Nationalbibliothéik D'Nationalbibliothéik um Wee vun der Transformatioun

Wéi eng Projete si finaliséiert a wat sinn d'Visioune fir d'Zukunft? De Claude Conter ass zënter 2020 Direkter vun der Nationalbibliothéik, déi 2019 aus dem Zentrum an dat neit Gebai um Kierchbierg geplënnert ass.

Valerija Berdi / cz

Carlo Blum a Claude Conter
De Carlo Blum an de Claude Conter vun der Nationalbibliothéik.

Lauschteren


Fënnef Projete sinn elo an der Nationalbibliothéik finaliséiert ginn. Den éischten ass d'Migratioun op en neie System, deen erlaabt d'Gestioun vun Donnéeë vu méi wéi 80 Bibliothéiken zu Lëtzebuerg ze optimiséieren. Kuerz heescht dee Projet ALMA.

"Mir hunn am Moment ongeféier 1,1 Millioun e-booken an eisem Repertoire dran an déi hu missen un de Mann, un d'Fra bruecht ginn. Mir hunn do missen eis Vue iwwerdenken an op en neie System migréiere wou mer et vill méi einfach hunn, elektronesch a Print-Dokumentatioun zesummen ze bréngen", seet de Carlo Blum.

Prêt numérique

Op hirer Internetsäit eluxemburgensia.lu wëll d'Nationalbibliothéik bis 2030 sämtlech Monografien a Périodiquë vum Lëtzebuerger Fong numériséieren.

"Am Respekt vun den droits d'auteur wëlle mer dat alles och doheem zougänglech maachen, am Sënn vun engem Prêt numérique", sou de Claude Conter.

Déi Inhalter op deene keng droits d'auteur méi drop sinnm fënnt een um Site eluxemburgensia.

Visiteurszuel huet sech méi wéi verduebelt

D'Nationalbibliothéik ass net just e Lieu, wou een Bicher ausléine kënnt, et ass och e Raum vun der Recherche, Studenten, Chercheuren an natierlech och Buchliebhaber hale sech och gäre méi laang op an der BNL. D'Zuel vu Persounen, déi sech an der Nationalbibliothéik ophalen huet sech innerhalb vun enger Joer verduebelt an dofir ass decidéiert ginn d'Ëffnungszäiten ze verlängeren.

An eng weider Ännerung, déi dem Public entgéint kënnt: Vun elo un, kann ee sech iwwer Myguichet.lu an d'Nationalbibliothéik aschreiwen.

Méi zum Thema

Loutsch Manuskript
Patrimoine

D'Nationalbibliothéik krut eng aussergewéinlech privat Sammlung am Beräich vun der Heraldik, also der Wopekonscht, geschenkt. Dorënner 51 rar Manuskripter, déi deelweis aus der Zäit vu viru 1500 stamen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen