Kino D'Sich no der eegener Identitéit

Am Film "Tramontane" geet e jonke blanne Museker op d'Sich no senger Identitéit. Dem Vatche Boulghourjian säin éischte Long-Metrage beschäftegt sech awer och mam libanesesche Krich a wéi d'Populatioun d'Konsequenzen dovunner verdaut huet. De Realisateur ënnersicht eng Figur, déi op zwou Manéiere blann ass. Physesch an awer och psychologesch, wann ee esou soe wëll.

Jamie Reinert / jcm

Tramontane
(Foto: Tramontane/Vatche Boulghourjian)

Zanter senger Kandheet gesäit de Rabih näischt méi. Hien ass en talentéierte Museker a wëll mat senger Grupp an Europa op Tour goen. Dofir brauch hien awer ee Pass, deen hien net accordéiert kritt, well seng Carte d'Identité gefälscht ass.

An der Suite stellt sech eraus, datt hien adoptéiert gouf. Vu wou hie kënnt, wie seng richteg Eltere sinn, si banal Froen, op déi de Rabih keng éierlech Äntwerten kritt. Seng perséinlech Geschicht ass mam libanesesche Krich tëscht 1975 a 1990 verbonnen. Eng Zäit déi, wéi se an "Tramontane" subtil duergestallt gëtt, vill Wonnen a Ligen hannerlooss huet.

Sozialen Drama a Mysterie-Thriller

Dëst ass dem Vatche Boulghourjian säin éischte Long-Metrage an en ass nawell zolidd veraarbecht. Et ass net ëmsoss, datt en d'lescht Joer zu Cannes während der Semaine de la Critique gelaf ass.

"Tramontane" ass ee sozialen Drama an existenzielle Mystery-Thriller, an deem de libanesesche Regisseur eng enigmatesch Stëmmung schaaft, déi sech lues ofspillt. Trotzdem bréngt hien et fäerdeg de Spectateur déi ganzen Zäit ze paken.

All Charakter, deen de Rabih op senger Sich no senger Vergaangenheet begéint, hannerléisst eng aner Geschicht vu sengen Originnen. Et mierkt een, datt him villes virenthale gëtt an datt d'Populatioun den Akte vum Krich mat gestreckte Wourechten oder carrement Lige probéiert aus dem Wee ze goen.

Wonnerbare Soundtrack

"Tramontane" iwwerzeegt och duerch déi staark Performance vum Barakat Jabbour an der Haaptroll, dee säi Personnage onopdrénglech zum Liewe bréngt. Säi musikalescht Talent dréit och zu engem wonnerbare Soundtrack bäi. Musikalesch Interluden a Live-Performancen, déi den Toun vum Film ergänzen, wann net esouguer duerch d'Wierder diktéieren.

Mat Zäite wierken d'Biller ze däischter. Och wann een dëst als cinematographesche Feeler empfanne kéint, spiert een, datt de Vatche Boulghourjian den Zuschauer bewosst am Däischtere léisst. Grad ewéi den Haaptprotagonist selwer, dee sech duerch d'Ligë probéiert ze kämpfen.

E meditatiivt Wierk

D'Aart a Weis an deem déi politesch, sozial an och perséinlech Problemer am Film ugepaakt ginn, loosse genuch Fräiraum, fir Froen ze stellen an fir eegen Interpretatiounen. Eng iwwerflächlech moralesch Léier gëtt engem net opgedrängt.

"Tramontane" ass ee meditatiivt Wierk, dat duerch eng assuréiert Kompositioun d'Theme vun der perséinlecher a kollektiver Identitéit am géigewäertege Libanon mat Takt ënnersicht.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Angelo
Tournage zu Lëtzebuerg

Den éisträichesche Realisateur Markus Schleinzer dréit den Ament zu Lëtzebuerg: "Angelo" baséiert op der historescher Figur Angelo Soliman, deen als Kannersklav aus Afrika an Europa bruecht ginn ass.

Patriots Day.jpg
Filmkritik

Mam Mark Wahlberg konzentréiert de Peter Berg sech eng drëtte Kéier op e "Fait divers", deen déi rezent US-amerikanesch Geschicht beaflosst huet: D'Attentater beim Marathon zu Boston am Joer 2013.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen