Literatur D'Nora Wagener kritt de Servais-Präis iwwerreecht

Zënter 1992 zeechent d'Fondatioun Servais all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg publizéiert ass, aus. Dëst Joer huet d'Nora Wagener mat "Larven" d'Jury iwwerzeegt. Et ass e Band mat kuerze Geschichten an däitscher Sprooch.

Nathalie Bender / nw

Prix Servais 3.jpg
D'Nora Wagener an d'Claire Leydenbach bei der Iwwerreechung

Déi fréier Directrice vum Nationale Literaturarchiv, Germaine Goetzinger, schwätzt vun engem Generatiounewiessel. Net nëmme jonk, mä och weiblech Schrëftstellerinnen hätten de "Prix Servais" fir hir Aarbechte gewonnen. D'Nora Wagener fir "Larven", publizéiert vun Hydre Editions, an d'Claire Leydenbach mat hirem Manuskript "L'oeil grand fermé".

Präis am Wäert vu 6.000 Euro

"Schreibieren" nennt d'Nora Wagener hire Prozess vum kreative Schreiwen. Am Mierscher Kulturhaus huet si um Dënschdeg Owend hir Auszeechnung am Wäert vun 6.000 Euro fir "Larven" entgéint geholl. Dem Laudator Ian de Toffoli no sinn der Schrëftstellerin hir Wierker keng einfach Texter, mä se wiere fir ze genéissen. Genee sou wéi Wierker vum Pablo Picasso oder Francis Bacon.

"Mat deenen Texter schallt een net of, wéi mat den habituelle Bestseller-Texter. Am Géigendeel, do schalt ee sech un. Dofir si se sou gutt."

"E risege Bordell"

De "Prix d'encouragement" vun der Fondatioun Servais goung un d'Claire Leydenbach, fir deen nach net publizéierte Roman "L'oeil grand fermé". Deen huet si ënner dem Pseudonym Anita Gretsch geschriwwen. D'Nathalie Ronvaux felicitéiert der Claire Leydenbach an hirer Laudatio:

"Wéi mir iwwer all d'Theme vun dengem Roman geschwat hunn, sos Du, datt et e risege Bordell wier. Ma da wënschen ech Dir vill riseg Bordellen, well et war mir eng riseg Freed, déi ze liesen."

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Nora Wagener
Prix Servais

De Prix Servais 2017 geet un d'Nora Wagener. Dat bedeitend Wierk "Larven - Kurze Geschichten" benotzt eng impressionnant Sprooch, déi voller Biller a stilistescher Diversitéit ass, fënnt de Jury.

Buch
Lëtzebuerger Literatur

Literaturpräisser, innovativ Projeten an zeg Literaturevenementer: D'Literaturjoer 2016 hat villes ze bidden. Wat huet d'Lëtzebuerger Literatur am Joer 2016 am meeschte markéiert? Ee Réckbléck.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen