Radioen

On air

Notturno  |  Jen Cloher - Waiting In The Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Villschichtegkeet vun der Botanik

Expo

D'Villschichtegkeet vun der Botanik

De leschte Summer war dem Charles Rouleau seng Sound-Installatioun iwwer d'Fragilitéit vun der Äisschicht um kanadesche Floss Saint-Laurent op der "Triennale Jeune Création" ze gesinn. Bis de 27. Februar ass säi Projet "Woven in Vegetal Fabric: On Plant Becomings" am Casino Display ze gesinn, fir deen de Kënschtler Akademiker, Fuerscher an aner Artisten zesummebruecht huet.

auto_stories

2 min

De Charles Rouleau, 1988 am Québec gebuer, huet an den USA an zu Berlin gelieft a geschafft. Aktuell pendelt hien tëschent Lëtzebuerg an Amsterdam, wou hien e Master an "Artistic Research" mécht.

D'Iddi fir de botanesch-kënschtleresche Projet "Woven in Vegetal Fabric: On Plant Becomings" als seng Masteraarbecht ass beim Charles Rouleau, wärend der Pandemie gewuess.

De Kënschtler ass hei am Norden doheem, war vill am Bësch an huet realiséiert, datt d'Vegetatioun - well si stomm an onopdrénglech ass - nach vill ze vill als Deko wouergeholl gëtt.

A senger Virbereedungsaarbecht huet hie Literatur, kënschtleresch Approchen zum Theema, Partner aus der Wëssenschaft a Lycéesschüler fir Konscht-Workshops gesicht. Doraus entstanen ass ee Programm mat Expo, Konscht-Performancen a Konferenzen.

Ee villschichtege Programm

Conferenciere sinn zum Beispill de Michael Marder, Ëmweltphilosoph, dee sech mat "Plant Thinking" befaasst huet, oder nach d'Schwäizer Performerin Leonie Brandner, déi Vegetatioune brodéiert, dozou Gedichter schreift a si am Display mat engem Chouer gesanglech virdroe wäert.

D'Kënschtlerin Catherine Duboutay huet sech mat der Relatioun tëschent Aphrodisiaque, Genre an dem Sech-Verléiere beschäftegt an deelt am Display hier Recherche mam Public.

De Charles Rouleau selwer huet am "Vondelpark" zu Amsterdam, wou sech Mënsch, Natur a Stad treffen, Sounds opgeholl, fir d'Interferenzen ze studéieren. De Visiteur héiert dës Klangkompositioun an engem däischtere Cube tëschent véier Haut-parleuren an engem Subwoofer fir de Bass.

Wat ass richteg, wat ass falsch a Saache Botanik?

D'Konscht mécht, vläicht berechtegt, ee Bou ronderëm des Kategorisatiounen a werft léiwer Froen op. D'Naturwëssenschaften hunn den Usproch, Äntwerten ze liwweren, a benotzen dobäi Termen ewéi "Kolonialisatioun" oder "Pionéierplanz".

Et muss erlaabt sinn, och dat a Fro ze stellen, seet de Charles Rouleau: Mir wieren ëmmer just nëmme Mënschen et géif keng puer Objektivitéit existéieren. Dowéinst baut hien op sënnlech Experienzen an op den Austausch tëschent ganz ënnerschiddleche Mënschen.