Weider Déck Loft CNA: Regierung setzt commission d'accompagnement an

Nom Echec vun der Mediatioun am CNA zu Diddeleng setzt d'Regierung e commission d'accompagnement an. Den deementspriechende Reglement grand-ducal ass den Donneschdeg am Memorial publizéiert ginn. Den 11. Mäerz hat de radio 100,7 iwwer intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun vum Centre national de l'audiovisuel bericht.

Michel Delage / cz

CNA
Foto: CNA

E groussen Deel vum Personal, dorënner all d'chefs de service, kritiséieren d'Manéier wéi den Direkter Paul Lesch d'Digitalisatioun an d'Zesummeleeë vun den Archive geréiert. Am November d'lescht Joer war am CNA eng Mediatiounsprozedur lancéiert ginn. Kuerz no der Verëffentlechung vun den 100,7-Informatiounen haten d'Mediateuren d'Handduch gehäit: si krute vu ville Membere vum Personal Parteilechkeet virgeworf.

Déi nei Kommissioun d'accompagnement besteet aus véier Vertrieder vum Kulturministère, engem Vertrieder aus der Fonction publique an engem aus dem Budgetsministère. Si sollen de CNA an all senge Missiounen, dorënner d'Reorganisatioun, déi zënter der Mediatioun op Äis louch, beroden a begleeden. D'Kommissioun kritt Abléck an all d'Dokumenter, déi de CNA betreffen, a kann och Aarbechtsgruppen asetzen.

Méi zum Thema

CNA Exklusiv
100,7-Recherche

Zanter November 2021 leeft am CNA eng Mediatiounsprozedur fir intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun ze reegelen. D'Mediatioun huet bis elo net gehollef fir déi intern Suergen ze berouegen.

Net verpassen

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen