Netflix Am Bible Belt ass der Däiwel lass

Den zolitten amerikaneschen Drama "The Devil All The Time'' dréit ëm de sozialen Determinismus an engem konservativ-reliéisen Ëmfeld an ëm d'Méiglechkeet fir deem Däiwelskrees ze entkommen.

Michel Delage

Filmkritik The Devil All The Time
De Papp (Bill Skarsgård) an de Bouf (Michael Banks Repeta) (Foto: Cr. Glen Wilson/Netflix)

Bigotterie, Korruptioun, Perversioun, Gewalt: domat hätt ee scho bal Knockemstiff beschriwwen, e Kaff am US-Staat Ohio, esou wéi et am Film duergestallt gëtt. Am Fong kéint d'Uertschaft mat hiren Awunner, ënner deenen natierlech och éierlech Mënsche liewen, stellvertriedend si fir de ''Bible Belt'', dëse massive Block vu Südstaaten, an deem de Konservatismus an den evangelesche Protestantismus déi sozial Bezéiunge prägen. Den amerikaneschen Drama ''The Devil All The Time'' spillt nu mol zu Knockemstiff, well do den Donald Ray Pollock, op deem säi Roman dëse Film baséiert, opgewuess war.

Als schonn ufanks Fofzeger, no enger Karriär als Aarbechter a Camionschauffer, hat de Pollock ugefaange Bicher ze schreiwen an ze verëffentlechen. Fir d'éischt 2008 d'Kuerzgeschichtesammlung ''Knockemstiff'', dräi Joer drop da säin éischte Roman ''The Devil All The Time''. An der Verfilmung vu sengem eegene Wierk duerch den Antonio Campos schwätzt de Schrëftsteller déi rau a gedëlleg Off-Stëmm.

Erzielt gëtt d'Geschicht vun enger ganz bescheidener Famill iwwer zwou Generatiounen, am Zeeche vun der Sënn, am Schied vum Kräiz, dat wéi en Damoklesschwäert iwwer den eenzele Schicksaler hänkt.

Sozialen Determinismus

De Film ass ganz kloer an dräi Deeler strukturéiert. An deenen zwou éischte Partië kritt de Spectateur gewisen, wéi sech Weltbild a Verhalensweise vu Generatioun zu Generatioun praktesch mechanesch reproduzéieren, déi gutt Eegenschaften a virun allem déi schlecht, déi de Mënsch an d'Verdierwe féieren.

Esou kritt de jonken Arvin Enn den 1950er Jore vu sengem Papp, engem traumatiséierte Veteran vum Zweete Weltkrich, dee mat der Zäit streng gleeweg ginn ass, virgelieft, wéi e Mann d'Problemer ze léisen huet: nom Motto ''Auge um Auge, Zahn um Zahn''.

De ganzen Enjeu vum drëtten a leschten Deel vum Film, d'Opléisung souzesoen, ass deen heiten: geléngt et dem Arvin (je no Alter: Michael Banks Repeta an Tom Holland) dësem Däiwelskrees ze entkommen? Ob et em dann elo geléngt oder net, versteet ee jiddefalls ganz séier, datt als Präis dofir Blutt wäert musse fléissen.

Éiwegen Däiwelskrees

D'Iddi vun engem ''ewigen Verdammnis", vun enger duerch e rosene Gott verhaange Bestrofung vun den duerch d'Ierfsënn gezeechente Mënschen, zitt sech wéi e blutt-roude Fuedem duerch de ganze Film. Illustréiert gëtt dëst reliéist Konzept duerch de Prinzip vun der Widderhuelung: Verhalensmusteren, déi vun den Elteren op d'Kanner iwwerdroe ginn; ëmmer erëm e Scharlatan (ënner anerem verkierpert vum Robert Pattinson), dee seng Priedegten op déi liichtgleeweg Gemeinschaft erof donnere léisst; dat tragescht Schicksal vun enger Mamm, dat och nees d'Duechter muss erleiden ...

Et ass de Krich, dee sech widderhëlt: nom Zweete Weltkrich, vun deem de Papp schrecklech Biller am Kapp zeréckbruecht hat, blitt dem Jong elo de Vietnamkrich - esou sécher wéi den Amen am Gebiet, oder, wéi e Personnage bemierkt: ''verschidde Mënsche goufe gebuer fir kënne begruewen ze ginn''.

Op d'Spëtzt gedriwwe gëtt de Widderhuelungsprinzip dann duerch eng Koppel vu Serie-Killer, eng Zort ''amants diaboliques'', déi hiert Onwiesen dreiwen: och si reproduzéieren hir Doten, déi si esouguer fotografesch festhalen, woumat dës symbolesch Bestrofungen vun all den zoufälleg ausgewielten Affer unhand vun den Negativen onendlech kënne multiplizéiert sinn - alt erëm d'Iddi vum Däiwelskrees.

Kann de Jong de Krees briechen?

Deen op Flashbacken a Flashforwarden opgebaute Montage dréckt dee selwechte Gedanken aus. Vun der Off-Stëmm gëtt een zum Beispill an enger Zeen gewuer, datt e bestëmmte Personnage, deen hei nach lieft, doropshi wäert verschwannen a siwe Joer méi spéit dout erëmfonnt ginn. D'Schicksal gëtt virewech geholl, et kann een net entkommen. Méi spéit am Film gëtt dee Prinzip awer ëmgedréit: nodréiglech kritt een d'Erklärung fir eng Schlësselzeen geliwwert - den Däiwelskrees gouf, entgéint allen Erwaardungen, gebrach!

''The Devil All The Time'' ass e kohärenten, zolidd opgebauten an alles an allem iwwerzeegende Film, deem et manner drëm gëtt, eenzel Personnagen ze verdéiwen, wéi d'Entwécklung vun enger ganzer Gemeinschaft nozezeechnen. Obschonn de Film an den 1950er a 1960er Jore spillt, ass seng Thematik brandaktuell, net nëmmen an engem amerikanesche Kontext.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Hope Gap
Hope Gap

D'Grace an den Edward sti kuerz virun hirem 29. Hochzäitsdag. Fir d'Grace ass d'Sich nom Gléck, also dagdeeglech konstruktiv Ausenanersetzungen an der Koppel, schonn d'Gléck. Den Edward kann domat ëmmer manner ëmgoen.

Tenet Filmkritik
Nei am Kino

De Christopher Nolan, Realisateur vun intellektuell stimulante Blockbusteren, leet mat "Tenet" e weideren originelle Film vir. Dëse Science Fiction-Thriller kënnt awer net u fréier Wierker vun him erun.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen