Streaming-Plattformen Amazon keeft MGM

Déi gëschter annoncéiert Iwwernam vum Hollywood-Studio MGM duerch Amazon fir ëmgerechent 6,9 Milliarden Euro ass eng weider Etapp am Kampf ëm Abonnenten am Streaming-Geschäft. Hei geet et drëm, wien Abonnente mam attraktiivste Contenu unzéie kann.

Michel Delage / cbi

Amazon
Amazon huet den Hollywood-Studio MGM fir ëmgerechent 6,9 Milliarden Euro iwwerholl. Foto: picture alliance / NurPhoto | Ronchini

Video on Demand- oder Streaming-Déngschter zielen zu de grousse Gewënner vun der Covid-Pandemie. Millioune Stéit weltwäit hu sech wärend dem Confinement hir Oflenkung iwwer Internet op déi privat Tëlee geholl - op Käschten ënner anerem vun de Kinoen, déi op deene meeschte Plazen hu missten zou bleiwen. A well déi traditionell Tëleesprogrammer ëmmer manner attraktiv gi sinn, hu Streamingplattformen och vun do Maartundeeler, dat heescht nei Abonnente bäikritt.

D'Kaarten an der Ënnerhalungsindustrie ginn de Moment also nei gestéckelt. D'Nummer eent um Marché ass ëmmer nach Netflix, mat 208 Milliounen Abonnente weltwäit (Stand Abrëll). Direkt hannendru kënnt Amazon, deem säi Streamingdéngscht Prime Video iwwer e Joer gekuckt vun 175 Milliounen Abonnente genotzt gouf.

Duerno kënnt dann den Disney-Konzern, dee virun enger Rei Méint och an d'Streaming-Geschäft erageklommen ass. Dat kënnt net vun ongeféier: d'Firma kann iwwer dee Wee ënner anerem säin impressionnanten Zeechentrickfilm-Katalog verwäerten.

En haart ëmkämpfte Marché

An dorops kënnt et um Enn och un, op d'mannst op engem méi oder manner konkurrenzielle Marché: wien attraktive Contenu ubitt, deen zitt nei Clienten un. Dee Contenu kann een natierlech selwer produzéieren. Netflix hat d'lescht Joer 17 Milliarden Dollar an eege Produktiounen investéiert, Amazon 11 Milliarden Dollar. Eng weider Méiglechkeet besteet doranner, Konkurrenten oder soss Firmen opzekafen, mat deene hire Filmer a Serien.

A genee dat huet elo Amazon gemaach. De gréissten Online-Shopping-Konzern op der Welt huet den Hollywood-Filmstudio MGM opkaf. Dat bedeit d'Rechter un iwwer 4.000 Filmer, dorënner d'Hallschent vun der James Bond-Serie, Filmtitele wéi Rocky, The Silence of the Lambs, Robocop, Basic Instinct, Raging Bull, Thelma & Louise, Ben Hur, asw.

Dat sinn dann och 17.000 Stonnen Tëleesprogrammer, mat ënner anerem Serië wéi The Handmaid's Tale, Vikings oder Fargo. Am Dezember, wéi sech déi fréier Metro-Goldwyn-Mayer zum Verkaf ugebueden hat, goung nach vun ëm déi fënnef Milliarden Dollar rieds. Amazon huet 8,45 Milliarden Dollar op den Dësch geluecht, dat sinn ëmgerechent 6,9 Milliarden Euro. Interesséierter wéi Apple oder Comcast konnten do net mathalen.

Et geet ëm vill Suen

Elo muss den Deal allerdéngs nach vum amerikanesche Regulateur guttgeheescht ginn. Dat selwecht gëllt iwweregens fir eng aner rezent Transaktioun. Mëtt Mee hat den US-amerikaneschen Telekomkonzern AT&T de Kaf - via seng Filial Warner Media - vun Discovery annoncéiert. Och hei entsteet e weidere groussen Acteur um Streamingmarché.

Am Beräich vun der Kommunikatioun an der Ënnerhalungsindustrie deet sech de Moment ganz vill. Eleng dëst Joer goufen Acquisitiounen a Fusiounen am Wäert vun 232 Milliarden Dollar enregistréiert, dat ass siwe Mol méi wéi d'lescht Joer zur selwechter Zäit.

Dat betrëfft virun allem emol amerikanesch Konzerner, déi bei wäitem gréisst op der Welt. Mee och Europa: viru Kuerzem ass a Frankräich d'Fusioun tëschent der RTL Group-Filial M6 an der Tëleeschaîne TF1 vum Grupp Bouygues an Aussiicht gestallt ginn. Och hei wëllt een um Streamingmarché mathalen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Amazon-Logo
Tax Rulings

Lëtzebuerg huet Amazon keng illegal Staats-Bäihëllef a Form vu Steier-Avantagen accordéiert, esou een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff. Am Fall vum Energie-Konzern "Engie" krut Lëtzebuerg allerdéngs net Recht: hei geet et ëm 120 Milliounen Euro.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen