Duerch Europa geschéckt, dat heescht och op Lëtzebuerg ... Aacht Kreatioune sinn op de Bühne vun der Banannefabrik an der Abtei Neimënster ze gesinn.
Eng dovu ass "Scarabeo": Déi zwee Choreographen an Dänzer Andrea Costanzo Martini an Avidan Ben Giat begeeschtere mat enger Performance, déi eng Zort Parodie op de klassesche Ballet ass. Geet et ëm Léift oder ëm Zwietracht? Sinn et Mënschen oder Marionetten? Alles ass immens expressiv, voller Emotiounen a Humor; net just de Kierper, mee och d'Mimik, d'Musek a Geräischer.
De Bernard Baumgarten sicht zesumme mat der Ainhoa Achutegui, der Directrice vun der Abtei Neimënster déi pregnantst Projeten aus. "Mir kucken ëmmer déi gréissten Diversitéit dran ze bréngen. Mir hunn dat haut mat engem ganz extrovertéierten Duett ee ganz an engem Solo gesinn, dee ganz introvertéiert ass."
Den Optrëtt vum Australier James Batcheler, eng Etüd vum Kierper, ass wierklech immens introvertéiert. Alles a slow-motion, no banne gekéiert, verkläert a mystesch, erënnert mat Momenter un d'Beweegunge vun enger Gottesanbeterin. Den Dänzer verzitt keng Minn, kommunizéiert just mat sech selwer, schaaft eng nei Realitéit, déi de Publikum reegelrecht an eng nei Dimensioun versetzt.
"Et gëtt nach vill méi Verrécktes an Diversifizéiertes gebueden, mir hunn och wierklech Stécker erausgesicht mat vill Leit op der Bühn, mir hunn och e Clin d'oeil, "L'Après-midi d'un faune" vum Nijinsky. Dat ass eigentlech e Stéck aus de 20er Joren, dat revisitéiert gëtt a mat ganz extrovertéierte Kostümer. "Op der anerer Säit hu mir dann en anert Stéck, dat sech un déi ganz Exercicen aus dem Militär orientéiert, an doraus eng Choreographie entsteet."
Gebuede ginn och déi griichesch Choreographin Sofia Mavragani, déi elo zwou Wochen an der Kënschtlerresidenz an der Abtei Neimënster geschafft huet an hir Kreatioun dann dem grousse Public virstellt.
Mat Aerowaves, engem zäitgenësseschen Danz-Festival feieren d'Abtei Neimënster an den Trois C-L hir Rentrée. Kënschtler aus der ganzer Welt gi sech fir aacht Presentatioune Rendez-vous.
Zäitgenësseschen Danz huet grousse Succès, och zu Lëtzebuerg, trotzdem ginn et nach Beréierungsängschten, an deem entgéintzewierken ass och en Uleies vun den Organisateure vum Danz-Festival.
"Mir wëllen awer och Danz hunn op der Bühn, et gi ganz vill Projeten, déi si ganz fantastesch a groussaarteg, mee do feelt et heiansdo e bëssen u Beweegung fir e Public, deen net esou dacks Danz ukucke geet. Et ass awer dat, wat mir wëllen, datt d'Leit Loscht hunn an den Danz ze goen. Et ass esou eppes wéi den ABC, wat an Europa grad am Danz gebuede gëtt."
Nieft dem Kënnen, der Ästhetik, der Choreographie bitt den zäitgenësseschen Danz e weideren Aspekt, deen dem Bernard Baumgarten wichteg ass beim Choix vun de Kreatiounen. Stécker sollen och déi jonk Generatioun uschwätze mat sozialen, ekologeschen a politeschen Sujeten.
An dat vun a mat Kënschtler a Kënschtlerinnen aus ganz Europa, "dat geet vu Moskau bis Zypern", erkläert de Bernard Baumgarten.
Wéi gëtt dann de Choix gemaach fir déi auszewielen, déi schlussendlech ze Lëtzebuerg optrieden?
"Ech si selwer am Jury, dat heescht, et sinn ongeféier 600 Kandidaten, déi sech presentéieren, de groussen Deel vun de Videoe muss een da selwer kucken, an da kritt een Avise vu Partner an zum Schluss kucke mir dann déi Videoen, déi am Nooste bei d'Erwaardunge kommen, an da ginn déi 20 ausgewielt, an da siche mir eis vun deenen 20, nee, vun deene 40, well mir et jo all zwee Joer maachen, der aacht bis zéng Projeten eraus, déi mir dann hei zu Lëtzebuerg weisen."