Abbaye Neumünster: Neie Verwaltungsrotspresident gëtt gesischt

Zënter puer Méint gëtt no engem Successeur vum Guy Dockendorf gesicht, un der Spëtzt vum Verwaltungsrot vum “Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster”. Dat geet ervir aus der Äntwert vun der DP-Kulturministerin Maggy Nagel op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

Am 100,7-Interview seet de pensionéierte Premier Conseiller de Gouvernement a fréiere Coordinateur Général am Kulturministère, hien hätt dat net gewosst, an dass hien déi Aarbecht gäre viru gefouert hätt. Den 23. Dezember hat d'Ministerin dem Guy Dockendorf matgedeelt, datt sie sech net gebonne fillt duerch d’Engagementer vun hirer Virgängerin Octavie Modert (CSV).

1989 ass de fréiere Enseignant Guy Dockendorf vum Jacques Santer an de Kulturministère geruff ginn. No senger Pensioun am Oktober 2010 war de Guy Dockendorf an enger Rei Verwaltungsréit vu Kulturinstituter vertrueden. Deen eenzege Posten, dee remuneréiert ass, ass deen un der Spëtzt vun der Abtei Neimënster.

Lauschtert den Interview mam Guy Dockendorf, d'Froe stellt d'Mick Entringer:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen