Luxfilmfest Aki Kaurismäki och zu Lëtzebuerg dee Beschten

Nom Sëlwere Bier zu Berlin huet de finnesche Realisateur mat sengem Film “The Other side of hope” och elo de Grand Prix um LuxFilmFest gewonnen. Als beschten Documentaire ass “I am not your negro” vum Raoul Peck ausgezeechent ginn.

Michel Delage

Kaurismäki.JPG

“Dat war och ee Moment eng Diskussioun: solle mer him e ginn? Mee bon, e war an der Selektioun a kloer de beschte Film fir eis”, sot de Lëtzebuerger Realisateur Christophe Wagner, Member vun der Jury vun der offizieller Kompetitioun.

Lauschtert de Christophe Wagner no der Präisiwwerreechung dëse Freideg am Utopolis, am Interview mam Michel Delage:

ITW Wagner

Christophe Wagner

Dem Film-Veteran Aki Kaurismäki säi Wierk huet deemno néng aner Long métragen an de Schied gestallt: “parce qu’il nous a fait rire, parce qu’il nous a ému, parce qu’il aborde un sujet qui nous semble essentiel en ces temps sombres, et qu’il l’aborde surtout d’une manière à la fois extrêmement pertinente et extrêmement originale”, huet d’Jury hire Choix motivéiert.

“The Other side of hope” erzielt d’Geschicht vun engem syresche Flüchtling, deen a Finland versicht politeschen Asyl unzefroen. De Kaurismäki ass bekannt fir säin dréchnen Humour, säi lakoneschen Erzielstil, säi Goût fir dat Almoudescht a seng lénk politesch Positiounen. An sengem neiste Film, deen och bal zu Lëtzebuerg dierft ulafen (Coup de coeur vum 100,7!), ass dat net anescht.

D’Pressejury huet hirersäits déi bulgaresch Tragi-Comédie “Glory” vum Duo Kristina Grozeva a Petar Valchanov priméiert. An deem Film geet et ëm ee klengen Eisebunner, dee vun enger korrupter politescher Elite instrumentaliséiert an ënnerdréckt gëtt.

D’Kritiker hunn des weideren de chinesesche Bäitrag “I am not Madame Bovary” vum Feng Xiaogang mat enger mention spéciale ervir gehuewen.

James Baldwin am Documentaire "I am not your negro"

Dem haitianesche Realisateur Raoul Peck säin “I am not your negro” huet sech géint sechs aner Wierker an der Documentaire-Kompetitioun duerchgesat. De Rassenhaass an d’Ënnerdréckung vun der afro-amerikanescher Populatioun an den USA gëtt aus der Perspektiv vum bekannte Schrëftsteller James Baldwin kommentéiert. De Baldwin, dee selwer mam Haass a sengem Land konfrontéiert war, war an der Zäit nom Zweete Weltkrich ee wichtegen amerikaneschen Intellektuellen.D’Jury vun den Documentairen huet dem Raoul Peck säi Film mat deene Wierder gelueft:

"Non seulement il parvient à restituer la prodigieuse pensée de l’écrivain James Baldwin et sa formidable puissance d’élucidation, alors que l’adaptation d'un texte au cinéma n’est jamais tâche facile, mais il réussit à révéler, avec un récit écrit il y a plusieurs décennies, l’histoire de la lutte de la population noire américaine jusque dans ses développements les plus actuels. En faisant revivre cette voix profondément singulière, il articule certaines des problématiques les plus décisives pour notre présent troublé et, par bien des aspects, régressif. Sondant la profondeur de l’âme humaine, il invite chacun de nous, par-delà l’appartenance sociale et raciale, à se questionner sur sa vie, son point de vue, ses croyances et ses convictions les plus profondes. Ce film nous ouvre les yeux et nous aide à penser l’autre."

De Raoul Peck konnt net zu Lëtzebuerg sinn, fir säi Präiss z’empfänken. Hie gouf vertruede vu sengem Produzent Rémy Grellety:

ITW Grellety

Rémy Grellety, Produzent vun "I am not your negro"

De Publikumspräiss geet un “Dark Knight” vum Amerikaner Tim Sutton. De Film analyséiert d’Stëmmung an enger Stad aus dem Colorado Deeg virum Amoklaf an engem Kino am Joer 2012.

Zween aus "Dark Knight" (Foto: DR)

De Prix du jeune publique kritt déi schwedesch Realisatrice Amanda Kernell fir hire “Sami Blood”. Erzielt gëtt de schwierege Parcours vun engem jonke Meedchen aus enger minoritärer Ethnie am Norde vu Schweden, dat sech an déi dominant Kultur wëll integréieren awer net akzeptéiert gëtt.

Zween aus "Sami Blood" (Foto: DR)

De Prix enfants geet un “Auf Augenhöhe” vum Evi Goldbrunner a Joachim Dollhopf, während “Richard der Storch” als Coup de coeur des enfants belount gëtt.

Bei dëser siwenter Editioun vum Luxembourg Film Festival hate bis den um Owend vun der Präisiwwerreechung eng 15.700 Spectateuren de Wee an d’Kinossäll fonnt, 10% méi wéi d’lescht Joer. De Festival dauert nach bis e Sonndeg.

Lauschtert dem Maxi Pesch säi Bäitrag iwwert de Palmarès vum LuxFilmFest 2017:

Palmarès LuxFilmFest 2017

Méi zum Thema

Dark Night 3 (c) DR.jpg
Luxfilmfest

"Dark Night" heescht e Film vum amerikanesche Realisateur Tim Sutton, deen um Luxembourg City Film Festival leeft. Ee Wuertspill op dem Christopher Nolan säi Batman-Film "The Dark Knight Rises".

Forever Pure
Luxfilmfest

"Forever Pure" ass kee Film iwwert Futtball. Dem Maya Zinshtein säi passionanten a brutalen Documentaire weist, wéi de Rassismus ee Club an eng ganz Societéit zerstéiert. E Gespréich mam Kameramann.

The Film Collaborative. All Rights Reserved
Luxfilmfest

Den Documentaire "Tower" analyséiert de Courage an d'Zerbriechlechkeet vun de Mënsche géigeniwwer dem gréissten Iwwel. Unhand vun engem Amoklaf kreéiert de Keith Maitland e visuellt Gedicht.

Tutti a Casa 1 (c) Magic Hour Films.jpg
LuxFilmFest

Den dänesche Film "Tutti a casa - Power to the People" iwwert den italienesche "Movimento Cinque Stelle" leeft an der Docu-Kompetitioun. De Michel Delage ass net ganz iwwerzeegt.

Rusudan Glurjidze.JPG
LuxFilmFest

D'Konsequenze vum Biergerkrich a Georgien, Uganks den 90er Joren, dat ass de Sujet vun "House of others". De Film leeft an der offizieller Kompetitioun. Interview mat der Realisatrice Rusudan Glurjidze.

glory
Luxembourg City Film Festival

De bulgaresche Film "Glory" stellt déi mënschlech Relatiounen an engem ongerechte System an de Mëttelpunkt. En éierlechen a beweegende Film. Interview mam Haaptacteur a Co-Zeenarist.

Ray Liotta.JPG
Ray Liotta

De Ray Liotta ass op Besuch beim Filmfestival. Am Interview mam radio 100,7 schwätzt den Acteur iwwer säi leschte Film "Sticky Notes", iwwer romantesch Rollen an den Iwwerfloss vu Superhelden.

Sami-Blood-01-(c)-DR.jpg
Luxembourg City Film Festival

"Sami Blood" erzielt d'Revolt vun engem jonke Meedchen am Schwede vun den 1930er Joren. Gläichzäiteg geet d'Wierk op d'Schicksal vun enger ënnerdréckter ethnescher Minoritéit am skandinavesche Land an.

The-Lost-City-of-Z-(c)-DR.jpg
Luxembourg City Film Festival

Mam James Gray a mam Charlie Hunnam geet et an dat brasilianescht Heart of Deakness. Trotz gewaltegen an epesche Bildkompositioune verpasst de Film et de Spectateur richteg ze fesselen.

Clint Bentley an Greg Kwedar.JPG
Luxembourg City Film Festival

Den amerikanesche Film Transpecos ass ee faszinante Thriller, deen d’Loyalitéit vu Polizisten op der amerikanesch-mexikanescher Grenz op d’Prouf stellt. Interview mam Realisateur a mam Co-Zeenarist.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen