Literatur Alain Damasio

De renomméierte franséische Science fiction-Auteur anticipéiert mat sengem Roman "Les Furtifs" (Editions La Volte) déi geféierlech Entwécklunge vun der Kontrollgesellschaft. Wat net wëllt heeschen, datt an Zukunft kee Widderstand méiglech ass - souguer an enger onerwaartener Form! De Michel Delage huet sech um Festival "Étonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam Alain Damasio ënnerhalen.

Michel Delage / cz

Alain Damasio
Alain Damasio

"Livre-univers": sou bezeechent den Alain Damasio säin drëtte Roman "Les Furtifs". Dräi Romaner an 20 Joer huet hie publizéiert, woubäi de grousse Succès a Frankräich 2006 mat sengem zweete Wierk, "La Horde du Contrevent", koum.

"Les Furtifs" ass an allen Hisiichten ambitiéis, vun der Längt hir (bal 700 Säiten), wat de Stil betrëfft (eng immens kreativ Sprooch, déi plazeweis u "poetry slam" erënnert) bis hin zu engem Spill mat der Typographie an engem Soundtrack, deen d'Buch begleet.

Klaustrophobesch Klassegesellschaft a Widderstand

De Roman ass virun allem ambitiéis well den Alain Damasio eng Welt schaaft: d'Anticipatioun vun eiser Gesellschaft ëm d'Joer 2040, an där d'Tendenze vun der Géigewaart (Iwwerwaachung, Kontroll, Privatiséierung) sech negativ zouspëtzen a sech zu enger extrem klaustrophobescher Klassegesellschaft weider entwéckelen.

Den Damasio léisst awer och Plaz fir d'Hoffnung. Geet et dem Auteur no, dann ass och nach an 20 Joer mat massivem Widderstand ze rechne vu Leit, déi sech vum Liewen eppes aneschters erwaarde wéi onkriteschen Hyperkonsum.

"Les Furtifs" maachen d'Dier op fir eng Utopie, an där sech d'Mënschen an d'Déieren op eng onerwaarte Manéier kënne begéinen an een deen aneren ënnerstëtzen. Et ass de Fonken Hoffnung, deen enger Koppel hëlleft, de Verloscht vun der Duechter z'iwwerstoen...

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Estelle-Sarah Bulle
Literaturfestival "étonnants voyageurs"

"Là, où les chiens aboient par la queue", ass den Titel vum Roman vun der Estelle-Sarah Bulle. Eng Erzielung, déi eis déi rezent Geschicht vun der Gouadeloupe op eng empathesch Manéier méi no bréngt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen