Patrimoine D'Mansfelder Schlass a Clausen

Mëtt Juli huet de Gaart vum Mansfeld-Schlass a Clausen seng Diere fir de Public opgemaach. D'Aweiung war pünktlech fir de 500. Gebuertsdag vum Peter-Ernest von Mansfeld organiséiert ginn. Den Arméikommandant war am 16. Joerhonnert am Optrag vun der spuenescher Kroun bal 60 Joer laang Gouverneur vu Lëtzebuerg. Wat erwaart de Public um Site vum Schlass?

Armanda Scheuer / cwi

Parc_Mansfeld_Copyright_Ville_de_Luxembourg_Patrick_Muller.jpg
De Park Mansfeld (Foto: Ville de Luxembourg / Patrick Muller)

Am Kader vum Kulturjoer hat den nationale Geschichtsmusée 2007 eng éischt Ausstellung iwwert de Renaissanceprënz Peter-Ernest von Mansfeld gewisen. Dofir goufen Ausgruewungen um Site vum fréiere Mansfeld-Schlass a Clausen gemaach. Deemools hunn d'Frënn vum Mansfeldschlass gefuerdert, datt eppes um Site vum Mansfeld-Schlass sollt geschéien.

Virun zwee Joer koum Beweegung an den Dossier. D'Stad Lëtzebuerg hätt sech mat der Regierung zesummegedoen an decidéiert, "eppes am Sënn vum kulturelle Patrimoine ze maachen", esou de fréiere Conservateur vum Geschichtsmusée Jean-Luc Mousset. D'Associatioun hätt d'Stad besonnesch um historesche Plang beroden.

40 Joer laang gebaut

D'Iwwerreschter aus dem 16. Joerhonnert konnten am Kader vun Ausgruewunge fräigeluecht ginn. Et wieren awer och Iwwerreschter aus dem Mëttelalter fonnt ginn. "Déi stamen awer aus enger Zäit zu där de Mansfeld net an d'Landschaft agegraff huet", preziséiert d'Architektin vun der Stad Lëtzebuerg Shaaf Milani-Nia. Fir d'Renaissanceschlass ze bauen hat de Peter-Ernest von Mansfeld d'Terraine vun engem mëttelalterleche Quartier opkaaft. D'Haiser waren zum Deel zerstéiert an d'Mënschen déi nach do gewunnt hunn, sinn ëmgesidelt ginn, sou de Jean-Luc Mousset. 40 Joer laang gouf gebaut. "Dat war och nach net fäerdeg wéi de Mansfeld gestuerwen ass".

Mat Hëllef vun Illustratiounen an ale Fotoe gëtt de Visiteure vum neie Park erkläert, wéi de Site sech bis haut entwéckelt huet, wat d'Bedeitung vum Schlass war, a wéi et nom Dout vum Peter-Ernest von Mansfeld am Joer 1604 weidergaangen ass. D'Frënn vum Mansfeldschlass sinn iwwerdeems derbäi, a Form vun engem Film eng 3-D Rekonstruktioun vum Mansfeld-Site z'entwéckelen, erkläert de Jean-Luc Mousset. Esou kéinten d'Leit sech e Bild dovu maachen, wéi d'Schlass deemools ausgesinn hätt, "vun der Truecht, vum Ausgesinn a vun deenen Iwwerleeungen, déi de Mansfeld gemaach huet."

"Mir hunn et kleng gehalen."

Et wier awer net d'Zil de Site nees genee esou opzebauen, wéi en am 16. Joerhonnert ausgesinn huet, ënnersträicht d'Shaaf Milani-Nia. Bis kloer wier, wat mat der Ruin vum Schlass geschitt, kéint et nach daueren, well d'Gemeng fir d'éischt bauhistoresch Analysen mécht. Am Park sollen awer nach weider Amenagementer realiséiert ginn. "Mir maache just genuch, fir datt een net vill ronderëm futti mécht. Mee mir maache keng grouss Interventiounen", erkläert d'Architektin. Et wéilt een näischt realiséieren, dat een no dräi Joer erëm misst modifizéieren. Si betount awer, "et ass richteg gemaach ginn an et ass gutt gemaach ginn."

Bei der Ouverture vum Park (Foto: Photothèque VDL / Charles Soubry)

D'Stader Gemeng hat d'Awunner vum Quartier op enger Biergerversammlung gefrot wat hinne géif am Park feelen. Esou konnt si verschidden Iddien an de Projet integréieren. D'Leit sinn der Shaaf Milani-Nia no frou iwwert den Heritage, genau esou awer iwwer déi grouss Fläch an der Mëtt vum Quartier, déi si als Park notze kënnen. "Si si sech eens, datt mir näischt kënne maachen, dat den Heritage a Fro stellt." Bis de ganze Site fir de Public accessibel gëtt, wäert et der Architektin no awer nach e puer Joer daueren.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Rollstullgerecht
Journées du patrimoine

De Patrimoine spigelt d’Geschicht vun engem Land erëm. Et ass et wichteg, datt e fir jiddereen zougänglech ass. Dofir stinn d'Journées du Patrimoine dëst Joer am Zeeche vun der "Accessibilitéit".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen