arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bea Davies & Patrick Spät - Der König der Vagabunden

Gezeechent

|
reading time

2 min

Bea Davies & Patrick Spät - Der König der Vagabunden

"Der König der Vagabunden" ass een historesche Comic, deen am Däitschland vun den 20er Jore spillt an e Personnage ausgrueft, deen deemools ganz bekannt war als Aktivist fir d'Leit, déi op der Strooss liewen.

reading time

2 min

D'Zeechnerin Bea Davies an den Zeenarist Patrick Spät hunn e Personnage ausgegruewen, deen deemools ganz bekannt war, haut awer praktesch vergiess ass: de "König der Vagabunden" Gregor Gog, deen als Aktivist fir d'Leit, déi op der Strooss liewen, aktiv war an eng Bruderschaft der Vagabunden, eng Zort Gewerkschaft vun de Clocharden, gegrënnt huet.

Ee Pragmatiker

De biografesche Comic erzielt dem Gog säi Liewenswee vum Éischte Weltkrich bis 1933: Als pazifistesche Matrous kënnt de Gog fir d'éischt a Kontakt mat Anarchisten, no de revolutionären Evenementer vun 1919 lieft hien an den 20er mat Kënschtler an enger Kommune bei Stuttgart.

Gewise gëtt de Gog awer virun allem ëmmer erëm als grousse Pragmatiker, dee selwer vill duerch d'Land reest, op der Strooss lieft a konkret um Terrain eppes verännere wëllt, wat méi schwéier gëtt, wat d'Muecht vun de Nazie méi grouss gëtt.

Ofwiesslungsräicht Schwarzwäiss

D'grafesch Ëmsetzung vun der Bea Davies ass mat hirem kontrasträiche Schwaarzwäiss, deen un Holzschnëtter erënnert, immens gelongen. Mat hirem ofwiesslungsräiche Layout fënnt d'Zeechnerin ëmmer erëm nei Weeër, fir dem Gregor Gog seng Geschicht eriwwerzebréngen.

Dës gëtt vum Patrick Spät an engem strammen Tempo erzielt a schlësseg op Schlësselzeene kondenséiert. Allerdéngs wierkt de Comic doduerch heiansdo ze mechanesch a pedagogesch.

Insgesamt ass "Der König der Vagabunden" awer empfeelenswäert, well et him geléngt, eng vergiesse Figur aus der Weimarer Republik erëm an d'Diskussioun ze bréngen.