Literaresch Rares Dat kritescht Tagebuch vum Sisi

Als melodramatesch Monarchistin ass "Sisi" an d'Geschicht agaangen. Datt si méi ze bidden hat, wéi just hier Schéinheet ze fleegen, beleeën hier lyresch Texter, déi eng kritesch, intelligent a spëttesch Fra weisen. Antiklerikal, anti-militäresch a voller Veruechtung fir den Adel sinn hier Gedichter, déi si mat ronn 50 Joer geschriwwen huet. D'Gedichter sinn am "Kaiserin Elisabeth - das poetische Tagebuch" zesummegefaasst.

Velerija Berdi / fa

Das poetische Tagebuch
"Das poetische Tagebuch" vum Sisi stellt d'Keeserin an e ganz anert Liicht.

Sisi – Synonym fir Kitsch an Drama. Mam Romy Schneider ass de Mythos vun der wonnerschéiner awer onglécklecher Keeserin gepräägt ginn an haut nach verdéngt sech di Wiener Tourismusbranche eng gëllen Nues mam Portrait vun der Monarchin. Sief et mat Zerwéiten, Lieszeechen, Poschen, S, Hoerspéngelen, Handy-Troussen, Prabbelien, et j’en passe.

Manner bekannt ass, datt d’Keeserin Elisabeth vun Éisträich och dichteresch Ambitiounen hat a véier Joer laang eng Zort lyrescht Tagebuch gefouert huet.

De Verlag der Österreichischen Akademie der Wissenschaften huet 1984 an enger éischter Oplo e Recueil vun dëse lyreschen Texter verëffentlecht. D’Elisabeth hat hier Texter 1890 an engem Coffret versigelt, mat der Dispositioun, datt dëse Coffret eréischt 60 Joer méi spéit un de President vun der Schwäizer Eidgenossenschaft Bern misst geschéckt ginn.

Nieft dem poeteschen Tagebuch war nach eng weider handgeschriwwe Verfügung derbäi mam Vermierk, datt den Erléis ausschliisslech “für hilflose Kinder von politisch verurteilten der österreichisch-ungarische Monarchie nach 60 Jahren”dierft verwäert ginn.

Wéineg Qualitéit, groussen Inhalt

Wat un dësen Texter interessant ass, ass bestëmmt net déi kënschtleresch Qualitéit oder e Stil, deen derwäert wier beschwat ze ginn. Den Inhalt par konter gehäit en onerwaart an éischter onbekannt Liicht op di berühmt Keeserin. D’Historikerin Brigitte Hamann, déi des Editioun zesumme gestallt huet, mécht och an hirer Aleedung op déi historesch Bedeitung vun dësen Texter opmierksam.

D’Elisabeth, war zimlech antiklerikal, wat hier natierlech net grad vill Sympathien an der äerzkathoulescher "K. und K. Monarchie" abruecht huet. Si war och eng erkläerte Géignerin vun der Aristokratie, déi hir selwer e Liewen am grousse Luxus erméiglecht huet. Si huet sech eng Freed doraus gemaach, hirt Ëmfeld ze karikaturéieren, wéi am Gedicht “Klingel-Lied” Hei e klengen Extrait:

"Ich aber web' euch Kappen

Und näh' auch Schellen dran;

Als Narren geht ihr dann herum,

Man schaut sich lachend nach euch um;

Und seid ihr längst begraben,

Sie klingeln selbst noch dann"

Aristokratie a Republik

Si huet ëmmer erëm déi ongerecht Virdeeler vun der Aristokratie géigeniwwer dem einfache Vollek ugegraff an huet u sech an enger republikanescher Staatsform den ideale System gesinn. Och de Militär huet si net gutt geheescht. Hir pazifistesch Astellung, déi si net verheemlecht huet, stoung am krasse Widdersproch zum militäreschen Denke vu hirem Mann.

Wou d’Denkmal fir d’Maria-Theresia 1888 zu Wien inauguréiert ginn ass, war virum Monument en Altor opgestallt ginn, wou en Te Deum zelebréiert ginn ass. Et war och eng Tribün opgeriicht ginn, op där natierlech just Plaze fir d'Membere vum Monarchenhaus reservéiert waren. Eng Abberzuel vun Zaldoten hunn d’Vollek dru gehënnert op d’Plaz vum Fest ze kommen. D’Keeserin Elisabeth war och op dëser Freier present.

"Befehle deinem Militär

Die Waffen abzulegen,

Gib deinem Volke heut‘ die Ehr‘

Gewiss es bringt dir Segen

Und sieh‘, schon stürmt es froh herbei

Herab mit den Tribünen

Reisst, schlagt in Stücken sie entzwei

Dass sie zu Tafeln dienen"

D’Keeserin Elisabeth huet awer net just mat hire fortschrëttlechen Usiichten ugëeckt, si war och eng grouss Bewonnerin vum Heinrich Heine. Wéi 1887 d’Stad Düsseldorf hirem groussen Dichter fir säin 90. Gebuertsdag en Denkmal wollt setzen, war de Widderstand vun antisemiteschen an nationalistesche Gruppéierungen sou enorm, datt de Projet net duerchgefouert ginn ass. D’Keeserin Elisabeth, déi dëst Monument fir den Heine matfinanzéiert hat, huet dono den dänesche Sculpteur Hasselriis mat engem neie Portrait beoptraagt, dee si dann am Gaart vun hirem Schlass op der Insel Korfu opstelle gelooss huet.

Si huet net just de kriteschen Dichter veréiert, mee och probéiert a sengem Stil ze schreiwen an hien ze imitéieren an ze variéieren.

Fir d’éischt den Heine:

"Du bist wie eine Blume,

So hold und schön und rein;

Ich schau dich an, und Wehmut

Schleicht mir ins Herz hinein."

An hei d’Versioun vum Elisabeth, wahrscheinlech un hier Schnauer geriicht:

"Du bist nicht wie die Blume

Nicht lieblich, hold und fein,

Auch fehlt dir jede Anmut

Und Charme noch obendrein"

An de véier Joer, wou si hirt poetescht Tagebuch gefouert huet, huet d’Elisabeth och d’Natur beschriwwen, hier Gedanken zu hirem Mariage, den Affäre vun hirem Mann an awer ëmmer erëm hier Sympathie fir d’Vollek zum Ausdrock bruecht.

Literaresch sinn dës Gedichter sécher net besonnesch wäertvoll. Se weisen awer eng interessant Vue vun an op eng Fra, déi wéineg mam verkitschte Personnage Sisi ze dinn huet.

Méi zum Thema

Tshingis Aitmatow
Literaresch Rares

An "Der Schneeleopard" erzielt de Schrëftsteller Tschingis Aitmatow vun der Frëndschaft tëscht engem ale Schnéileopard an engem jonke Journalist am post-sowjetesche Kirgistan.

Stanislaw Lem
Literaresch Rares

Science-Fiction ass net onbedéngt e Literatur-Genre, dee jidderee begeeschtert. Mee wann ee mam Pilot Pirx op d'Rees geet, dann erlieft een eng Aventure, déi een net sou séier vergësst.

Alaa El Aswany
Literaresch Rares

Den Alaa El Aswany huet eng realistesch Duerstellung vum aktuellen Egypten zesumme gesponnen. Säi Roman "L'immeuble Yacoubian" huet e regelrechte Flächebrand an der arabeschsproochescher Welt ausgeléist.

Imgard Keun - Gigli
Literaresch Rares

Eng jonk Fra, déi refuséiert sech de gesellschaftlechen Normen ze fügen. Déi wëll onofhängeg sinn an hire Wee goen. An engem Land, dat virum Ënnergang steet. Dat erwaart een an der Irmgard Keun hirem Roman.

Luigi Pirandello - Mattia Pascal
Literaresch Rares

1934 kritt de Sizilianer Luigi Pirandello de Literaturnobelpräis fir "Mattia Pascal". E Roman dee weist, datt héichwäerteg Literatur och ganz witzeg a spannend ka sinn...

Hans Werner Richter - Ein Julitag
Literaresch Rares

Den Hans Werner Richter ass als Grënner vun der "Gruppe 47" an d'Geschicht agaangen. Als Schrëftsteller ass hien éischter onbekannt. Zu Onrecht, fënnt d'Valerija Berdi.

Kafka - Der Verschollene / Amerika
Literaresch Rares

De Roman "Amerika - der Verschollene" ass net dat, wat ee vum Franz Kafka gewinnt ass. Als méi lieweg a faarweg wéi all seng aner Wierker huet de Schrëftsteller vu Prag d'Buch selwer bezeechent.

zypkin.jpg
Literaresch rares

Kleng Meeschterwierker aus der Literatur, déi dem grousse Publik net sou bekannt sinn. Ee Weideren Deel vum Valerija Berdi senger neier Summerserie.

Valerija Berdi Friedo Lampe.JPG
Literaresch Rares

De véierten Auteur an eiser Summerserie ass de Friedo Lampe. Eng cineastesch Erzielperspektiv, e magesche Realismus an en avantgardistesche Stil zeechnen dëse vergiessene Schrëftsteller aus.

die schöne Olessja
Literaresch Rares

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Summer-Tipp vum Valerija Berdi!

Azarel
Literaresch Rares

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen