Dem Claudiu M. Florian säi Roman ass an der éischter Versioun net op Rumänesch, mee op Däitsch erauskomm. Dat ënnert dem Titel "Zweieinhalb Störche. Roman einer Kindheit in Siebenbürgen."
De Schrëftsteller erzielt, d'Buch wier den éischten Deel vun enger Serie. "Et soll e Bildungsroman sinn, an deem déi biologesch a séilesch Entwécklung vun engem Kand dokumentéiert gëtt."
D'Geschicht spillt an de 1970er a 1980er Joren. Eng beweegten Zäit, esou de Claudiu M. Florian. "De Kale Krich an och d'Diktatur a Rumänien waren op hirem Héichpunkt." Op der anerer Säit wier d'Buch eng Erzielung iwwert d'Zesummeliewen an d'Zesummentreffe vu verschiddene Kulturen. "Virun allem der rumänescher an der däitscher Kultur a senger siebenbürgesch-sächsescher Variant."
E frësche Bléck op d'Welt
"The Ages of the Game - Citadel Street" ass e Kaleidoskop vu familiären, gesellschaftlechen, innen- an aussepolitesche Momenter. Si gi gesinn, aus den Ae vun engem Bouf aus Siebenbürgen, dee probéiert déi verschidden Donnéeën, déi hie lénks a riets héiert a gesäit, zu engem Weltbild zesummenzesetzen.
Thematiséiert ginn am Hannergrond d'Enn vum Vietnamkrich, den Doud vum Mao Zedong a China oder och nach d'Olympesch Spiller zu Montreal, bei deenen déi rumänesch Turnerin Nadia Comanecci gewonnen huet. "Am Virdergrond steet awer d'Kand an d'Geschicht vu senger Famill, eng Famill mat siebenbürgeschen, sächseschen a rumäneschen Originnen."
Donieft wier et dem Claudiu M. Florian awer dorëms gaangen ze weisen, wéi een Drock d'Autoritéiten a Rumänien op den Eenzelen an op d'Famill ausgeübt hunn. "Et war eng Zäit an där Rumänien nach eng oppen Aussepolitik hat. An der Innepolitik war et awer de Géigendeel." Dat gëtt am Roman unhand vun der Situatioun vun der Famill vum Bouf illustréiert.
Eng Autobiografie?
Doduerch datt de Claudiu M. Florian mat der Liichtegkeet vun engem jonke Bouf un d'Themen erugeet, ergëtt sech an dësem Buch en agreabel frësche Bléck op d'Welt.
Villes wat am Buch virkéim, wier aus sengem eegene Liewe gegraff, erzielt de Claudiu M. Florian. "Mee ech wollt eng gewëssen Distanz behalen. Jiddereen deen déi Zäit materlieft huet vun där ech erzielen, fënnt en Deel vu senger eegener Biografie erëm."
Den Ausléiser fir d'Buch ze schreiwen, war d'Gebuert vu senger Duechter. "Ech wollt hir e puer Fragmenter aus menger Kandheet hannerloossen."
Däitsch, Rumänesch oder Siebenbürgesch?
Mam klenge Kand doheem an nieft senger Aarbecht an der rumänescher Botschaft zu Berlin, hätt hien awer net vill Zäit gehat, fir ze schreiwen. "Ech hu wéi an enger séierer Yoga-Übung an der Berliner S-Bahn geschriwwen."
An dräi Joer wier d'Réifassung entstanen. Duerno goung et Schlag op Schlag an d'Buch ass an enger éischter, méi kuerzer Versioun op Däitsch erauskomm. Dunn huet den Auteur sech ee Joer Zäit geholl, fir eng méi laang Versioun op Rumänesch ze schreiwen.
Den Auteur seet, béid Sprooche wiere seng Mammesprochen. "Ech hu vu Klengem u mat menger Groussmamm Däitsch, mat mengem Grousspapp Rumänesch, mat mengem Papp Rumänesch a mat menger Mamm Däitsch geschwat." A Siebenbürgen gëtt awer e sächseschen Dialekt geschwat, deen der Lëtzebuerger Sprooch ganz ähnlech ass. An och dee schwätzt de Claudiu M. Florian.
D'Kultur vu Siebenbürgen erhalen
De Schrëftsteller wier drun interesséiert, datt säi Wierk op Lëtzebuergesch iwwersat géing ginn. Et géinge vill Parallellen tëscht der Lëtzebuerger an der siebenbürgescher Kultur ginn, fënnt de Claudiu M. Florian. "Et ass eng Brudderschaft tëscht deenen Zwee."
D'Siebenbürger Sachse mat hiren Originnen, hirer Kultur an natierlech hirer Sprooch leien dem Claudio Florian um Häerz. Hien huet scho méi dacks iwwert d'Geschicht vun de Siebenbürger Sachse geschriwwen a recherchéiert. "Mir liewen an der Europäescher Unioun a gleewen un en harmonescht Zesummeliewen. Siebenbürgen ass e Beispill, dat Honnerte vu Joer al ass a vun deem ee léiere kann."
Säi Buch thematiséiert d'Geschicht vun dësem Vollek, vun der Kolonialséierung am 12. Joerhonnert bis bei hir Auswanderung an den 1970er, 1980er a 1990er Joren. "Eng Geschicht, déi bal op en Enn kënnt. Mee ech hoffen, zu dësem bal kënnt et ni", wënscht sech de Schrëftsteller.
D'Kultur vun de Siebenbürger Sachse géing awer a Rumänien erëm opliewen, fënnt de Schrëftsteller. De Claudiu M. Florian erënnert dorun, datt Hermannstadt a Siebenbürgen 2007 zesumme mat Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa war. De rumänesche President Klaus Johannis war deemools nach Buergermeeschter vun Hermannstadt.
Momentan si verschidden Iwwersetzunge vun "The Ages of the Game - Citadel Street" an Aarbecht. Dorënner och eng Franséisch.