Een Thema, e Buch Andrea Wulf - Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur

Hien huet iwwer 5.000 Bréiwer geschriwwen, onzieleg Hefter mat senge Notize gefëllt, Dausende vun Zeechnunge gemaach, mam Lenin sengem Bop säi 60. Gebuertsdag gefeiert.

Valerija Berdi / cbi

Alexander Humboldt

Hie war den éischten, dee vum Klimawandel geschwat huet an ee vun de Wéinegen, dee sech géint de Kolonialismus a Sklaverei agesat huet. Dacks huet hie sech eleng a verluer gefillt. Rieds ass vum groussen Naturfuerscher Alexander von Humboldt, deem d'Kulturhistorikerin Andrea Wulf mat hirem Wierk "Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur" en Hommage geschriwwen huet.

D'Valerija Berdi mat enger Rezensioun iwwer eng Biographie, déi méi spannend ass wéi all Krimi et kéint sinn.

An der Mediathéik:

Een Theema, e Buch / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean Portante
Jean Portante - Leonardo

"Vun Ufank un hat ech d'Iddi e Roman am Roman ze hunn." Haut kënnt den neie Roman vum Jean Portante bei Editions Phi eraus. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies a mam Auteur iwwer de Roman geschwat.

Lara Bousch - über das. Glück
Buch-Tipp fir de Summer

E Buch fir gemittlech op enger Terrass ze liesen, e bësse méi lues ze ginn an Ofstand vum alldeeglechen Tratt ze kréien. D'Buch "Über das Glück" vum Hermann Hesse léisst een e bësse méi lues ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen