Abbaye de Neumünster: Ainhoa Achutegui nei Direktesch?

Déi aktuell kënschtleresch Directrice vum CAPE zu Ettelbréck, d’Ainhoa Achutegui, dierft Nofolgerin vum Claude Frisoni un der Spëtzt vum Kulturzenter Abbaye de Neumünster ginn.

D’Ainhoa Achutegui huet eis de Moien op Nofro confirméiert, datt si déi eenzeg Kandidatin ass, déi de Verwaltungsrot vun der Abtei Neimënster der Kulturministerin proposéiert huet. Nach géif et awer kéng offiziell politesch Bestätegung ginn. Si hätt och nach net als Directrice vum “Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker” zu Ettelbréck demissionéiert.

De President vum Verwaltungsrot Guy Dockendorf huet eis gesot, datt déi 9 Membere vum Conseil, de 7. November eestëmmeg decidéiert hunn, der Ministerin d’Ainhoa Achutegui ze proposéieren, als nei Directrice vum Etablissement public Abtei Neumünster.
en Donneschdeg hate mir gemellt, datt d'Octavie Modert d’Propositioun vum Verwaltungsrot net wëllt approuvéieren: et wier un hirem Nofolger dat ze maachen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen