Nominatioun D'Causa Joanne Goebbels

De Choix vun der Joanne Goebbels als nei Directrice vun der Nationalbibliothéik stoung um Ordre du jour an der Chamberkommissioun.

Valerija Berdi / cbi

BNL
D'Nationalbibliothéik um Kierchbierg. Foto: Luc Boentges

D'Presidentin vun der Kulturkommissioun Djuna Bernard (déi gréng) ënnersträicht, datt et e ganz demokrateschen a klore Prozess gewiescht wier, wéi iwwer d'Nominatioun vun der Joanne Goebbels als nei Directrice vun der Nationalbibliothéik diskutéiert gi wier. D'Oppositioun hätt d'Recht gehat fir Froen ze stellen, an déi wieren op eng fair a kloer Aart a Weis gestallt ginn, an d'Kulturministerin Sam Tanson hätt grad esou fair a kloer kënnen drop äntweren.

"Natierlech stelle sech bei Rekrutementsfroen ëmmer vill Froe ronderëm, well ee selwer net déi selwecht Ablécker an en Dossier huet. D'Madamm Ministerin konnt aus Dateschutzgrënn hei net alles soen, net alles virleeën, dat mécht et natierlech net ëmmer esou evident."

D'Sam Tanson hätt den Deputéiert de Prozess awer kloer beschriwwen, wéi dat Ganzt ofgelaf wier, "wéi déi verschidden Checks and balances och agehale goufe vu Juryen, vun engem Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État (CGPO), déi Tester, déi d'Tester gemaach huet".

Fir d'Djuna Bernard ass kloer, datt dee Prozess fair an transparent ofgelaf wier, an datt d'Nominatioun vun der Joanne Goebbels "total gerechtfäerdegt" wier.

Transparenz a Fairness

Dës Erklärung spigelt d'Vu vum Fernand Kartheiser (ADR) net erëm. Den Deputéierten ass net d'Accord mat der Wiel a stellt d'Fairness an d'Transparenz a Fro:

"D'Prozedur bei deenen zwee Kandidaten, déi schlussendlech nach am zweeten Tour a Konkurrenz matenee waren, war ënnerschiddlech. Et gëtt eis erkläert, et wier duerch Covid gewiescht, mee et ass esou, datt d'Madamm Goebbels d'Tester ënner normale Konditioune konnt maachen, an den anere Kandidat, den Thierry Hirsch, deen huet déi Tester nëmmen deelweis kënne maachen an ënner anere Konditiounen. Also ech fannen do ass awer e Vice de procédure, an et ass um Geriicht dat elo ze tranchéieren."

De Fernand Kartheiser schwätzt vun enger "ganz erstaunlecher Saach". Den Thierry Hirsch, den zweete Kandidat fir de Posten, hätt säi Conceptpaper publizéiert, mee fir d'Joanne Goebbels wéilt d'Kulturministerin Sam Tanson deen net publizéieren, well deen Deel vum Dossier wier. "Mir mengen, da kéint d'Madamm Goebbels e jo selwer publizéieren", fuerdert de Fernand Kartheiser.

D'Kulturministerin Sam Tanson erkläert, datt d'Joanne Goebbels hir Tester physesch gemaach hätt, mee den Thierry Hirsch hätt säin Entretien iwwer Skype mat engem Psycholog vum CGPO gemaach. Doropshin hätt si ee Rapport kritt mat enger klorer Recommandatioun fir d'Madamm Goebbels fir dee Posten.

Fuerderunge vun der CSV

E weidere Punkt, deen um Ordre du jour vun der Kultur-Chamberkommissioun stoung, wat d'Motioun vun der CSV-Deputéiert Octavie Modert, déi déi finanziell Situatioun vu fräischaffende Kënschtler wärend dem Confinement an der Zäit duerno thematiséiert.

D'CSV freet, datt d'Dauer, bis d'Kënschtler an der aktueller Situatioun Hëllef kënnen ufroe vun 12 op sechs Méint soll erof gesat ginn, an datt vun elo un d'Quoten an der Radiosdiffusioun a bei den audiovisuelle Medie sollen agefouert ginn, déi dës verflichte 15 Prozent vun hirem Programm der Musek a Kreatioun vu Lëtzebuerger Kënschtler ze garantéieren a datt och, ënner anerem, e Fong soll kreéiert ginn, deen no der Kris de Kënschtler soll zegutt kommen.

Eng weider Fuerderung ass, datt de Kulturentwécklungsplang der aktueller Krisesituatioun soll ugepasst ginn, grad wéi d'Ënnerstëtzung bei enger neier Planifikatioun vu Veranstaltungen, déi wéinst dem Confinement hu missen ofgesot ginn.

Dës Diskussioun ass op déi nächst Sëtzung vun der Kulturkommissioun verluecht ginn, déi, laut der Presidentin vun der Kulturkommissioun, viraussiichtlech di nächst Woch soll zesumme kommen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

BNL
Nominatioun

Net jiddwereen ass glécklech mam Choix vun der neier Directrice vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik. D'Valerija Berdi huet bei verschidden Deputéiert an der Kulturministerin Sam Tanson nogefrot.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen