Casino Lëtzebuerg Casino kritt 2016 eng nei Direktioun

​D’Nancy Braun gëtt d’Nofolgerin vum Jo Kox am Casino Lëtzebuerg - Forum d’art contemporain. Di aktuell General-Coordinatrice vun der Demokratescher Partei fängt den 1. Januar 2016 als Administratrice vum zäitgenëssesche Konschtmusée un. D’Generaldirektioun vum Casino iwwerhëlt de Kevin Muhlen, deen zënter 2012 déi artistesch Direktioun assuréiert huet.

20150613-nancy-braun-88-1024x683.jpg
​D'Nancy Braun mat der Kulturministesch Maggy Nagel bei der Ouverture vun de Rotonden am Juni (©Rotondes/Sven Becker)

Den administrativen Direkter Jo Kox hält, wéi annoncéiert, no bal 20 Joer beim Casino op. D’Nancy Braun kennt de Kultursecteur. Si ass Presidentin vum Verwaltungsrot vun de Rotonden a war als Coordinatrice générale adjointe während dem Kulturjoer 2007 déi riets Hand vum Robert Garcia.

Bis elo hunn de Jo Kox an de Kevin Muhlen sech d'Direktioun gedeelt, ee Generaldirekter gouf et net. Lo huet de Verwaltungsrot vun der Asbl eng Ëmstrukturatioun vun de Posten decidéiert. Dat hätt awer keen Afloss op den Oflaf vun der Aarbecht, sou d’Nancy Braun. D'Verdeelung vun de Responsabilitéite wier kloer an et kéint een esou gutt als Team zesummeschaffen.

Budgetscontrainten als Defi

De Casino Lëtzebuerg leid wéi vill aner Heiser ënnert de Spuermesure vun der Regierung am Kulturberäich. D’Nancy Braun zéckt trotzdem net, de Posten als Administratrice a finanziell schwéieren Zäiten ze iwwerhuelen. Dat wier kloer een Defi. Mee déi zukënfteg administrativ Direktesch ass der Meenung, dass de Casino och no 20 Joer nach seng Plaz huet. "Lo ass et u jidderengem seng Ärm erop ze strëppen, no fir ze kucken an déi néideg Finanzementer ze fannen, fir dass d'Haus ka weider funktionéieren."

De Jo Kox bleift bis Enn Mäerz op sengem Posten am Casino. Den aktuellen administrativen Direkter sot haut op Nofro hinn, doduerch sollen d’Transitioun fir d’ganz Ekipp an de Start fir d’Nancy Braun vereinfacht ginn. Et wier fir de Casino Zäit, sech nei ze positionéieren, sou de Jo Kox am 100,7-Interview.

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen