Danzkreatioun D'Dramaturgie vun der Hëtzt

D'Choreographinne Lotta Suomi an Heli Keskikallio wollten sech der Sensatioun iwwer d'Haut méi genee ukucken, an hunn am Kader vun engem Echange de résidence un der Kreatioun mam virleefegen Titel "Dramaturgies of Heat" geschafft.

Romain Butti

Dramaturgies of Heat
Zeen aus "Dramaturgies of Heat". Foto: Lotta Suomi & Heli Keskikallio.

Wann een sech an der Däischtert erëmfënnt, vun engem Moment op deen aneren, brauch een eng Zäitchen, fir sech erëm zurecht ze fannen. Eis Sënner mussen sech erëm sammelen, an et ka sinn, datt verschiddener dovun, sief et eis Oueren, eis Nues oder eist Fillen, méi eng grouss Opmierksamkeet kréien. Mir mierke vläicht och erëm, datt mir eis Sënner gäre fir selbstverständlech ugesinn.

D'Kënschtlerinne Lotta Suomi an Heli Keskikallio wëllen sech der Sensatioun iwwer d'Haut an hirer Danzkreatioun méi genee ukucken. D'Cheoreographinne komme vum JoJo Dance Center zu Oulu am Norde vu Finnland, a sinn am Kader vun engem Echange de résidence zu Bouneweg am Trois-CL gewiescht.

D'Gefill, d'Hëtzt op der Haut ze spieren

Hei hu si un der Kreatioun mam virleefegen Titel "Dramaturgies of Heat" geschafft - e Work in Progress, deen hei zu Lëtzebuerg eréischt ugefaange gouf. Der Lotta Suomi an Heli Keskikallio hir Aarbecht beschäftegt sech mat de Sënner, virun allem dem Upaken, den Nuancen, déi mir iwwer eis Organer, besonnesch eis Haut kënnen ophuelen, an den Ausdrock vun eisem Kierper, fir alles dat, wat ronderëm eis ass, besser ze verstoen:

"D'Heli an ech haten e Cours besicht, wou et vill ëm d'Upake goung. Mir hu gemierkt, datt d'Upaken immens wichteg ass fir d'Iwwerliewen. Wann een net mat der Haut fillt, kann een net liewen. Et kann een ouni Aen, Oueren, Nues a Mond liewen. Mee ouni d'Upake geet et net."

Ouni säi Ronderëm kënnen ze ertaaschten, ze wëssen, wou ee grad drun ass, ass et onméiglech iwwerliewen ze kënnen, seet d'Choreographin Lotta Suomi.

Wéi bei enger Achtsamkeits-Übung muss ee fir d'éischt emol d'Opmierksamkeet zréckbréngen op esou e selbstverständlecht Gefill wéi dem Upaken. An d'Schwieregkeet besteet jo och doran, esou eppes Alldeegleches elo kënschtleresch op der Bün ze verschaffen.

Beréieren op méi wéi engem Niveau

D'Lotta Suomi seet hei eppes ganz Interessantes, an zwar, datt de Kierper ëmmer betraff ass, de Kierper ass ëmmer en Deel vu sengem Ronderëm, e beréiert zu all Ablack iergend eppes ëm sech - sief et en Objet, eppes Onsiichtbares, oder och op engem emotionale Level: eng Persoun beréieren.

Mee, wou Proximitéit ass, kann och eng Distanz entstoen:

"Mir hunn eis vill Gedanke gemaach iwwer d'Gefill vun der Distanz. Et kann een sech zu anere Leit distant fillen, och wann een sech kierperlech beréiert. Heiansdo fillt een sech ganz no, et fillt sech kënneg un, an heiansdo ass et iwwerhaapt net kënneg."

Sech kierperlech no ze sinn, heescht net onbedéngt, datt een sech no ass, seet d'Lotta Suomi. Och wann een sech mam Kierper beréiert, kann et virkommen, datt een um emotionalen Niveau ganz wäit auserneen ass.

Andeems d'Kënschtlerinnen un hirer Kreatioun schaffen, léieren si ëmmer nei Schichte vum Sech-No-Si kennen, an et sinn dës Elementer, déi an "Dramaturgies of Heat" op eng eegen Aart a Weis kënne verschafft ginn. Zil ass et net, dem Spectateur eppes Kryptesch-Zerknujeltes ze weisen, mee villméi wëllen d'Choreographinne mat ganz reduzéiertem Material eng emotional Verbindung mam Spectateur opbauen:

"Mir envisagéieren, datt de Public fräi associéiert. Egal, wat an hir Käpp kënnt, ass okay. Mir maache ganz einfach Saachen, a versichen, de Spectateure genuch Raum ze ginn, esou vill wéi si wëllen. Et ass Zäit do, fir sech ze langweilen, awer och, fir éischt Gedanke lasszeloossen, fir datt nei Gedanke kënne kommen."

Eng simpel Approche

Een Deel vun der Recherche huet doraus bestanen, esou einfach et kléngt, sech op de Buedem an d'Sonn ze leeën, an d'Hëtzt op senger Haut ze fillen. Eng simpel, minimalistesch Approche, aus där een awer vill kann eraushuelen:

"Mir wëllen et de Leit erméiglechen, datt si nei op d'Saache kucken - zum Beispill, wann eng Persoun um Buedem läit. Mir maache ganz einfach Saachen. Mir hunn d'Stéck fir de Moment mol 'Dramaturgies of Heat' genannt, an hoffen, datt dëst d'Zuschauer e bësse guidéiert, als Kontext, an deem d'Leit sech kënnen erëmfannen."

An der Mediathéik:

Kultur / / Romain Butti
Lauschteren

Méi zum Thema

The Blind Narcissist
Kreatioun vum Saeed Hani

A senger Kreatioun "The Blind Narcissist" beschäftegt sech de Choreograph an Dänzer Saeed Hani mat der Selbstverléiftheet an eiser Gesellschaft a wéi eng Konsequenzen domat verbonne sinn.

D'Brigitte Uhrhausen spillt d'Medea an der Adaptatioun vum Rafael David Kohn
Theaterkritik

Dem Euripides seng Tragedie "Medea" erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi hir Kanner ëmbréngt. Den Theaterklassiker ass vum Regisseur Rafael David Kohn nei an Zeen gesat ginn.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen