Grousse Projet am Diddelenger CNA D'Aarbechten un der zweeter "Family of Man"

Nieft dem Edward Steichen senger weltberühmter Foto-Sammlung vun 1955 soll a véier Joer zu Klierf och d'Teutloff-Sammlung ausgestallt ginn. Bis dohin ass nach vill ze dinn.

Kerstin Thalau / jcf / cz

D'Konschtrestauratrice Silvia Berselli a Francesca Vantellini
D'Konschtrestauratricë Silvia Berselli a Francesca Vantellini

D'Authentifikatioun a Restauratioun vun deene bal 500 neie Konschtwierker (haaptsächlech Fotoen a verschiddene Formater vu knapps 200 internationalen Artisten) ass mat Opwand verbonnen: "The Contemporary Family of Man" vum däitsche Sammler Lutz Teutloff gëtt den Ament am Centre National de l'Audiovisuel zu Diddeleng an d'Archiver opgeholl.

D'Nouveautéite mussen identifizéiert an authentifizéiert ginn a fir d'Conservatioun a spéider Ausstellunge preparéiert ginn. Dofir kënnt reegelméisseg en internationaalt Team vu Restaurateuren a Fotospezialisten am CNA zesummen.

D'Sich no Ieselsecken a Stëbs

Déi italienesch Restauratricë Silvia Berselli a Francesca Vantellini studéieren all eenzel Foto: Ass se verstëbst? War se mat Pechpabeier un d'Rumm oder de Passepartout fixéiert, an ass dat mëttlerweil al, an deemno problematesch ginn? Sinn Ieselsecken un de Fotoen? Déi musse glat gemaach ginn, well se mat der Zäit, zum Beispill an neien Enveloppen, riskéieren, ze wuessen.

Béid Fraen hunn net just e Faibel fir d'Foto selwer, mee och fir hir B-Säit. Hannendrop fënnt een nämlech heiansdo kuriéis Galerien- oder Auktiounsstempelen, déi en Hiweis op e Parcours vun engem Wierk duerstellen.

Keen Neiland fir d'Italienerinnen

D'Silvia Berselli kënnt extra vu Mailand op Diddeleng. An dat scho jorelaang, si huet och den Edward Steichen seng "Family of Man" restauréiert. Dat selwecht gëllt fir hir jonk Kolleegin Francesca Vantellini, déi mëttlerweil am Grand-Duché hänke bliwwen ass.

Nodeems eng Foto beaarbecht, fir d'Conservatioun am Archiv a fir spéider Aktiounen preparéiert ass, kënnt se bei den Sven Erik Klein ënner d'Lëns. Hien huet am CNA eng Zort däischteren Hightech-Fotolabo opgebaut fir d'Fotoen eemol ouni, da spéider nach emol mat Rumm vu béide Säiten ze fotograféieren. An zwar mat engem 100 Megapixelkamerasystem ënner Blëtzbeliichttung.


Dem Edward Steichen seng Sammlung vun 1955 (zanter 2003 Memory of the World vun der Unesco) gëtt mat der Teutloff-Sammlung ëm eng zäitgenëssesch Perspektiv beräichert. Eng éischt Géintiwwerstellung ass fir 2023 zu Klierf geplangt, wou jo och d'Edward Steichen-Sammlung zanter 1994 ausgestallt ass.

Méi zum Thema

Burning.jpg
Filmkritik

De Lee Chang-Dong ass zanter Joren um Filmfestival zu Cannes komplett eidel ausgaangen. An dat, obwuel säin neie Film vun der internationaler Kritik an den Himmel geluewt ginn ass.

Invité Schachspillerin Valerija
Invitée am Moies-Magazin

"Wann s du eng Partie (Schach) spills, da vergëss du all deng Problemer", seet déi lëtzebuergesch Weltmeeschtesch an der Kategorie 50+. Mat hir geet rieds iwwer hiert Spill an d'Bedeitung vum Schach.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen