Lëtzebuerger Literatur D'Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus

Den 17. Oktober huet de Jury am Stater Cercle seng Auswiel bekannt ginn. D'Shortlist fir de Buchpräis 2016 steet also. Vum 22. Oktober bis den 8. November kann de Public op bicherdeeg.lu oder rtl.lu senge Favoritten eng Stëmm ginn. D'Gewënner ginn dann am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, den 17. November ausgezeechent.

Valerija Berdi / cwi

Literaturpräis 2016
Lambert Schlechter; Françoise Schlink; Marthy Bracké; Valerija Berdi; Silvano Vidale. Foto: Jérôme Jaminet

All Joer am November gëtt op de Walfer Bicherdeeg de Lëtzebuerger Buchpräis iwwerreecht. E fënnefkäppege Jury huet e Summer laang d'Zäit sech duerch di nei Publikatiounen duerchzeliesen, iert en sech zesumme setzt a fir di eenzel Kategorië säi Choix fir d'Shortlist mécht. D'Auswiel fir de Buchpräis 2016 gouf de 17. Oktober bekannt gemaach.

D'Selektioun. Foto: Jérôme Jaminet

Vun den 44 Bicher, déi bei de Lëtzebuerger Editeuren eraus komm sinn, si folgend Publikatioune vun der Jury zréck gehale ginn:

Bild a Konscht

  • Bergwerke: Jérôme Konen, Jean-Louis Scheffen (Editions Jérôme Konen)
  • Die Dynastie Luxemburg - Nassau; Marc Schoentgen / Pierre Even (Editions Saint Paul)
  • Frantz Clément, Intellektueller, Schriftsteller, Journalist; Robert Thill (Editions Phi)
  • Gueule de Bois; Norbert Braconnier (Maison Moderne)

Literatur

  • Abreise; Michel Clees (Editions Guy Binsfeld)
  • Komm net kräischen; Claudine Muno (Editions Op der Lay)
  • L'Architecture des Temps instables; Jean Portante (Editions Phi)
  • Zalto Mortale; Jean Back (Kremart Editions)

Kategorie Sachbuch

  • Don't feed me; Sabrina Gérard (Editions Schortgen)
  • E Maufel Lëtzebuerg; Maischi Tibesart (Editions Guy Binsfeld)
  • Marisha, Das Mädchen aus dem Fass; Gabrielle Hannemamm (Editions Friederich-Schmidt)
  • Tarantula - Seems impossible. Let's do it (Maison Moderne)

Kanner a Jugend

  • Eng Maus am Haus; Renée Weber (Text), Illustratiounen vun de Kanner aus der Heischenter Kannerstuff (Editions Op der Lay)
  • D'Glühschwéngchen; Nora Wagener / Luc Caregari (Text); Carlo Schmitz (Illustratioun) (Editions Op der Lay)
  • D'Pohutukaw-Eil; Liz May (Text an Illustratioun) (Editions Phi)
  • L'imagination; Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld)

D'Jury, déi d'Bicher fir d'Shortlist selektionéiert huet:

  • Lambert Schlechter (Schrëftsteller)
  • Ludivine Jehin (Centre National de Littérature)
  • Marthy Bracké (Cité Bibliothéik)
  • Valerija Berdi (radio 100,7)
  • Silvano Vidale (Vidale-Gloesener)

Vum 22. Oktober bis den 8. November kann de Public op bicherdeeg.lu oder rtl.lu senge Favoritten eng Stëmm ginn. D'Gewënner ginn am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, den 17. November ausgezeechent.

Méi zum Thema

Radioprais2.jpg Exklusiv
RADIO-PRÄIS

E Grupp vu Flüchtlingen, déi an engem Wéngert Aarbecht an en Ënnerdaach fonnt hunn, gi vun den Duerfbewunner verdriwwen.

Radiopräis
Appel un Auteuren

"Sozial Medien an hiren Impakt op Zäit a Kultur" ass d’Thema vum 100,7 Radio-Präis 2016. Dat bescht Hörspill-Manuskript kritt 3500 Euro. De Concours ass op fir all Auteuren aus der Groussregioun.

Nathalie Bender Kommentar
Walfer Bicherdeeg

"Europa Quo vadis" war d'Thema vun de Walfer Bicherdeeg 2015. Mee firwat geet dat Lëtzebuerger Buch net iwwer d'Grenzen an Europa, freet d'Nathalie Bender.

walfer bicherdeeg.jpg
Walfer Bicherdeeg Spezial

Dës Woch huet zu Walfer rëm alles ronderëm Literatur gedréint, et war schonn déi 21. Editioun vun de Bicherdeeg. Mir bliederen zréck a werfen e Bléck op d'Highlighten dovun.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen