Film Am Krich géint déi Erwuessen

"Winter Flies" ass ee skurrille Roadmovie iwwer zwee Jugendlecher an enger tschechescher Wanterlandschaft. De slowenesche Realisateur Olmo Omerzu huet eng déifgrënneg Comédie iwwer de Sujet vun der Fugue gedréit. Aus der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Kritik.

Michel Delage

CinEast 2018 winter_flies_01.jpg
Winter Flies (Foto: CinEast)

De Mára an den Heduš, zwee Bouwe vu 15 respektiv 12, si vun doheem fortgelaf. Mat engem geklauten Auto fueren si duerch déi Tschechesch Republik. Ënnerwee huele si een Hond an eng Autostopperin mat ...

Mat sengem "Winter Flies" huet de slowenesche Realisateur Olmo Omerzu, deen zu Prag wunnt, ee skurrille Road- respektiv Buddy Movie gedréit: d'Helde si Jugendlecher, déi sech an enger alles anescht wéi glamouréiser Wanterlandschaft beweegen, wäit ewech also vum Stereotyp vum coole Männer- oder Fraenduo, dee mat engem flotte Won duerch de Summer flitzt.

Jugend- vs Erwuessenewelt

De soziale Problem vun der Fugue vu Jonke gëtt hei indirekt, op eng liicht Aart a Weis behandelt. Den eeschte Kär ass latent do a kënnt geziilt a Schlësselzeenen zum Virschäin. Mee dat ass och net den Haaptsujet. De Film lieft vum Géigesaz tëschent zwou Welten, där vun de Kanner oder Jugendlechen an där vun den Erwuessenen. Schonn d'Struktur vun der Erzielung deit op déi Dualitéit hin: den Erzielstrang vun der Rees vun den zwee Bouwen, a Form vu Flashback, wiesselt sech of mat Zeenen um Policebüro, wou de Mára nodréiglech ausfrot gëtt iwwer de Verlaf vun der Fugue.

De Realisateur weist, wéi d'Jongen sech hir eege Welt opbauen a sech domat ee Kader schafen, bannen deem si hir Fräiheet als eng Suite vun Aventurë voll kënne genéissen - si spillen, mee fir d'Personnagen ass dat Spillerescht duerchaus eescht. De liicht iwwergewiichtegen Heduš, dee Jéngsten, ass a militärescher Tarnkleedung geklufft an dréit permanent säi Spill-Maschinnegewier mat sech. Wat um éischte Bléck wéi ee Spill mat imaginäre Feinden ausgesäit ass vläicht, op engem symboleschen Niveau, als Krich géint ganz konkret Géigner, déi Erwuessen, d'Elteren, ze verstoen.

Säin eelere Kumpan, de Mára, ass scho méi räif: hie bretzt sech mat reellen oder fiktive Relatioune mat Meedercher. Alle béid maachen si, jiddwereen op seng Manéier, wéi wa si Haarder wieren. Datt et tëschent Realitéit a Wonschdenken (besonnesch am Beräich vun der sexueller Fantasie) een Ënnerscheed gëtt, mussen si da léieren, wéi si eng jonk Autostopperin mathuelen.

Konfliktuelle Kontakt

Am Kontrast zu all deem steet dann d'Welt vun den Erwuessenen. Dee Kontakt ass gréisstendeels konfliktuell, wéi am Policebüro. Do kritt de Mára et mat de Vertrieder vum Gesetz ze dinn. Allgemeng ass et eng Konfrontatioun mat de Gesetzer vum reelle Liewen, wou aner Regele gëlle wéi an der imaginärer Welt, déi ee sech als Jugendlechen opgebaut huet. Et ass ee schmäerzhafte Léierprozess, virun allem, wann ee mat der Méiglechkeet vum reellen Doud konfrontéiert gëtt.

Tëschent der Welt vun de Jonken an där vun den Erwuessene kann et awer duerchaus Brécke ginn. Zum Beispill an enger Dialogzeen, an där d'Polizistin dem Mára erkläert, datt och si als jonkt Meedche vun doheem, dat heescht virun hirem gewalttätege Papp fortgelaf war.

Tomáš Mrvík a Lenka Vlasáková (Foto: CinEast)

Trotz dem Wanter, an deen hie si andaucht, behandelt de Realisateur Olmo Omerzu déi zwee Bouwe mat grousser Wäermt. Dat weist dës Sequenz, voller Poesie, an där si duerch d'Nuecht fueren. Deen ee schléift grad um Récksëtz, deen aneren, deen hanner dem Steierrad sëtzt, näipt op eemol an - den Auto, dee rullt awer duuss weider, d'Steierrad beweegt sech vum selwen. Et ass, wéi wann en Engel seng Hand iwwer déi zwee géif halen ...

"Winter Flies" behandelt e seriöe soziale Problem mat de Mëttele vun der Komedie, woubäi sech Eescht a Witz am richtegen Equiliber halen. Een alles an allem kuckenswäerte Film vun engem nach jonke Realisateur.


"Winter Flies" leeft nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival dëse Mëttwoch um 18h30 an der Cinemathéik.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

another_day_of_life_05.jpg CinEast 2018
Film

De berühmte polnesche Journalist Ryszard Kapuścinśki steet am Mëttelpunkt vun "Another Day of Life", engem Animatiounsfilm iwwer de Biergerkrich an Angola. Interview mam Co-Realisateur Damian Nenow.

one_day_03.jpg CinEast 2018
Film

Den Debut-Film vun der ungarescher Realisatrice Zsófia Szilágy ass een intimistesche Portrait vun enger iwwerfuerderter Mamm aus de Mëttelklassen.

Aga Cineast 2018
Film

Dem Bulgar Milko Lazarov säi schéinen, kontemplativen an traurege Film "Ága" weist, datt de Mënsch am Fong mat deene selwechte Problemer ze kämpfen huet, egal a wéi engem Ëmfeld hie lieft. Eng Kritik.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen