Literatur Bic oder Bläistëft an Hotel Zëmmeren?

An "Ein Zimmer im Hotel" skizzéiert den däitschen Auteur David Wagner Hotelszëmmeren, déi hien op Reesen erlieft huet. A sengem Wierk stellt hien eegenen Aussoen no "Theorien iwwer d'Géigewaart" op.

Nathalie Bender / fk

David Wagner
David Wagner (Foto: Susanne Schleyer)

Et war eng Lies- an Entdeckungsrees, op déi de Journalist Jochen Zenthöfer déi zwee däitsch Auteuren, Jan Brandt an David Wagner leschte Mount op Lëtzebuerg invitéiert hat. Bei enger Duebelliesung mam Jan Brandt an der Cité Bibliothéik huet den David Wagner aus sengem rezente Buch "Ein Zimmer im Hotel" virgelies.

"Hotelzëmmere soe vill iwwer eis Zäit aus"

Iwwer Hotelzëmmer ze schreiwe wier eng "interessant Aufgab", mengt den David Wagner. Säi Wierk "Ein Zimmer im Hotel" wier e "Konzept Buch", seet den däitschen Auteur.

"Ech sinn op ganz interessanten an exotesche Plazen ënnerwee. Zum Beispill a China, am Iran oder an der klengster Klengstad an Däitschland. Mech interesséieren nëmmen d'Hotelszëmmeren. Ech hu scho méi laang en Interessi fir Banneraim. Ech mengen, datt déi Raim vill iwwer eis Zäit aussoen. Ech probéiere mech der Géigewaart auszesetzen a gesinn dat als Protokoll. Mä well vill Hotelszëmmer wierklech elle sinn, ass et och eng Zort Klo."

Dem David Wagner no sinn Hotelszëmmer, an deenen e Bläistëft prett läit fir de Client, déi Bescht. De Bläistëft aus Holz wier e Symbol fir en ökologescht Bewosstsinn, mengt hien.

"Wou Bläistëfter sinn, do ass meeschtens hellt Holz an et ass méi zäitgenëssesch. Déi neisten Hotelzëmmer gefale mir dacks gutt an dann denken ech: 'Hätt mir virun 20 Joer en Teppech-Buedem-Palais gefall?'. Et si sou Spillereien. Et probéiert ee jo ëmmer Theorien iwwer d'Géigewaart opzestellen".

Extrait: "Ein Zimmer im Hotel"


An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen