Netflix D'Éiwegkeet kann op eemol laang ginn

"The Old Guard" ass e begréissenswäerte Schratt op d'Säit géigeniwwer dem gewéinleche Superhelde-Kascht. Manner technologesch Surenchère, dofir gutt Acteuren, vun deenen hei och net ze vill verlaangt gëtt.

Michel Delage

Filmkritik The Old Guard
Eng onstierflech Equipe (Foto: 2020 Netflix, Inc.)

Eng kleng Trupp vu véier idealistesche Sëldner - eng Fra an dräi Männer - gëtt engagéiert, fir am Süd-Sudan jonk Geiselen ze befreien. Wärend där Missioun stellt sech eraus, datt d'Sëldner erageluecht goufen. Den Opdraggeber ass a Wierklechkeet e Pharmakonzern, deen hanner d'Geheimnis vun hirer spezieller Fäegkeet wëll kommen: hir Onstierflechkeet.

''The Old Guard'' ass e weidere Superheldefilm, eng weider Adaptatioun vun engem amerikanesche Comic. Den Zeechner Greg Rucka huet d'Dréibuch op Basis vu senger eegener Serie mam selwechten Titel geschriwwen. Regie féiert d'Gina Prince-Bythewood, een nach relativ onbeschriwwent Blat.

Vir- an Nodeeler vum Liewen als Superheld

Wéi esou dacks an deem Genre vu Filmer hu mer et hei mat enger Partie Individuen ze dinn, déi sech duerch besonnesch Kapazitéiten auszeechnen. Ob Zaldot aus der napoleonescher Arméi, mëttelalterleche Kräizritter respektiv Sarazen, antik Kämpferin oder US-Marin - all hu se iergendwa festgestallt, datt hir Wonne séier heelen a si einfach net stierwen. An datt et nach e Grapp voll aner Mënsche gëtt, mat deenen se hiert Schicksal kënnen oder mussen deelen.

Hir Fäegkeeten empfanne si nämlech éischter als Fluch ewéi als Seegen. Firwat dës iwwernatierlech Donen also net fir dat Gutt an der Welt asetzen, a sief et och just, well d'Zäit engem soss dach e bësse laang gëtt a mam Béisen ëmmer fir genuch Aarbecht wäert gesuergt sinn.

Béis Wëssenschaftler vs Gutt Sëldner

An deem heite Fall ass dat Béist d'Wëssenschaft, respektiv de leider e bësse karikatural ausgefalene Chef vun engem pharmazeutesche Konzern, dee mat enger revolutionärer Iddi vill Sue wëllt verdéngen. An engem maartwirtschaftlechen Ëmfeld, wou sech eng haart Konkurrenz geliwwert gëtt, ass de Wëssenschaftler net méi den idealisteschen Entdecker am Déngscht vun der Mënschheet, als deen e vläicht fréier emol gefeiert gi war - soe mer virun der Erfindung vun der Atombomm.

An ''The Old Guard'' ginn d'Rollen einfach ausgetosch. Den Idealismus ass elo op der Säit vum Sëldner, eng Figur, déi soss ëmmer mat puerem Opportunismus verbonne gouf. ''Sidd dir dann elo déi Gutt oder déi Béis?'', heescht et ee Moment am Film. ''Dat hänkt vun der historescher Period of'', sou d'Äntwert, déi dëst Ëmpole vun de Wäerter am Laf vun der Geschicht vun der Mënschheet resuméiert.

E Schratt op d'Säit

''The Old Guard'' gëtt engem iwwerhaapt den Androck, e Schratt op d'Säit ze maache géigeniwwer dem gewéinleche Superhelde-Kascht, deen d'Kinossäll déi lescht Jore monopoliséiert hat. Action gëtt et zwar och hei genuch, et gëtt vill geschoss, geschloen, gesprongen a geturnt, an dat Ganzt ass emol net onbedéngt besser choreographéiert wéi an anere Genrefilmer. Mee et ass net méi de digital-pyrotechnesche Spektakel, dee sech vu Film zu Film huet missten iwwerbidden, fir déi potentiell Spectateure bei der Staang ze halen. De Film leet bewosst méi Wäert op de Fong.

De Personnage vun der amerikanescher Elittezaldotin Nile, déi als lescht bei d'Band vun den Onstierfleche bäigestouss ass, hëlt an deem Sënn d'Funktioun vun engem Revelateur an. Zesumme mat hir entdecke mer, aus wéi engem Holz déi dote Superhelde geschnëtzt sinn. Gläichzäiteg ginn och si selwer sech vun hiren eegene Limitte bewosst - och si huelen emol Decisiounen, déi nëmmen allze mënschlech sinn.

Fein, mee ënnerbelaaschten Acteuren

Begrenzt sinn iwwerdeems d'Acteuren. Net datt et schlecht Schauspiller wieren, am Géigendeel: Charlize Theron (och Co-Produzentin), Matthias Schoonaerts (''Rundskop'', ''Mustang''), Luca Marinelli (''Martin Eden''), Kiki Layne a Marwan Kenzari forméieren eng ganz fein Equipe, déi an dësem Sci-fi-Fantasy-Ëmfeld credibel wierkt. Mee d'Dréibuch bitt hinnen trotz allem net genuch Raum, fir sech no all hire Méiglechkeeten ze entfalen.

De Filmtitel ''The Old Guard'' kléngt wéi en ironesche Kommentar op d'Surenchère vu Superhelden aus de leschte Joren. Dëse Film ass deem géigeniwwer op eng Manéier e Schratt zeréck. A grad dofir ass en eigentlech als e Schratt no vir ze begréissen, och wa keen all ze groussen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Pinocchio Filmkritik
Nei am Kino

Ënner dem einfachen Titel "Pinocchio" realiséiert de Matteo Garrone eng weider Adaptatioun vum Carlo Collodi sengem Klassiker aus der Kannerliteratur, mam Roberto Benigni an der Roll vum Gepetto.

Wasp Network
Netflix

Den Olivier Assayas huet mat ''Wasp Network'' déi reell Geschicht vu kubaneschen Agente verfilmt, déi wärend den 1990er Joren a Florida antikommunistesch Exil-Kubaner ausspionéiert haten.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen