Gezeechent Alix Garin - Ne m'oublie pas

Bei "Gezeechent" stelle mir Iech haut den Debut vun der Belscher Zeechnerin Alix Garin vir. "Ne m'oublie pas" heescht d' BD, déi bei "Le Lombard" erauskomm ass, a vun den Relatioun tëschent enger jonker Fra an hirer dementer Grousmamm erzielt. Jeff Thoss, wat erwaart de Lieser hei fir eng Geschicht?

Jeff Thoss / cbi

Ne m'oublie pas

"Ne m'oublie pas", der belscher Zeechnerin Alix Garin hiren Debut erzielt d'tragikomesch Geschicht vun der Relatioun tëschent enger jonker Fra an hirer dementer Groussmamm. D'Schauspillstudentin Clémence besicht am Altersheem reegelméisseg d'Marie-Louise, déi un Alzheimer erkrankt ass, hir Enkelin dacks net erkennt an an hirem Kapp mengt, datt si selwer nach e Kand ass.

D'Heldin ass net d'accord mat der Situatioun vu hirer Groussmamm an decidéiert an engem spontanen Akt vun der Rebellioun d'Marie-Louise ze entféieren a mat hir am Auto bis bei d'Haus un der franséischer Atlantikküst ze fueren, an deem si opgewuess ass.

De Gros vun der BD spillt dann op der Rees dohin - eng ongewëss Rees, well keen dorop preparéiert ass an u sech och net weess, ob et dat Haus iwwerhaapt nach gëtt.

Dee Wee ass d'Zil

D'Alix Garin verbënnt hei vill konventionell Elementer vum Road Movie a gewënnt sécherlech kee Präis an der Kategorie Originalitéit. Mee, wéi dat am Road Movie och de Fall ass, ass de Wee d'Zil. D'Stäerkt vun der Zeechnerin ass et, d'Evolutioun vun de Figuren an hirer Relatioun ze observéieren an a Biller ze verwandelen.

Et ass am grousse Ganzen eng duuss BD mat duusse Pastellfaarwen a mat enger dynamescher Linn, déi grad bei de Figure ganz expressiv ass an hir Emotioune mat ville Facetten duerstelle kann.

"Ne m'oublie pas" ass kee Buch, dat d'Rad nei erfënnt, huet awer eng gutt Mëschung ze bidden aus witzege Momenter, aus méi touchanten Zeenen, aus enger liichter Sozialkritik un der Aart a Weis, wéi eis Gesellschaft mat ale, kranke Mënschen ëmgeet, an aus enger Zort Bildungsroman, wat d'psychologesch Entwécklung vun der Heldin ugeet.

Dat gëtt gekonnt presentéiert, mat Biller, déi d'Atmosphär an d'Charaktere gutt eriwwerbréngen, an domat bitt der Alix Garin hir BD gewëssermoossen eng gutt Summerlektür.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Secret to Superhuman Strength
Gezeechent

"The Secret to Superhuman Strength" ass eng faszinéierend Reflektioun iwwer Sport a Fitness déi weist, wéi vill Aspekter vun der Gesellschaft, an där mer liewen, domat zesummenhänken, a wéi dëst net nëmmen d'Liewe vun der Zeechnerin, mee och eist beaflosst.

Cover Tunnel
Eng Satir op een toppaktuelle Konflikt

Bei "Gezeechent" geet et haut em eng Graphic Novel vun der israeelescher Zeechnerin Rutu Modan. "Tunnel" erzielt vun enger archeologescher Expeditioun, déi direkt an den israeelesch-palästinensesche Konflikt eraféiert.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen