Luxfilmfest Chronik vun engem Massaker

''Quo vadis, Aida?" erzielt d'Tragedie vu Srebrenica aus der Perspektiv vun enger Fra, där als Iwwersetzerin d'Hänn gebonne sinn. Als Mamm gëtt si virun onméiglech Decisioune gestallt.

Michel Delage

Kompetitioun QUO VADIS AIDA © Cinéart (3)-1.jpg
Raymond Thiry a Jasna Duricic (Foto: Cinéart)

D'Geschicht ass bekannt: am Juli 1995, wärend dem Bosnien-Krich, hate bosnesch-serbesch Milizen d'Stad Srebrenica ageholl. Eng vun UNO-Blohelmer gehale Schutzzon gouf fir déi moslemesch Zivilpopulatioun séier zur Fal. Déi bosnesch-serbesch Truppen ënner dem Generol Mladić goufe gewäerde gelooss, wéi si fir d'éischt d'Männer vun de Frae getrennt haten. Déi hollännesch Blohelmer haten nogekuckt an deelweis matgehollef... Kuerz drop goufen iwwer 8.000 Männer a Jugendlecher vun den Zaldote vun der Republika Srpska fort transportéiert a massakréiert.

Fatale Verlaf

Den Drama ''Quo Vadis, Aida ?'' vun der Bosnierin Jasmila Žbanić fokusséiert sech op de fatale Verlaf vun deem Evenement. D'Massaker u sech gëtt net gewisen. An awer bleift een als Spectateur de Film iwwer vun engem ganz ellene Gefill ergraff: et weess een nämlech genee wéi et ausgeet... Déi vun uewe veruerdent Passivitéit a Rigiditéit vun den UNO-Blohelmer erschéngt ëmsou méi revoltant.

De Film gëtt aus der Perspektiv vun der bosnescher Iwwersetzerin Aida (Jasna Đuričić) erzielt, déi am Déngscht vun der UNO d'Instruktioune vun de Blohelmer un d'Ziviliste weidergëtt. Net nëmmen ass si selwer Deel vun der moslemescher Communautéit: hire Mann an hir zwee eeler Bouwe sinn och an der Schutzzon gefaangen a méiglecherweis ausgeliwwert.

Onméiglech Decisiounen

Als Deel vum UNO-Personal ass d'Aida geschützt. Mee der Iwwersetzerin sinn d'Hänn gebonnen a si muss nokucken, wéi sech den Drama entfaalt. Wéinstens ka si probéieren, fir vun hirer privilegiéierter Positioun ze profitéieren an hir eege Famill ze retten. Mee och do kënnt si net laanscht fir eng Mamm onméiglech Decisiounen.

Zum Schluss erweidert QUO VADIS, AIDA seng Perspektiv, wann den Deuil an d'Zesummeliewen tëschent Affer an Täter an der Nokrichsgesellschaft thematiséiert ginn. Am Fong gëtt mat engem positive Message ofgeschloss: de Fridden ass trotz allem méiglech an et kann ee via den Nowuess Hoffnungen an Zukunft leeën. Mee et däerf een net vergiessen: dofir ass et de grousse Merite vun deem Film, déi dramatesch Evenementer vu Srebrenica iwwert eng Fiktioun dokumentéiert ze hunn.

Méi zum Thema

Luxfilmfest
Filmfestival

Haut ass d'Ouverture den Owend vum Luxembourg City Filmfestival. Dës 11. Editioun vum LuxFilmFest wäert, wéinst der Pandemie, eng hybrid sinn: deels am Kino, deels online.

Christian Berkel
Christian Berkel

De Christian Berkel stoung joerzéngtelaang virun der Kamera a war besonnesch beléift als "Der Kriminalist" Mat 61 huet hien elo seng zwee éischt Bicher geschriwwen, an deenen hien d'Geschicht vu senge Virfare literaresch verschafft.

Un Pays qui se tient sage Filmkritik
VOD

De franséischen Documentaire "Un Pays qui se tient sage" thematiséiert d'Policegewalt wärend de Gilets jaunes-Protester. E wichtegen Denkustouss iwwer déi autoritär Tendenze vun den Demokratien.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen