arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cinemathéik preparéiert Libeserkläerung un de Kino

Film

|
reading time

4 min

Cinemathéik preparéiert Libeserkläerung un de Kino

Anescht wéi déi aner Kinoen huet déi Stater Cinemathéik bis elo nach keen Datum fir hir Reouverture genannt. D'Virbereedunge lafen awer. Een Interview mat hirem Direkter Claude Bertemes.

reading time

4 min

Michel Delage: Wéini kann een dann nees Filmklassiker um groussen Ecran gesinn?

Claude Bertemes: Mir sinn natierlech drun interesséiert, eise Kino esou séier wéi méiglech erëm opzemaachen - mir si wierklech bis an d'Fangerspëtze motivéiert! Mee de konkreten Datum ass eng Decisioun vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg. Do gëtt dann och gekuckt, fir eng koherent Strategie par rapport zu anere kulturellen Evenementer an der Stad opzestellen. Natierlech preparéiere mer schonn alles, a wa mir de ''go!'' hunn, da leeë mir och lass.

Gouf et vun der Cinemathéik aus keen Interessi fir sech mat deenen anere Kinoen ze koordinéieren?

Mir - an ech perséinlech - hate scho vill Kontakt mat anere Kinoen, och mam CDAC (regional Kinoen, md), fir sech par rapport zu all de sanitäre Mesuren, déi ee muss huelen, ofzeschwätzen. Dat war bei de Kolleegen eng komplex Aarbecht, déi och mir gemaach hunn. Mir sinn an eise Kino moosse gaangen, fir ze kucken, wat eng Distanz vun zwee Meter tëschent all Spectateur an engem Radius vun 360 Grad bedeit. Do koume mer dann op 40-50 Fotellen, ëmmerhin! An anere Kinoen ass déi Jauge deelweis méi kleng.

Et muss ee sech och zum Beispill Gedanke maachen iwwer eng Configuratioun vun engem ''double seat'' fir eng Koppel aus deem selwechte Stot. Um Enn sinn ech zefridden, datt mer op d'mannst erëm kënne lassleeë mat esou enger Jauge.

"Why we love cinema"

A punkto Programmatioun mussen déi aner Kinoen elo kucken, wéi eng Filmer se weisen. Verschiddener goufe wéinst dem Coronavirus an hirer Exploitatioun gestoppt, anerer hu sech gestaut, et kommen och elo nei Filmer eraus. Wéi leeft dat bei Cinemathéik?

D'Situatioun bei eis ass effektiv e bësse méi einfach. Mir hunn eng Programmatioun vu Klassiker a kënnen dofir op eis Archiven zeréckgräifen. Fir de Mount Abrëll hate mer en Hommage un de Federico Fellini fir säin 100. Gebuertsdag geplangt - hu mer missten ofsoen. Wat mer elo am Kapp hu fir d'Reouverture ass keng x-belibeg Retrospektiv, esou wéi wann näischt gewiescht wier.

D'Iddi ass eng Libeserklärung un de Kino: ''Why we love cinema'' ass den Aarbechtstitel. Dat wier och e Statement an Zäiten, an deenen d'Leit sech un de Streaming gewinnt hunn. Dës Retrospektiv wier subjektiv - Léift kann een net objektivéieren. Zum Beispill: mir hunn de Kino gären, well et do femme fatalë ginn, well et Technicolor gëtt, well et Suspens gëtt, den däitschen Expressionismus, de Buster Keaton, asw.

Wärend dem Confinement war d'Cinemathéik fir de grousse Public zou. Ech huelen un, datt d'Ekipp vun der Cinemathéik awer duerchaus aktiv war ...

Virun allem Krisemanagement! An da ware mer mat groussen Excell-Fichiere beschäftegt. Mir hunn dacks e mëttel- bis laangfristege Planning, deelweis mat Partenairen, also Projete wéi d'Université populaire du cinéma, Cinéconcerts, Festivallen, Cinéma Paradiso fir Kanner, asw. Dat war alles ee grousst Kappzerbrieches fir ze kucken, ob mer géifen annuléieren, reportéieren, wa jo: fir wéini?

Gläichzäiteg hu mer op Facebook all Dag e Ciné-Quiz proposéiert, dee ganz gutt bei de Leit ukomm ass, obwuel e relativ komplizéiert war. An da war et fir eis eng wëllkomm Phas, fir an den Archive weiderzekommen, eng Aarbecht, déi virdru bal ëmmer an der Urgence passéiert: Archivmaterialien opschaffen, Kopië kontrolléieren, etc.

Cinemathéik och als Auto-Kino

A Frankräich hat d'Cinémathèque française wärend dem Confinement eng Online-Offer. Inspiréiert dat Iech eventuell fir d'Zukunft?

Déi Online-Offer ass a mengen Aen ''à double tranchant''. D'Haaptmissioun vun engem Kino an och vun enger Cinemathéik ass et, déi cinematographesch Experienz am Sall ze verteidegen. Dat anert kann also just en Hëllefsmëttel sinn. Ech wéilt do virsiichteg sinn, fir datt een dat net mat der wierklecher Experienz am grousse Kino verwiesselt.

Online-Aktivitéiten hate mer an deem Sënn, datt Leit, déi sech bei der Université populaire du cinéma fir déi ganz Saison ageschriwwen haten, digitaalt Material vun den Intervenante zur Verfügung gestallt kruten. Mir sinn nach amgaang, Iwwerleeungen an déi Richtung ze maachen.

Traditionell wéist d'Cinemathéik am Summer och Filmer dobaussen. Wéi gesäit et dëst Joer mam Open Air aus?

Dat ass effektiv eng grouss Maschinn gewiescht iwwer déi lescht Joren, op dräi Plazen (beim Palais, am Kapuzinerhaff an an de Rotonden). Dat ass bei de Leit och immens gutt ukomm. Elo war et eis séier kloer, datt dat iwwerhaapt net kompatibel ass mat enger Corona-Situatioun, an datt mer eng Alternativ fir den Espace public bräichten.

Do war et relativ kloer fir eis, datt d'Renaissance vum Auto-Kino genee dat ass, wat mer brauchen. Dat ass dann all Dag um Glacis vum 17. Juli bis den 1. August. D'Programmatioun ass dann och am Geescht vun deem, wat mer bis elo am Open Air gemaach hunn: grand public, eng Mëschung aus emblematesche Klassiker, Kultfilmer, familljefrëndlechen a méi rezente Filmer.

Dee Format vum Auto-Kino fannen ech spannend, wéinst deem Vintage-Aspekt, deen och dem Geescht vun enger Cinemathéik entsprécht.