenen, déi mech haassen. Mäin Uerteel ass: Ech. Olga Hepnarova, d’Affer vun ärer Bestialitéit, veruerteelen si zum Doud.“

Dës Zeilen huet d’Olga Hepnarova un zwou tschechoslowakesch Zeitunge geschriwwen, iert si sech an de Camion gesat huet fir hire Plang auszeféieren.

Déi schwaarz-wäiss Biller, d’Famill, déi och no der Hiriichtung hire gewinnten Alldag lieft. De verzweiwelte Versuch sech der Hiriichtung ze widdersetzen. Déi äiseg Atmosphäre, déi sech duerch de Film zitt, hannerléisst seng Spuere beim Zuschauer a wërft kloer d’Fro op: Wéi responsabel ass d’Gesellschaft, also och all eenzele fir de Liewenswee vun de Mënschen a sengem Ëmfeld?


"I, Olga Hepnarová" ass am Kader vum CinEast Festival gewise ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Mom and Other Loonies in the Family
CinEast 2016

D'Ibolya Fekete léisst bal e Joerhonnert ungaresch Geschicht unhand vun enger Familljechronik Revue passéieren. Véier Generatioune vun, wéi si sech selwer bezeechnen, Mëller, trieden am Film op.

I'ts Not the Time of My Life
CinEast 2016

De Cineast Szabolcs Hajdu léisst an "It's Not the Time of My Life" net nëmme seng eege Famill optrieden a spillt selwer eng Haaptroll. De Film gouf och an der eegener Wunneng gedréint.

Eleven Minutes
CinEast 2016

De polnesche Cineast Jerzy Skolimowski erzielt am Film "11 Minutes" aacht verschidde Geschichten. Et geet ëm Mënschen, déi näischt mateneen ze dinn hunn, obwuel si sech iwwert de Wee lafen.

Mellow Mud
CinEast 2016

Dem lettesche Realisateur Renars Vimba säi Film weist d'Geschicht vun enger couragéierter Teenagerin, déi Verantwortung an hirer klenger Welt iwwerhëlt, fir si virun aneren ze schützen.

Dogs
CinEast 2016

Dem rumänesche Realisateur Bogdan Mirica säi Film spillt am post-kommunistesche Rumänien. "Dogs" erzielt vun engem privilegéierte Stater, deen déi wëll rumänesch Landschaft entdeckt.

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen