Fotografie CERCLE5 am Cercle Cité

Fir hire 5. Gebuertsdag huet d’Equipe vum Cercle Cité eng Fotosausstellung mam Titel "CERCLE5, regards actuels sur la ville" op d'Bee gestallt. Fënnef Fotografen, de Roger Wagner Christian Aschmann, d'Laurianne Bixhain, de Patrick Galbats an den Daniel Wagener, goufe rekrutéiert. Den Optrag: Eng Fotoserie zu de Sujeten "cercle" an "cité" zesummestellen. Wéi hu si de Projet ëmgesat?

Kerstin Thalau

The Inner Circle vum Robert Wagner
The Inner Circle vum Robert Wagner

Robert Wagner

Den Diddelenger Kënschtler Robert Wagner ass fir d’Stater Expositioun nei Weeër gaangen. Op faarwegen Digitalfotoe gëtt dat Spannend am scheinbar Onscheinbare visibel.


Christian Aschmann

De Lëtzebuerger Fotograf Christian Aschmann knipst den urbane Raum am Wandel, als Spigel vun eiser Gesellschaft, vun eise Perséinlechkeeten. Beim Cercle op der Plëss ergëtt sech wéinst senger Imposanz a sengem Placement esouwuel fir Touristen ewéi fir Fotografen de Point de Vue. Dës Unzéiungskraaft war dem Christian Aschmann ze vill, scho bal onheemlech. Hien huet dem Monument de Réck gedréint a fotograféiert, wat d’Gebai "gesäit". Seng Aarbechten huet hie mat Archivmaterial aus der Fototéik kombinéiert.

Christian Aschmann


Lauriane Bixhain

D’Lauriane Bixhain hat Startschwieregkeeten: D'Optragssujeten hunn d'Fotografin a plastesch Kënschtlerin net inspiréiert. Mee dunn huet si sech opgemaach a presentéiert elo mat hirem Projet "M" eng konzeptuell méi decaléiert Vue zum Thema Zirkulatioun. Hir schwaarz-wäiss Printe weisen urban Elementer, déi een esou och zu Lëtzebuerg scho gesinn huet. D'Fotografin huet si awer zu Manchester geknipst a mat speziellen Drocktechniken an der Belsch drécke gelooss.

Et geet der Lauriane Bixhain virun allem ëm Techniken an hier Léisungen, respektiv Opléisungen. Matzen dran ass d’Fotografin, déi eng Kamera, also en Apparat brauch, fir eng Vue ze materialiséieren.

Lauriane Bixhain


Patrick Galbats

De Patrick Galbats ass 9 Méint laang op mannst dräimol d’Woch an den "Out-of-Office-Zäiten" iwwert d’Plëss an duerch hier Niewegaasse gaangen an huet mat der Kamera ronderëm sech geschoss. An zwar meeschtens tëscht zwee Rendez-vousen oder Opträg, fir ongeféier am selwechte Gemittszoustand ze sinn, wéi d’Mënschen, déi an enger Paus duerch d’Stad hetzen.

Dem Fotograf säi Constat: D'Leit ronderëm de Cercle mësche sech net: Déi meescht signaliséieren duerch hire Bléck, datt si net ugeschwat wëlle ginn. An datt si mat hire Gedanke wäit fort bei iergendwelleche Pläng fir d’Zukunft sinn.

Patrick Galbats


Daniel Wagener

Den Daniel Wagener huet säi Fotozelt un der Grenz vu Grafik a Fotografie opgeschloen: De fräie Kënschtler a Wahlbréisseler hat de belsche Public alt emol a partizipativ Fotoslaboen invitéiert. Hien ass awer och nach als Theaterszenograf an als Foto-Enseignant op der Bréisseler Académie royale des Beaux-Arts aktiv.

Fir d’Ausstellung am Cercle ass hie sengen Haaptsujeten trei bliwwen: Hie presentéiert e perséinleche Materialinventaire vun der Stad, an zwar am Foto-Print an an Installatiounen. Ënnert der Form glënneren esouguer d’Chantiere ronderëm de Cercle.

Daniel Wagener


D'Ausstellung ass nach bis de 9, Oktober am Cercle Cité an der Stad ze gesinn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Padilla
Darcy Padilla

Wann een hir Fotoe kuckt, kann een net onberéiert bleiwen. D'Darcy Padilla huet mat hirem Laangzäitprojet iwwer déi krank an drogesüchteg Julie Baird eng touchant an impressionant Aarbecht hannerlooss.

Bitter Years - John Vachon
Fotografie

Den zweete Volet vun der Foto-Ausstellung “The Bitter Years” am CNA zu Diddeleng behandelt weiderhin d’Schicksal vu Mënschen ënnert der grousser Wirtschaftskris am Amerika vun den 1930er Joren.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen