CinEast 2016 Aacht Geschichten an Eelef Minutten

De Jerzy Skolimowski verbënnt a sengem neie Film "11 Minutes" op eng experimentell Manéier aacht verschidde Geschichten. De Polnesche Regisseur weist dem Zuschauer wéi seng Personnagen der Zäit ënnerleeë sinn. D'Aktioune vum Film spille sech an engem Zäitraum tëscht fënnef Auer an eelef Minutten op fënnef of.

Jamie Reinert / jcm / cwi

Eleven Minutes
Eleven Minutes. Foto: Cineuropa.

De Jerzy Skolimowski gouf dëst Joer um Film Festival zu Venedeg mam Gëllene Léif fir säi Liewenswierk ausgezeechent. Den 78 Joer ale polnesche Moler, Schauspiller a Regisseur ass duerch Filmer wéi "Deep End" oder "Four Nights with Anna" bekannt ginn. Hie gehéiert zum sougenannten "Drëtte Polnesche Kino" - dat si Jonk Artisten, déi nom Krich opgewuess sinn an déi déi kommunistesch Gesellschaft a Fro gestalt hunn. De Jerzy Skolimowski huet sech fir ee méi perséinleche Kino engagéiert an hien huet ënnert anerem mat sengem Compatriot Roman Polanski zesummegeschafft.

Fir säin neie Film "11 Minutes" huet de Jerzy Skolimowski sech sreng Ziler gesat. De ganze Film spillt sech an engem Mëtteg, zu Warschau, tëscht fënnef Auer an eelef Minutten op 5 of. De Realisateur huet sech ee populäre Film-Genre ugëeegent: Dee vu Mini-Geschichten an deenen d'Liewe vu verschidde Mënschen sech kräizen. Filmer wéi dem Paul Haggis säi "Crash" oder dem Alejandro Gonzalez Inarritu säi "Babel" si klassesch Beispiller.

De Jerzy Skolimowski dréit dëse Genre awer op d’Kopp. Am "11 Minutes" presentéiert hie keng Personnagen, déi duerch hier Problemer matenee verbonne sinn. Hien ënnersträicht wéi si vun enee getrennt sinn obwuel si sech iwwert de Wee lafen.

Eng Welt voller den Zoufall

Am Film begéint den Zuschauer engem Hot-Dog Verkeefer mat enger donkeler Vergaangenheet. Engem jalouse Mann. Deem senger attraktiver Fra, déi vun engem onmoralesche Produzent ausgefrot gëtt. Engem nervösen Drogeverkeefer, deen op sengem Motorrad duerch d’Stroosse vu Warschau düüst. An nach villen anere Personnagen. Si liewen an enger Welt an där näischt sécher ass. An där den Zoufall iwwerhand huet.

Dem Skolimowski seng Technik ass impressionnant. Déi verschidden Narrative gi spilleresch a fléissend aneneen iwwer. Repetitiv Elementer wéi ee Fliger deen iwwert d’Stad flitt, erlaben et dem Zuschauer, déi divers Geschichten zäitlech ze placéieren. Laangwiereg ass de Film net. Déi nervös Musek a Klanggestaltung ënnersträichen de Chaos, dee sech lues a lues opbaut. Déi hektesch Kameraféierung hält d’Tensioun op engem Maximum.

Plaz fir Interpretatioun

Den "11 Minutes’" ass ee Film vun engem ale Mann, en ass dofir awer net verstëbst. De Film léisst bewosst genuch Plaz fir Interpretatioun, déi vum explosive Schluss ofhängt."11 Minutes" kann een als Kritik vun de modernen Technologië gesinn. De Film spiggelt de Chaos erëm, deen duerch déi wuessend Präsenz vun den digitale Kamerae kreéiert gëtt. An e weist, wéi schlussendlech d’Bild d’Wourecht awer net festhale kann. Et ass en ergräifende Film, deen engem net esou schnell aus dem Kapp geet.


"Eleven Minutes" ass den 13. Oktober am Kader vum CinEast Festival gelaf a gëtt de Méindeg 17. Oktober nach emol gewisen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Andrzej Wajda
CinEast 2016

De CinEast-Festival dediéiert dem polneschen Cineast Andrzej Wajda eng Retrospektiv. Si war fir säi Gebeurtsdag geduecht. Elo ass si awer posthum, de Cineast ass während dem Festival verstuerwen.

Illegitimate
CinEast 2016

De rumänesch Kino ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn. Dem Adrian Sitaru säi rezentste Wierk erzielt d'Geschicht vun enger onmoralescher Léift a wéi een domat ëmgeet.

Death in Sarajevo
CinEast 2016

"Death in Sarajevo" ass eng politesch a sozial Allegorie vun der Situatioun am modernen Europa. De Film spillt am Hotel Europa zu Sarajevo, um Centenaire vum Doud vum Franz Ferdinand.

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen