Expo D'Michelle Cotton an de Postkapitalismus am Mudam

Virun zwee Joer war am Mudam en neie wichtege Poste geschaafen an ausgeschriwwe ginn: dee vum Responsabel fir d'Programmatioun an den artistesche Contenu. Engagéiert gouf d'Englännerin Michelle Cotton, zanter 2015 Directrice vum Bonner Kunstverein. D'Konschthistorikerin hat ënner anerem d'Renne gemaach, well si mat engem fäerdegen Ausstellungskonzept an d'Virstellungsgespréich komm war. Duerch Corona konnt et eréischt elo konkretiséiert ginn, mee dat mécht d'Expo "Post-Capital: Konscht an Ekonomie am digitalen Zäitalter" net manner interessant.

Kerstin Thalau / tt

Mudam_Post-Capital_08-10-21_368.jpg
Foto: Mudam

Et wier e bësse vu béidem, sou d'Michelle Cotton: fir d'Expo wollt si e puer vun den aktuelle Schlësselfiguren aus der internationaler zäitgenëssescher Konschtzeen zesumme bréngen, wéi d'Hito Steyerl oder d'Laura Owens, Joergang 1966 an 1970, an domat e bësse méi al wéi de Gros vun de Kënschtler, mee extrem aflossräich an de leschte Joren.

Wat determinéiert eis Gesellschaft?

Oder déi ganz jonk Kroatin Nora Turato, Joergang 1991, déi mat hirer Grafikkonscht an hire Performancen zum Thema Volatilitéit vu Sprooch den Nerv vun der Zäit trëfft. All hir Aarbechten hätten, wéi duerch e glécklechen Zoufall, perfekt zum Motto "Post-Kapitalismus" gepasst.

An hirem Buch "Capital is dead" vun 2018 stellt d'McKenzie Wark d'Fro, ob den Terme "Kapitalismus" nach adequat eis momentan Situatioun beschreift, faasst d'Michelle Cotton zesummen. Vläicht huet d'Revolutioun ni stattfonnt, an de sougenannte Post-Kapitalismus, globale Kapitalismus oder Iwwerwaachungskapitalismus sinn nach méi schlëmm.

Fir d'Michelle Cotton waren dat interessant Aussoen, zemools a Relatioun mat der Peter-Drucker-Publikatioun "Post-Capital-Society" vun 1993, an där den Internet nach guer keng Roll spillt, mee an der den Auteur schonn eng Gesellschaft beschreift, an där Wëssen, d'Proprietéit an d'Organisatioun vun Informatioun d'Ekonomie determinéieren.

Natierlech wiere Kënschtler Produzente vun Informatioun, si wieren Auteuren, Kreateuren. Mee d'Michelle Cotton denkt net, datt der vill sech als Muechtpersounen, esou wéi se am Kapitalismus beschriwwe ginn, gesinn. Si hätte vill Afloss, wiere wichteg fir eis, mee well se Froe stellen, well se d'Welt ronderëm eis a Fro stellen.

Eegene Chef sinn an trotzdeem Sklav

Bei dëser Fro denkt d'Michelle Cotton un d'Video-Installatioun mat fënnef Ecrane vun der Liz Magic Laser. D'Kënschtlerin hat dofir weltwäit 5 Freelancer fir hir verschidde professionell Capacitéiten engagéiert: dorënner e Graphikdesigner, e Storyboard-Zeechner, eng Voice-Over-Kënschtlerin. Si huet vun engem gemeinsame Film geschwat, mee am Fong ginn doranner déi fënnef eenzel Liewensgeschichte gezielt, also wéi haart hiren Alldag ass, wäit ewech vun enger Life-work-balance.

Wéi komplizéiert et ass, fir verschidde Patronen a verschiddenen Zäitzonen ze schaffen, datt si fir gewéinlech méi Opträg unhuelen, wéi fir se gutt wier, an datt sech hir Famill doheem carrement vun hinnen distanzéiert huet. Der Liz Magic Laser hiert Wierk thematiséiert e Paradox, deen typesch fir dës Zäit ass: et gi Mënschen, déi hiren eegene Boss sinn, ma an engems si se Sklaven a ginn a villen Hisiichten exploitéiert.

Zu enger Spillfigur degradéiert

D'Sondra Perry zielt an hirer Multimedia-Installatioun d'Geschicht vun hirem Zwillingsbrudder, sou d'Michelle Cotton. Dee war zu College-Zäiten aktive Basketball-Spiller. Spéider huet hien erausfonnt, datt seng biometresch Date vun der National College Athletic Association un eng Firma fir Computerspiller verkaf gi waren.

Hien a seng Teamkomerode waren ongefrot zu Spillfiguren degradéiert ginn, si hunn och ni Suen dofir kritt, obschonns anerer mat hinne Profit gemaach hunn. D'Kënschtlerin huet dës Geschicht mat Biller aus ethnographesche Muséeë kombinéiert, si géif deemno generell Froen zum Theema Rass, Rassismus, Kolonialismus, Pouvoir, Autorerechter stellen.

Fir d'Michelle Cotton gëtt et kucken a kucken. Virun engem Tableau stoen, en observéieren, Zäit domat verbréngen, wier komplett anescht ewéi eng Serie op Netflix op sech awierken ze loossen.

D'Curatrice huet dacks materlieft, datt Kanner komplett onbefaangen un zäitgenëssesch Konscht eru ginn, mee vill Erwuessener géife sech eleng scho mat der Institutioun Musée schwéier dinn.

A wéi solle se dann nach relax iwwer d'Bedeitung vun engem Konschtwierk nodenken. Et wier schéin, wa se sech vun hiren Inhibitioune fräi maache kéinten. Schliisslech géif de Kënschtler einfach nëmme versichen, Kontakt opzehuelen, Iddien ze kommunizéieren, ebe just op eng aner Manéier. Mir kéinten dës Invitatioun unhuelen oder fale loossen. Fir d'Michelle Cotton ass et och ok, wann e Wierk oder eng Expo engem Visiteur näischt bedeit.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Esch2022 Press day
Esch2022

Déi 130 lokal Projete wieren an "dréchnen Dicher", sou d'Organisateure vun Esch2022. Vun den ugestriefte Sponsoregelder ass een nach e Stéck ewech. A véier Méint ass den offizielle Lancement.

CinEast Präis
CinEast 2021

Déi 14. Editioun vum CinEast-Festival ass e Sonndeg op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf schonn den Owend virdrun de kroateschen Drama "Murina" ausgezeechent. E Bléck op de Palmarès.

"Fin du monde, j'y vais"
Triennale jeune création

Kennt Dir de Slogan "Tout doit disparaître"? D'Kënschtlerin Clara Thomine huet fonnt, dorënner kéint een och d'Enn vun der Welt gesinn. Aktuell presentéiert si e Projet zum Thema op der Triennale jeune création.

Armand Quetsch
Ausstellung

D'Escher Konschthal gëtt aktuell fir hir Ouverture am Hierscht transforméiert, mee op hirem Parvis ass scho reegelméisseg Konscht ze gesinn. D'Joanne Klopp huet sech mam Armand Quetsch ënnerhalen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen